Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?
Neiegkeeten

D’Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?

An der Nuecht op Nationalfeierdag ass den Här Tun Tonnar

Open Market Days: Een erfollegräiche Virgeschmaach op Esch2022
Neiegkeeten

Open Market Days: Een erfollegräiche Virgeschmaach op Esch2022

Vum 20. bis den 22. Februar krut een ee multimediale

D‘Leit ginn nees bei den Dokter… oder och net
Neiegkeeten

D‘Leit ginn nees bei den Dokter… oder och net

Am Kontext vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

Chantier an der Avenue de la Faïencerie (08.-12.09.2020)

Chantier an der Avenue de la Faïencerie (08.-12.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg wëll d’Bierger an d’Notzer vun de Stroossen an ëffentleche Verkéiersmëttelen doriwwer informéieren, datt am Kader vun den Aarbechte vum neien “PAP Joseph Hansen” d’Verbindungsaarbechte vun den ëffentleche Versuergungsnetzer duerch d’Post vum Dënschden 8. September 2020 géint 17:00 Auer bis e Samschden 12. September 2020 géint 17:00 Auer an der Avenue de la Faïencerie unhale wäerten.

D’Aarbechten ëmfaassen déi folgend Verkéiersännerunge wärend dem genannten Zäitraum:

  • D’Avenue de la Faïencerie gëtt vun der Allée Scheffer bis an d’Batty Weber Strooss zur Eebunnsstrooss;
  • D’Avenue de la Faïencerie wäert tëscht der Rue Batty Weber Strooss an der Rue Jean Soupert zou sinn;
  • D’Batty Weber Strooss wäert eng Sakgaass sinn.

Folgend Ëmleedunge ginn ageriicht:

  • D’Bewunner vun der Avenue de la Faïencerie (den Ofschnëtt tëschent dem Rollengergronn an der Léandre Lacroix Strooss), der Rue de Dormans, Tony Neuman, Nina et Julien Lefèvre, Jean Soupert a vun der Montée Thommes ginn iwwer de Rollengergronn ëmgeleet;
  • D’Bewunner vun der Avenue de la Faïencerie (Ofschnëtt tëscht der Batty Weber Strooss an der Léandre Lacroix Strooss) mussen iwwert de Lampertsbierg eran- an erausfueren;
  • Léandre Lacroix Strooss ass iwwert d’Avenue Pasteur erreechbar.

D’Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi adequat Beschëlderung.

Faïencerie

Upassungen un den ëffentleche Verkéier:

Am Kader vun den Aarbechten am Zesummenhang mam “PAP Joseph Hansen” gëtt den Ofschnëtt Hauts St Lambert vum 8. September bis den 12. September net mat der Linn 19 bedéngt.

Dës Arrête entfalen: Neumans Park, Lefèvre, Jean Soupert an Léandre Lacroix. De provisoreschen Terminus vun der Linn 19 wäert den an der Avenue Pasteur sinn – an der Géigend vum Michel Lucius (Gleis 101).

An dësem Kader bleiwen d’Ännerung fir d’Linnen 3 an 30 bestoe bestoen. Dat gëllt bis den 12. September. Dofir entfalen d’Arrête Batty Weber, Uni Campus Limpertsberg, Ermesinde, Henri VII a Faïencerie / INL a Richtung Stadzentrum a Bouneweg. Si ginn duerch folgend Arrête vun der Linn 19 an der Avenue Pasteur ersat: NS Pierret, Alfred de Musset an Allée Scheffer.

D’Stad Lëtzebuerg seet de Bierger an Notzer vun de Stroossen an dem ëffentleche Verkéiersmëttel Merci an hofft op Äre Versteesdemech.

Ähnlech Sujeten Aarbechten, Avenue de la Faïencerie, Chantier, Deviatioun, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Spärung, Stad Lëtzebuerg, VDL, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel