Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag
dating gatherings

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag

Leschte Mëttwoch ass et an de Raimlechkeete vum nationale Conciliatiounsbüro

example online dating messages
dating gatherings

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen

Beim leschte Kaffi-Croissant mam Stater Schäfferot, stoungen nieft klenger Sujeten,

Tilly Metz: Ee Verbuet vum Palmenueleg?
dating gatherings

Tilly Metz: Ee Verbuet vum Palmenueleg?

D’EU-Kommissioun huet gëschterdem Europäesche Parlament de Projet zum reduzéierte Gebrauch

Chamberwahlen: eng zweet Ronn fir Gambia?

Koalitiounsregierung vum Wieler bestätegt, Piraten an ADR sinn d‘Gewënner

Chamberwahlen: eng zweet Ronn fir Gambia?

War dat Spannend… zumindest wann een de Wahlowend op RTL verfollegt huet, konnt een dësen Androck vermëttelt kréien. D‘Oppositiounsaarbecht vun der CSV ass net belount ginn, an d‘LSAP krut vum Wieler déi „giel Kaart“ gewisen. Behaapte konnten sech déi gréng an d‘Piraten.

Mat engem Bléck op d‘Sëtzverdeelung an der Chamber, stinn d‘Aussiichte fir en zweet Mandat vun der aktueller Koalitiounsregierung ganz gutt. Zudeem, och wann d‘Gespréicher hanner zouen Diere gefouert goufen, schéngen sech d‘Koalitiounspartner eens ze sinn. Als stäerkste Kraaft vun der Gambia-Koalitioun huet sech d‘DP, trotz engem verluerene Mandat, ervir gedoen. D‘LSAP verléiert 3 Sëtz, déi gréng kréien der 3 bäi. Gambia behält esou mat 31 Mandater d‘Majoritéit.

De grousse Verléierer ass d‘CSV. Si verléieren zwee Mandater, nodeems si vun de Medie als Favorit bewäert goufen. Si bleiwen awer mat 21 Mandater déi stäerkste Politesch Kraaft am Land. Fir eng Koalitioun mat der CSV kommen nëmmen d‘LSAP (10) oder d‘DP (12) a Fro. Ugesiichts den Differenzen déi se trennen, kann een dat allerdéngs ausschléissen. Déi gréng hu mat engem Stëmmenzouwues vun +4,99% hiert denkbar beschte Resultat an der Parteigeschicht erreecht.

Oppositioun mat neie Gesiichter

Beim ADR ass een trotz engem ganz erquickleche Resultat (+1,64%) net ganz zefridden. Denkbar knapp hu si d‘Mandat am Oste verpasst, firwat sech op neits iwwert de Wahlsystem geiergert gëtt. Hei géif een et sécherlech begréissen, wann déi onséileg Wahlbezierker ofgeschaaft géifen, wat och zu méi Gerechtegkeet féiere géif. Esou zumindest d‘Meenung vun den ADR-Spëtzekandidaten

ChamberwahlenRichteg zefridden, an den eigentleche Gewënner bei dëse Chamberwahlen: d‘Piraten! Déi wollt keen „um Schierm gehat hunn“. Weder St. Paul, nach Editpress, hunn hinne Chancen zougetraut, an och bei Bertelsmann TV war een iwwerzeegt, dat „déi vu Koplescht“ kee Mandat géifen erhalen. Ma do hunn der wuel e Puer d‘Rechnung ouni de Wiert gemaach. Si hunn sech ëm 3,51% verbessert an erhalen esou zwee Direktmandater (Sven Clement a Marc Goergen).

Enttäuscht vum Resultat sinn déi lénk. Si goufen dës Kéier net vum Wieler fir eng konsequent a konstruktiv Oppositiounsaarbecht belount. Si kënnen zwar zouleeën (+0,54%) léien um Enn mat 5,48% awer nach hannert de Piraten. Ganz batter ass et fir d‘KPL (-0,37%) ausgaangen. Si waren ugetruede fir Verännerung, méi Soziales a besser Bildung. D‘KPL wäert allerdéngs, och wann et op e neits net fir e Mandat duer gaangen ass, och weiderhin d‘Regierung kritesch begleeden.

De Jackpot huelen sech déi gréng

Wann en op d‘Wahle vu 2013 zréckbléckt, fält engem op, datt sengerzäit déi gréng eenzeg als „Junior-Partner“ an d‘Koalitioun agetruede waren. Si hunn an der Regierung konsequent hire Programm duerchgezunn, ouni dofir de Koalitiounspartner „op d‘Féiss ze trëppelen“. D‘Minister goufe vun de Wieler bestätegt, de Wahlprogramm bereetwëlleg ugeholl, an elo hu si 9 Mandater.

ChamberwahlenDomatter stinn se op Aenhéicht mat de Sozialisten, déi nieft 2 Deputéierten (Claudia Dall‘Agnol an Taina Bofferding) och nach d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch „verluer“ hunn. Et wäert also bei de Koalitiounsverhandlunge fir d‘LSAP enk ginn, sech op bestoend Ministèren ze behaapten. Woubäi unzehuelen ass, datt wa Gambia an déi zweet Ronn geet, d‘LSAP hir Schlësselpositioune behale wäert. Déi demokratesch Partei (-1,34%) beweist Stabilitéit, a sollt de Premier stellen.

Randnotiz: 259.887 Wieler waren ageschriwwen. Et sinn 233.014 Wahlziedelen ausgefëllt ginn, an dovunner waren der 216.177 gülteg. Wäiss Ziedelen huet et der 6.957 ginn, ongülteg waren 9.880 Stëmmziedel. D‘Bréifwahl ass vun 38.276 Wieler genotzt ginn. Insgesamt waren 3.787.779 Stëmmen ze verginn, genotzt goufen der 3.529.969.

Foto: © Laurent Mehlen

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, CSV, déi gréng, déi lénk, DP, KPL, LSAP, Piraten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel