Search

You may also like

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm
Neiegkeeten

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Am Kader vum 100 järege Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling
Neiegkeeten

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling

Déi gréng a blo Tonn, wéi och déi blo Tut

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung
Neiegkeeten

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung

Et ass ee vun, wann net esouguer deen éischte Chrëschtmaart,

Changementer an der Regierung

Den Etienne Schneider hëlt Ofschid vun der Politik a Reecht den Zepter un d‘Nofolger weider

Changementer an der Regierung

Gëschter huet de Franz Fayot d‘Mandater fir d‘Wirtschaft an Kooperatioun iwwerholl, d‘Paulette Lenert iwwerhëlt de Gesondheetsministère. Wann ee sech ëm d‘Paulette Lenert net direkt muss Suerge maachen – si huet schonn emol eng Rei Akzenter beim Konsumenteschutz gesat – esou wäert sech de Franz Fayot aneren Erausfuerderungen ze stellen hunn.

An et dierft interessant ginn, wéi a viru mat wéi enger „Manéier“ d‘Oppositioun dem neie Minister wäert begéinen. Besonnesch am Kontext vun esou däregen Dossiere wéi „Google“, „Fage“ an den ominéise Feelgrëff vun der POST Lëtzebuerg bei den Investitiounen an „Join“, dierft et interessant ginn, d‘Positioun vum neie sozialistesche Wirtschaftsminister ze beliichten.

De Franz Fayot ass jo éischter fir seng “direkt Aussproch“ bekannt an huet sech ëfters beschwéiert, datt d‘Mandat vum Wirtschaftsminister, der LSAP zu enger vill ze liberaler Konnotatioun verhollef huet. Zudeem huet deen „Neien“ oft däitlech gemaach, datt hie géigesätzlech Siichte géintiwwer der DP huet, wat et ëm Wirtschaftsfroe geet. Hie wäert sech awer an d‘Koalitiounsregierung afügen.

D‘Waachofléisung

Géint eng Auer zwou, huet den Etienne Schneider sech am Palais ugemellt fir dem Groussherzog Henri seng Demissioun ze ënnerbreeden. Knapp e Véierelsstonn drop ass de Franz Fayot nokomm fir beim Groussherzog säin Eed ofzeleeën. An de respektive Ministère waren d‘Dëscher fir d‘Feier zum „Wiessel“ gedeckt. D‘Traditioun wëll et jo, datt d‘Nofolger ee Kaddo iwwerreecht kréien.

Fir d‘Paulette Lenert, dat nieft dem Gesondheetsministère och d‘Sozialversécherung iwwerhëlt war et ee Stethoskop an d‘Ausso: „Si huet gutt Iddien a vill Energie. Et dierf een net vergiessen datt Si och d‘Sozialversécherung iwwerhëlt, wat en Avantage ass, wann ee bedenkt datt all d‘Mesuren déi vum Gesondheetsministère beschloss, vun der Sozialversécherung finanzéiert musse ginn.

Regierung

Um Gesondheetsministère huet den Etienne Schneider dem Paulette Lenert d‘Schlëssele vum Haus iwwerginn. © Luc Deflorenne/SIP

Am Wirtschaftsministère war et dann d‘Iwwergab un de Franz Fayot, dee schonn esou munche Beamten aus der Ministère kennt, wat domadder zesummenhänkt, datt hien och sechs Joer laang President vun de Wirtschaftskommissioun war, an déi jo bekanntlech do déi sëllechen Dossiere presentéiere mussen, fir datt d‘Deputéiert och wëssen iwwert dann elo muss ofgestëmmt ginn.

Hei huet de Kaddo emol aus enger Weltkaart bestanen: déi sollt dem neie Wirtschaftsminister vu grousser Hëllef sinn, well wéi et den Etienne Schneider treffend formuléiert huet, an deem Job ass ee vill ënnerwee. Den zweete Kaddo war d‘Maquette vun enger Fabrick fir op d‘Importenz vum Industriesecteur hinzeweisen an als drëtt gouf et eng Rakéit. Lëtzebuerg an de Weltraum…

Mee och den Etienne huet net misse mat eidelen Hänn heem fueren. A frësch gedeefte Pensionär krut hien en Tube Sonnecrème, e Buch vum Rifkin an eent vum Elon Musk (zwee Mënschen déi den Etienne Schneider appreciéiert). Als ofschléissend Remark zur politescher Carrière déi elo hiert Enn erreecht huet sot den Etienne Schneider: „D‘Politik muss sech regelméisseg renouvelléieren“.

Foto: Eng Rakéit vum Etienne Schneider fir de Franz Fayot. Vun dësem gëtt sech erwaart, datt hien d‘Succès-Story am Beräich vun de Weltraumtechnologien an der Erfuerschung weiderschreift. An et kéint ee, wann den Etienne Schneider Direkter vun der ESA géif, jo och zesummen um Ausbau vun dësem Secteur bedeelegen. © Luc Deflorenne/SIP

Related topics Erneierung, Etienne Schneider, Fränz Fayot, Paulette Lenert, Regierung
Next post Previous post