Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn
Neiegkeeten

Attentater op Politiker weisen, wéi gewaltbereet Rietsextremer sinn

Et si schlëmm Noriichten, déi een al Dag erreechen. Zënter

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett
Neiegkeeten

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett

De Staat Texas huet um Donneschdeg en Mann higeriicht, dee

cool
Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot
Neiegkeeten

Gewalt géint Fraen a Mënscherechter am Fokus vum Regierungsrot

De Summer geet op en Enn, an net nëmmen d’Gemengewahle

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI

Wann ee bedenkt, datt 2013 nach all eis politesch Parteien den „demokrateschen Defizit“ bedauert, an de Sprooch wéi de (falsche) Patriotismus denoncéiert hunn, da kann een d‘Suerge vun der ONG „ASTI“ verstoen. Haut ass et déi „identitär“ Fro, déi sech an d‘Chamberwahlen amëscht.

An et ass och richteg, datt ausser am Programm vun déi lénk an déi gréng, den „demokrateschen Defizit“ kee „Sujet“ ass, mat deem sech d‘Parteien am Wahlkampf ausenanersetzen. Op datt eleng dem grëndlech versaute Referendum geschëlt ass, wéi dat vun der ASTI-Presidentin ugefouert gëtt, ass dann och net wierklech vun der Hand ze weisen. Ze behaapten, datt dës Campagne d‘Sich nom beschte Patriot ass, wéi et de Spriecher vun der ONG, Sérgio Ferreira, gemaach huet, ass gewot.

Dee wëll festgestallt hunn, datt dee Punkt deen all d‘Parteie verbënnt, déi Lëtzebuerger Sprooch ass. D‘Sprooch awer wier sengerzäit d‘Argument vun de Rietsextreme gewiescht, mat deem si d‘Auslänner am Land wollten ausgrenzen. Haut, esou d‘ASTI, ass déi identitär Fro „Mainstream“ ginn, egal op am politeschen oder medialen Discours. Dat wier brandgeféierlech, esou de Spriecher.

Exzessive Patriotismus?

Fir d‘ASTI, ass den „exzessive Patriotismus“ an alle Programmer enthalen, an et soll der esouguer ginn, déi vum „Stacklëtzebuerger“ schwätzen. Bei der ASTI ass een enttäuscht an erstaunt zugläich. „Wou sinn d‘Versprieche vun de Kandidaten am Bezuch op d‘Integratioun?“, freet sech de Sérgio Ferreira, deen a kengem vun de Programmen eppes Koherentes zu dësem Sujet fonnt huet.

Laut der Presidentin Laura Zuccoli, gëtt ze vill iwwert d‘Identitéit geschwat, an net genuch iwwer Weeër a Léisungen, wéi een déi vill Mënschen an d‘Gesellschaft integréiere kann. Kee Wuert iwwert den Ausbau vun de Sproochecoursen, déi et de friemlännesche Matbierger erlabe sollen an der Landessprooch ze kommunizéieren. Et géif dann och net duer goen, Formatiounen unzebidden. Fir d‘Sprooch ze beherrschen, muss een se och (am Alldag) benotzen.

Mee fir se am Alldag ze benotzen, brauch et och Uspriechpartner. D‘ASTI, déi sech fir de Kontakt an den Austausch tëscht Lëtzebuerger an den auslännesche Matbierger asetzt, bedauert dann och, datt de „Stacklëtzebuerger“ sech hei zréckhält. Dëse Lëtzebuerger, deen ëmmer d‘Sprooch vun der Persoun déi him géinteniwwer steet, unhëlt. Wéi soll den Auslänner do d‘Sprooch beherrschen?

Revendicatiounen

Ënnert de sëlleche Revendicatiounen déi D‘ASTI huet, ass och d‘Fuerderung no enger „proaktiver an interdisziplinärer Politik“ fir d‘Beräicher: Immigratioun an Integratioun. Eng Verantwortung déi d‘ASTI net eleng bei de Parteien an de Kandidate gesäit, mee déi eis ganz Gesellschaft iwwerhuele muss. Sollt dat net méiglech sinn, steet déi sozial Kohäsioun um Spill…

„Et muss ee sech der gemeinsamer Verantwortung bewosst ginn, eng Zesummenaarbecht tëscht de privaten a politeschen Acteuren erméiglechen. Net alles wat ‚Auslännesch‘ ass, fält ënnert d‘Verantwortung vum OLAI

Hei gëtt dann och ëmmer nees bedauert, datt „Integratioun“ keng politesch Prioritéit fir Lëtzebuerg ass. Eng Ausso déi d‘ASTI domatter begrënnt, datt een de leschten Aktiounsplang „Integratioun“ auslafe gelooss huet, an et eng nei Versioun just siwe Méint virum Lancement vum Wahlkampf op den Dësch geluecht ginn ass. Esou mengt d‘ASTI, datt wuel vill vu Wuesstem geschwat gëtt, net awer vun der Roll déi d‘Auslänner an d‘Grenzgänger, an der Lëtzebuerger Wirtschaft spillen.

D‘ASTI fuerdert, datt sech d‘Gemenge méi seriö mam Accueil an der Integratioun beschäftegen. Si wëllen d‘Regel zur Dauer vum Openthalt – déi aktuell op fënnef Joer festgeluecht ass – ofschafen, a jidderengem den Zougang zu de Gemengewahlen erméiglechen. Si hätten et och gären, datt d‘Salariatskummer en direkt Recht op déi legislativ Initiativ erhale soll, déi eenzeg Institutioun, déi d‘Salariéeën – op Resident oder net – gläichermoosse vertrëtt.

Jidderee soll wielen!

Gefuerdert gëtt dann och nach, datt d‘Auslänner, grad ewéi d‘Lëtzebuerger, automatesch an de Wielerlëschten agedroe ginn. D‘Wahlrecht fir d‘Auslänner muss agefouert ginn, esou d‘ASTI, déi d‘Wahlrecht net un der Nationalitéit, mee um Wunnuert wëll festmaachen. Wéi d‘Politik, déi sech jo ëm d‘Gonscht vum Wieler beméit, dat soll ëmsetzen, erkläert d‘ASTI leider net.

Si bedaueren, datt d‘Iddi vun der Aféierung vun engem Observatoire fir Rassismus, Antisemitismus a Xenophobie sech „verflüchtegt“ huet, esou sinn dës Problemer net verschwonnen. Si hunn dann och éischter Zougeholl, wat sécherlech dem Ëmgang mat de sozialen Netzwierker geschëlt ass, mee och e Beweis dofir ass, datt sech Lëtzebuerg mam ëffentlechen Debat schwéier deet. Et kéint a bal mengen, datt den Opschwong vu Populismus a Rietsextremismus d‘Land net beréiert.

D‘ASTI leet dann och déi eege Conclusioune vir, an heirauser muss een zitéieren: „Déi demokratesch Parteie mussen all Ustrengungen ënnerhuelen, fir eng effektiv Representatioun vun den 49% ‚net-Lëtzebuerger‘ Awunner an hiren Exekutiv-Organer ze erreechen. Esou wéi si sech ugestrengt hunn, fir et zur Paritéit tëscht Mann a Fra ze bréngen“.

Foto: (v.l.n.r.) Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI, an de Sérgio Ferreira, Pressespriecher vun der ASTI. © ASTI

Ähnlech Sujeten ASTI, Chamberwahlen 2018, Grenzgänger, Integratioun, Lëtzebuerger Sprooch, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel