Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hefteg Onwieder am Süde vu Frankräich
Neiegkeeten

Hefteg Onwieder am Süde vu Frankräich

Op der franséischer „Riviera“ ass et no staarken Néierschléi a

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss
Neiegkeeten

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss

D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat ass dran?

Den Daachverband vun den Quartier-Syndikater bleift Determinéiert
Neiegkeeten

Den Daachverband vun den Quartier-Syndikater bleift Determinéiert

Bei der Generalversammlung vun der USILL (Union des Syndicats d‘Interêts

Virsuerg ass eng Fro vun der Mënschlechkeet

Virsuerg ass eng Fro vun der Mënschlechkeet

D‘Chambre Immobilière (CLC) a vivi.lu hu gemeinsam Moossnamen ergraff, fir Mënsche während der Zäit vun den Ausgangsbeschränkunge bei der Sich no enger Noutënnerkonft ze hëllefen. Zu dësem Zweck gouf a wéinegen Deeg um Immobiliëportal vivi.lu e spezifesche Beräich „Noutënnerkënft“ ageriicht.

D‘Chambre Immobilière, déi zanter 1971 un der Ëmsetzung vu Moossnamen, Campagnen a Virschrëfte fir Immobiliemakler, Bauträger an Hausverwalter schafft, wëll mat der Ënnerstëtzung vu senge Memberen en nëtzleche Beitrag fir d‘Allgemengheet leeschten.

Mënschen an enger schwiereger Situatioun net vergiessen an hinnen den Zougang zu enger Wunneng erliichteren

En Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung kënnt derzäit wéinst den Ausgangsbeschränkungen a Bedrängnes. Vill Menagen, déi en Haus a Besëtz huele sollten, befannen sech elo an enger Zwangslag, well déi aktuell Locatairen d‘Raimlechkeeten an der Reegel net verloosse kënnen. Anerer, wéi beispillsweis Beschäftegter am Gesondheetswiesen oder Féierungskräften, musse während der aktueller sanitärer Kris eng Ënnerkonft fannen, déi et hinnen erméiglecht, esou no wéi méiglech un hirer Aarbechtsplaz ze wunnen.

Fir dës Matmënschen ze ënnerstëtzen, huet d‘Chambre Immobilière a vivi.lu déi nei Rubrik „Noutënnerkënft“ op der Websäit vu vivi.lu erstallt. „An dëser Rubrik ginn no an no all derzäit verfügbar a meubléiert Ënnerkënft (Wunnengen, Studioen an Haiser) vun de Member-Agence vun der Chambre Immobilière opgelëscht“, esou den David Grieshaber, Manager vu vivi.lu

Ee solidarescht Netzwierk

Duerch eng Kontaktopnam mat hire Clienten – op fräiwëlleger Basis – konnten eis Memberen dës locativ Wunnenge mat kuerzer Lafzäit opdreiwen (Zäit vun der Locatioun: 1 bis 8 Wochen, ofhängeg vun der Dauer vun der Ausgangsspär).

Dës Lëscht mat verfügbare Wunnengen ass eng vun de ville Moossnamen, déi deeglech zu Lëtzebuerg ergraff ginn, fir dës sanitär Kris ze bewältegen. „Et war direkt kloer, datt mir als Beruffsverband alles drop setze géifen, fir eise Beitrag ze leeschten“, esou de Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre Immobilière.

All Dag kommen nei Wunnengen derbäi, déi dann op der Websäit kënnen ugebuede ginn. „Dat ass de Beweis dofir, datt mir zesumme groussaarteg Saachen zustane brénge a Solidaritéit beweise kënnen. D‘Stäerkt vun eisem Netzwierk déngt och dësem Zweck“, betount de President.

Notiz: vivi.lu ass dat offiziellt Immobiliëportal vun der Chambre Immobilière a beherbergt d‘Immobilienannonce vun de Member-Agencen a Member-Bauträger. D‘Spuerkeess an LaLux ënnerstëtze vivi.lu, an esou och d‘Initiativ vun den Acteuren aus dem Immobiliëwiesen zu Lëtzebuerg

matgedeelt vun der Chambre Immobilière, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: unsplash

Ähnlech Sujeten Chambre immobilière zu Lëtzebuerg, CLC, Coronavirus, Covid19, Sanitär Kris, Solidaritéit, vivi.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel