Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De 5. Café-Debat vum LISER: Migratioun, wéi eng Integratiounspolitik gëtt sech Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De 5. Café-Debat vum LISER: Migratioun, wéi eng Integratiounspolitik gëtt sech Lëtzebuerg

Mat ronn 48% Awunner (STATEC) déi net d‘Nationalitéit vum Land

Iwwerreechung vum nationale Sports-Brevet an dem Präis Fitness Pass 2018
Neiegkeeten

Iwwerreechung vum nationale Sports-Brevet an dem Präis Fitness Pass 2018

Am Kader vun der Zeremonie an der Coque huet de

130 Joer Jean la Gaufre – E Lidd fir Merci ze soen!
Neiegkeeten

130 Joer Jean la Gaufre – E Lidd fir Merci ze soen!

Zu Lëtzebuerg ass de Jean Kandel deem engen oder aneren

Chantier op der A7 – Echangeur Luerenzweiler a Schëndels

Chantier op der A7 – Echangeur Luerenzweiler a Schëndels

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Luerenzweiler an dem Echangeur Schëndels nei gemaach gëtt. Dofir wäert vun e Freiden, den 20. September 2019 um 20:00 Auer bis Méindes, den 23. September géint 6:00 Auer op dëser Streck ee Chantier sinn.

A7

Aus dësem Grond si folgend Spärungen virgesinn:

  • Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Luerenzweiler an dem Echangeur Schëndels a Richtung Ettelbréck
  • Autobunn A7 tëscht der Opfaart an der Sortie vum Echangeur Luerenzweiler a Richtung Jonctioun Gréngewald
  • D’Opfaart vum Echangeur Luerenzweiler wann ee vun der N7 kënnt an a Richtung Ettelbréck (A7) fiert
  • De Verkéier vun der Autobunn A7 gëtt tëscht der Entrée vum Gousseler Tunnel an dem Echangeur Luerenzweiler a Richtung Jonctioun Gréngewald op eng Spur reduzéiert

Folgend Ëmleedunge si virgesinn:

  • Den Trafic dee vun der Jonctioun Gréngewald kënnt an a Richtung Ettelbréck iwwert d’A7 fiert gëtt ab dem Echangeur Luerenzweiler iwwert d’N7 (Miersch) bis bei den Echangeur Mierscherbierg nees op d’A7 ëmgeleet.
  • Den Trafic, dee vun Ettelbréck kënnt an a Richtung Gréngewald iwwert d’A7 ënnerwee ass gëtt iwwert den Rondpoint beim Echangeur Luerenzweiler zeréck op d’A7 geleet.

Duerch d’Preparatiounsaarbechte gëtt de Verkéier op der Autobunn eventuell schonn e puer Stonnen am viraus gestéiert. Weider Informatioune ginn et op www.cita.lu.

Ähnlech Sujeten A7, Chantier, Echangeur Luerenzweiler, Echangeur Schëndels, Ëmleedung, Spärung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel