Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot
Neiegkeeten

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot

Laut engem Communiqué vun der Stater KPL-Sektioun hätt eist ganzt

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen
Neiegkeeten

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen

Reesen tëscht dem Kontinent a Groussbritannien, sanitär Kontrollen, perséinlech Daten:

Kënnt et haut zur Regierungsëmbildung?
Neiegkeeten

Kënnt et haut zur Regierungsëmbildung?

Et geet eisem Justizminister Félix Braz (déi gréng) gesondheetlech net

Chamberwahlen: D‘Nummere fir d‘Wahllëschten si verginn

Chamberwahlen: D‘Nummere fir d‘Wahllëschten si verginn

Leschte Freideg sinn um Geriicht zu Lëtzebuerg d‘Nummere vun de Wahllëschte gezu ginn. Iwwerwaacht gouf dat ganzt vun der Presidentin vum Geriicht, Joséane Schroeder. Op a wéi eng Roll déi Nummer vun der d‘Wahllëscht bei de Parteie spillt, versiche mir hei kuerz ze klären.

Lëscht1: Piratepartei

Déi nach jonk Partei ënnert der Leedung vum President Sven Clement, dierft erfreet sinn, well et hinnen eng „aner“ Visibilitéit gëtt, mat der Lëscht 1 an d‘Wahlen ze goen. Mee gesi ginn, ass nach kee Kräiz, an esou kann ee dovunner ausgoen, datt et keen oder wéineg Impakt op de Wieler wäert hunn. Et sinn um Enn de Programm an d‘Argumenter déi de Wieler iwwerzeege mussen.

Lëscht 2: Déi gréng

Bei déi gréng, war d‘Zuel déi um Enn op der Wahllëscht steet eigentlech nach eppes wouriwwer e sech hätt misse Gedanke maachen. Si verloossen sech op hire Programm, d‘Kandidaten an hir Militanten, fir de Wieler ze iwwerzeegen. Si hunn sech an der Koalitiounsregierung net schlecht „geschloen“ an d‘Vertrauen, datt si maache wat si verspriechen, sollt beim Bierger ukomm sinn.

Lëscht 3: LSAP

Och bei de Sozialisten dierft d‘Nummer vun der Lëscht keng Roll spillen, well och hinnen ee gudde Programm méi wäert ass. Dat verhënnert net, datt een och bei der LSAP natierlech gutt Siichtbar wëll sinn. A méi wei op de Panneauen, ass et um „Ziedel“ wou et gëllt gesinn ze ginn. Mat der N°3 ass zumindest séchergestallt, datt si dem Wieler (nach) direkt an d‘Ae sprangen.

Lëscht 4: CSV

Bei de Konservativen huet ee sech iwwert d‘Nummer vun der Wahllëscht eigentlech nach ni Suerge gemaach. An der CSV ass et, wéi bei allen aneren, de Programm an de Kontakt mam Wieler deen den Ausschlag gëtt. Wien seng Leit (an och déi aner) net mat gudden Argumenter iwwerzeege kann, erreecht dat och net mat enger Nummer op enger Wahllëscht. Hei dierft op Bewäertes gesat ginn.

Lescht 5: KPL

Fir d‘Kommunisten, deene wéineg Chance zougerechent ginn en Deputéierten aus de Walen ervirzebréngen, spillt déi reng Nummer vun der Wahllëscht och kaum eng Roll. Si konzentréieren sech wéi bei alle Walen op de Kontakt zum Wieler. Dësen ze iwwerzeegen eng reell Alternativ ze sinn, mat der Garantie uerdentlech Oppositioun ze maachen, ass et wat et gëllt ze erreechen.

Lëscht 6: Demokratesch Partei

Bei den Demokraten, déi mam „Premier-Bonus“ an d‘Chamberwahle ginn, ass irrelevant op elo d‘Nummer „6“ méi oder Manner visibel kéint sinn. Si sinn dann och iwwerzeegt Verantwortung iwwerholl, an op e neits ee richteg wäertege Programm ausgeschafft ze hunn. Wann de Bierger d‘Leeschtung vun der DP während der Legislaturperiod respektéiert, spillt d‘Nummer keng Roll.

Lëscht 7: ADR

Iwwer Zuele kann ee streiden oder et loossen. Fir déi Alternativ Demokratesch Reformpartei sinn et d‘Kandidaten an d‘Militanten déi den Ausschlag maachen. Kréien si de Wieler iwwerzeegt, an ass de Programm stéchhalteg, ass d‘Nummer vun der Wahllëscht egal. Walen, also an der Kabinn säi Kräiz maachen, ass jo och net wéi wann ee géif Lotto spillen. Hei setzt een d‘Weiche fir d‘Zukunft.

Lëscht 8: déi lénk

Bei déi lénk, verhält et sech wéi bei der „Konkurrenz“. Iwwer d‘Nummer vun der Wahllëscht mécht kee sech Gedanken. Si verloossen sech op hiren zolitte Bilan. Hir Oppositiounsaarbecht, ënner Berécksiichtegung op d‘Zuel vun den Deputéierten, war gutt. Wann de Wieler datt och sollt esou gesinn, a sech domatter offanne kann, eng Oppositiounspartei ze wielen, kann näischt Schief goen.

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Wahllëschten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel