Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt
sag dating a sag

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt

Den Dout vun engem amerikanesche Missionar ënnert de Feiler vun

https://moien.lu/revert-dating-site/
sag dating a sag

https://moien.lu/meaning-of-dating-in-english/

Déi dschihadistesch Zell, beschëllegt d‘Uschléi a Katalounien duerchgefouert ze hunn,

Weess du ëmmer wat do op den Teller kënnt? (eng Analys)
sag dating a sag

Weess du ëmmer wat do op den Teller kënnt? (eng Analys)

Liewensmëttelsécherheet ass wichteg a betrëfft eis alleguerten, egal op jonk

Chamberwahlen: d‘ADR stéiert sech um Wahlsystem

Verstéisst eise Wahlsystem géint d‘Verfassung?

Chamberwahlen: d‘ADR stéiert sech um Wahlsystem

Wann et dem Robert Mehlen vun der ADR nogeet: „Jo!“ Deen ass mat der Aart a Weis wéi verfuer gëtt net averstanen, a behaapt sech drop, datt dëse Wahlsystem net an Aklang mat der Lëtzebuerger Verfassung ze bréngen ass. Hie berifft sech op den Artikel 10B, dee beseet, datt all d‘Lëtzebuerger virum Recht gläich sinn.

An esou huet den Éierepresident vun der ADR an engem Bréif un de Chamberpresident, Mars di Bartolomeo, seng Reklamatioun offizialiséiert. Hei bezitt sech de Robert Mehlen op dem Yves Karier säi Blog fir seng Argumenter ze zementéieren. Hie weist de Chamberpresident och drop hin, d‘Method „d‘Hondt“ déi méi erfollegräich Lëschte bevirdeelegt.

Dat hätt ënnert anerem derzou gefouert, datt d‘Sëtzverdeelung net dem Wielerverhalen entsprécht. Als Beispill hëlt hien d‘Resultater vu sengem Bezierk: „(…) dat huet zur Folleg, datt no der Zoudeelung vun de volle Sëtz (30.198 Stëmme fir ee Sëtz), d‘CSV mat 1.760 Reschtstëmmen en drëtte Sëtz accordéiert kritt, iwwerdeems d‘ADR mat 20.255 Stëmmen e Sëtz refuséiert kritt“.

Wann et muss sinn, geet et vrun d‘Geriicht

Esou kënnt de Robert Mehlen zum Schluss, datt „opgrond vun der rechtsstaatlech inakzeptabeler Realitéit, datt d‘Zesummesetzung vun der Chamber eng aner wier, wann den Artikel 10B vun der Verfassung respektéiert géif ginn“, d‘Wahlresultater net sollte validéiert ginn. Hien erënnert zudeem drun, datt dëse Verstouss géint d‘Verfassung längst bekannt ass.

Hien iergert sech doriwwer, datt et bis haut keen et fir néideg fonnt huet „dëser Situatioun déi engem demokratesche Staat net wierdeg ass, en Enn ze setzen“. Woubäi de Robert Mehlen nach betount, datt „eng Initiativ vun der ADR, fir op d‘mannst déi ongläich Stëmmgewiichtung an de Bezierker ze eliminéieren, an der Chamberssëtzung vum 14. Oktober 2014 mat 57 zu 3 Stëmmen ofgeblockt ginn“ ass.

Well keen dësen Ongerechtegkeeten, déi scho vum Soziolog Fernand Fehlen a senger Etüd ernimmt goufen, wëll entgéinttrieden, gesäit de Robert Mehlen keng aner Méiglechkeet, wéi d‘Legitimitéit vun de Walen unzefechten. Hien erkläert sech bereet, wann et misst sinn, bis virun d‘Verfassungsgeriicht ze goen, noutfalls och op d‘Mënscherechtsgeriicht zu Stroossbuerg.

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, d'Hondt. Fernand Fehlenb, Mënscherechtsgeriicht, Robert Mehlen, Verfassung, Verfassungsgeriicht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel