Search

You may also like

Dëse Projet kéint den Ufank vum Enn vum deegleche Stau sinn
Neiegkeeten

Dëse Projet kéint den Ufank vum Enn vum deegleche Stau sinn

Sech den Erausfuerderunge vun der Mobilitéit ze stellen, och dat

Gitt dach einfach anstänneg!
Neiegkeeten

Gitt dach einfach anstänneg!

Et kéint een et als eng droleg Form vu „briteschem

D‘Message vum OGBL (Video)
Neiegkeeten

D‘Message vum OGBL (Video)

Grad an Zäite wou Noutstandsgesetzer d‘Kontroll iwwert eise soss dach

Chantier um Boulevard Royal (04.-07.09.2020)

Chantier um Boulevard Royal (04.-07.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg a LUXTRAM informéieren doriwwer, datt um Boulevard Royal, tëscht der Avenue Emile Reuter an der Place de Bruxelles Aarbechten ustinn. Vu Freides, de 4. September géint 20:00 Auer bis Méindes, de 7. September géint 5:00 Auer ginn d’Haaptspure vum Boulevard Royal gespaart.

D’Ëmleedung verleeft iwwert den Echangeur Waldhaff (N11/A7) a Richtung Lëtzebuerg an d’A1 a Richtung Gare. Eng weider Deviatioun verleeft iwwert d’Place Dargent, d’Rue de Muhlenbach, d’Rue de Rollingergrund, d’Stäreplaz an de Boulevard G-D Charlotte. Eng lokal Ëmleedung verleeft iwwert d’Rue Emile Reuter, d’Stäreplaz an de Boulevard G-D Charlotte.

De Stadzentrum bleift accessibel an och den Accès zu den ënnerierdesche Parkingen ass garantéiert. D’Stad Lëtzebuerg recommandéiert alle Persounen, déi an dëser Zäit op hiert Gefier ugewise sinn, sech ausserhalb vun der concernéierter Zon ze parken. Den Accès zu de Garage vun den Awunner ass nämlech wärend den Aarbechten net méiglech.

Fir den ëffentlechen Transport gëlle folgend Ännerungen:

  • Den Arrêt Hamilius quai 1 gëtt provisoresch a Richtung vum Arrêt Amélie um Eck vun der Avenue Amélie deplacéiert. Dës Ännerung betrëfft d’Linnen 1, 2/4, 3/30, 9, 10/11, 14, 16 an 18, sou wéi d’RGTR-Linnen 120, 144, 172, 192, 194, 195, 740, 750, 800 an 810;
  • Den Arrêt Hamilius quai 2 / Royal quai 2 op der Héicht vun der Avenue Emile Reuter entfält a gëtt folgendermoossen ersat:
    • Linn 1, 2/4, 9, 10/11, 14, 16 an 18, sou wéi d’RGTR-Linnen 120, 144, 172, 192, 194, 195 an 800 a Richtung Gare: Provisoreschen Arrêt beim Fundament vum Tram um Boulevard Royal, tëscht der Avenue Monterey an der Place de Bruxelles;
    • Linn 8 an 12 a Richtung Stäreplaz: Provisoreschen Arrêt an der Avenue Monterey, tëscht dem Boulevard Prince Henri an dem Arrêt Monterey-Parc;
  • Den Arrêt Monterey quai 2 vun de Linnen 5/6, 13, 15, 21, 22, 28 an 31 a Richtung Ostquartieren vun der Stad entfält a gëtt ersat duerch e provisoreschen Arrêt an der Avenue Monterey, tëscht dem Boulevard Prince Henri an dem Arrêt Monterey-Parc.

Royal

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Boulevard Royal, Bus, Chantier, Deviatioun, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Parken, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Verkéier
Next post Previous post