Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Privatiséierung an Outsourcing: De Staat muss sech endlech um Bidong rappen!
International Neiegkeeten

Privatiséierung an Outsourcing: De Staat muss sech endlech um Bidong rappen!

E Méindeg huet sech eng Delegatioun vum LCGB mam Minister

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum
International Neiegkeeten

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum

No villem „hin an hier“ ass et e Méindeg am

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung

Um Méindeg hat den Educatiounsminister Claude Meisch eng Entrevue mat

Sozialdemokrate feiere „Comeback“ bei de Chamberwahlen a Finnland

Zentrumspartei vu Ministerpresident Sipilä geréit an d‘Schleideren

Sozialdemokrate feiere „Comeback“ bei de Chamberwahlen a Finnland

Laut den ëffentlech-rechtleche Medien a Finnland, kënnen sech d‘Sozialdemokraten (SPD) op eng Wahlvictoire freeën. Si sollte mat 40 vun 200 Mandater (+6 Sëtzer) déi stäerkste politesch Kraaft am Land ginn.

Direkt hannert de Sozialdemokraten, kommen déi „Brong“. Esou kommen d‘Rietspopuliste vun „Perussuomlaiset“ (D‘Finnen) op 39 Mandater, an déi konservativ national Sammlungspartei (Kokoomus) op 38 Mandater. Dem Ministerpresident Juha Sipilä seng Zentrumspartei muss sech mat 31 Mandater an der véierter Plaz zefridde ginn. Si ass vum Wieler däitlech desavouéiert ginn.

Finnland

Eng ganz Rei vun den Oppositiounsparteien aus dem lénke politesche Spektrum, zu deenen och d‘Sozialdemokraten zielen, hu gutt zougeluecht. Dat ganz grousst Lous hunn déi gréng (Vihreät De Gröna) gezunn, déi mat 23 Mandater (+8) stäerkste Koalitiounspartner vun der SPD kéint ginn. Dat lénkst Bündnis (Vasemmistoliito) verbesseren sech och ëm 3 Mandater, a kommen op 15 Sëtz.

Regierungsbildung?

Ugesiichts de Resultater an der Verdeelung vun de Mandater, muss ee realistesch bleiwen a sech agestoen, datt eng Regierung ze bilden, ënnert dësen Ëmstänn eng Erausfuerderung duerstellt. Déi dem lénke politesche Spektrum zougerechent Parteie kréie keng Majoritéit zesummen, firwat et zu enger Koalitioun vu „Mëtt-Riets“ komme kéint, wann déi sech mat der Finne-Partei eens ginn.

Finnland

Hale mir nach fest (de Fall gesat et stellt e sech d‘Fro firwat mir doriwwer beriichten), datt dës Chamberwahlen a Finnland och hisichtlech den EU-Wahlen (23. – 26. Mee) fir eis vu Bedeitung sinn. Zum engen iwwerhëlt Finnland den 1. Juli d‘EU-Presidence, zum aneren hunn déi finnesch Populiste wëlles innerhalb den EU-Institutiounen eng gréisser „Verantwortung“ ze iwwerhuelen.

Si schénge gewëllt mat der Lega Nord (Italien), dem Rassemblement National (Frankräich) an der AfD (Däitschland) eng Allianz vun de Rietspopulisten ze grënnen, där sech och eng Fidesz (Ungarn) uschléisse kéint, falls de Victor Orban nees en Aussetzer huet, a vun der europäescher Vollekspartei (EPP) an d‘Wüst geschéckt gëtt. Et heescht gutt uecht doe wou ee säi Kräiz mécht…

mat indymedia/hel/sto

Foto: Merja Partanen/Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen, Finnland, Kokoomus, Perussuomlaiset, Sosialidemokraatit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel