Search

You may also like

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung
Neiegkeeten

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung

Am Regierungsprogramm 2018-2023 gëtt d‘Gläichstellung vu Mann a Fra als

Sozialplang bei der SES
Neiegkeeten

Sozialplang bei der SES

D‘Annonce vum Sozialplang bei der SES Enn Mee war schwéiere

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!
Neiegkeeten

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!

28 Joer laang war Ost- a Westdäitschland duerch eng Mauer

Chantier um Beetebuerger Kräiz (12.-14.06.2020)

Chantier um Beetebuerger Kräiz (12.-14.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt de Stroossebelag um Beetebuerger Kräiz an zwou Phasen erneiert gëtt. Esou kënnt et vu Freides, den 12. Juni 2020 géint 19:30 Auer bis Sonndes, de 14. Juni 2020 géint 20:00 Auer zu Ännerungen am Stroosseverkéier.

Spärungen (Phas 1)

Déi éischt Phas vun den Aarbechten dauert vu Freides, den 12. Juni 2020 géint 19:30 Auer bis Samschdes, den 13. Juni 2020 géint 20:30 Auer. Folgend Ofschnëtter si gespaart:

  • D’Bretelle vum Beetebuerger Kräiz, wann ee vum Gaasperecher Kräiz vun der A3 kënnt an a Richtung Echangeur Bireng/Péiteng vun der A13 fiert;
  • D’Bretelle vum Beetebuerger Kräiz, wann ee vum Echangeur Bireng/Péiteng vun der A13 kënnt an a Richtung franséisch-Lëtzebuergesch Grenz iwwert d’A3 fiert;
  • D’Bretelle vum Beetebuerger Kräiz wann ee vum Gaasperecher Kräiz vun der A3 kënnt an a Richtung Echangeur Helleng/Schengen vun der A13 fiert;
  • D’Bretelle vum Beetebuerger Kräiz wann ee vum Echangeur Helleng/Schengen vun der A13 kënnt an a Richtung franséisch-Lëtzebuergesch Grenz iwwert d’A3 fiert.

Ëmleedungen (Phas 1)

  • Den Trafic, dee vun der Autobunn A13 (Péiteng/Schengen) kënnt an a Richtung franséisch-Lëtzebuergesch Grenz iwwert d’A3 fiert, gëtt ëmgeleet iwwert d’Beetebuerger Kräiz bis bei den Echangeur Léiweng, wou een nees zeréck op d’Autobunn A3 a Richtung Beetebuerger Kräiz fuere kann;
  • Den Trafic, dee vum Gaasperecher Kräiz vun der A3 kënnt an a Richtung Autobunn A13 (Péiteng/Schengen) fiert, gëtt ab dem Beetebuerger Kräiz iwwert den Echangeur Diddeleng ëmgeleet, wou den Accès op d’A3 a Richtung A13 nees méiglech ass.

Beetebuerger Kräiz


Spärungen (Phas 2)

Déi zweet Phas vun den Aarbechten dauert vu Samschdes, den 13. Juni 2020 géint 19:00 Auer bis Sonndes, de 14. Juni 2020 géint 20:00 Auer. Folgend Ofschnëtter si gespaart:

  • D’Bretelle vum Beetebuerger Kräiz, wann ee vum Echangeur Helleng/Schengen kënnt an a Richtung franséisch-Lëtzebuergesch Grenz vun der A3 fiert;
  • D’Bretelle vum Beetebuerger Kräiz, wann ee vum Echangeur Bireng kënnt an a Richtung franséisch-Lëtzebuergesch Grenz vun der A3 fiert;
  • D’Bretelle vun der Sortie vum Echangeur Diddeleng, wann ee vum Beetebuerger Kräiz kënnt an a Richtung CR161 (Diddeleng) fiert.

Ëmleedungen (Phas 2)

  • Den Trafic, dee vum Echangeur Helleng/Schengen kënnt an a Richtung Echangeur Bireng/Péiteng vun der A13, sou wéi a Richtung franséisch-Lëtzebuergesch Grenz vun der A3 (Metz) ënnerwee ass, gëtt ab dem Beetebuerger Kräiz bis bei den Echangeur Léiweng ëmgeleet, wou den Accès op d’Autobunn A3 a Richtung Beetebuerger Kräiz nees méiglech ass;
  • Den Trafic, dee vum Gaasperecher Kräiz vun der A3 kënnt an a Richtung Echangeur Diddeleng vun der A3 fiert, gëtt ab dem Beetebuerger Kräiz iwwert d’Autobunn A13 bis bei den Echangeur Bireng ëmgeleet.

Beetebuerger Kräiz

Weider Informatioune fannt Dir op www.cita.lu.

Related topics Beetebuerger Kräiz, Bireng, Chantier, Diddeleng, franséisch-Lëtzebuergesch Grenz, Gaasperecher Kräiz, Péiteng, Schengen, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Tapis, Trafic, Verkéier
Next post Previous post