Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Statistik: Kreeslaferkrankungen a Kriibs sinn déi Haaptursaache fir den Dout
Neiegkeeten

Statistik: Kreeslaferkrankungen a Kriibs sinn déi Haaptursaache fir den Dout

Säit der Ëmsetzung vum groussherzogleche Reglement vum 20. Juni 1963,

Hunn d‘Amerikaner den Abu Bakr al-Baghdadi ëmbruecht?
Neiegkeeten

Hunn d‘Amerikaner den Abu Bakr al-Baghdadi ëmbruecht?

Et ass wuel nach näischt „confirméiert“ mee de Milliardär, deen

Den Dan Kersch presentéiert d’Neiheeten zu de Sozialwahlen 2019
Neiegkeeten

Den Dan Kersch presentéiert d’Neiheeten zu de Sozialwahlen 2019

Den Dan Kersch, Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial-

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt den Tapis op der Autobunn A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck an dem Echangeur Stroossen nei gemaach gëtt. Dofir wäert et vu Samschdes, den 23. November 2019 géint 20 Auer bis Sonndes, de 24. November 2019 géint 12 Auer zu Spärungen an Ëmleedunge kommen.

Spärungen

  • D’Autobunn A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck an dem Echangeur Stroossen a Richtung Belsch
  • D’Opfaart vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vun der N34 kënnt an a Richtung Belsch iwwert d’A6 fiert

Ëmleedungen

  • Den Trafic, dee vun der A6 kënnt an a Richtung Belsch fiert, gëtt ab dem Echangeur Helfenterbréck (Sortie 5) iwwert d’N34 an den CR181 bis bei den Echangeur Briddel mat Retour op d’A6 ëmgeleet

Echangeur Helfenterbréck

Duerch d’Virbereedungsaarbechte gëtt d’Autobunn schonn e puer Stonnen am viraus gespaart. Doduerch kann et am spéiden Nomëtteg zu Stéierungen am Verkéier kommen. Weider Informatioune ginn et op www.cita.lu.

Ähnlech Sujeten A6, CITA, Echangeur Helfenterbréck, Echangeur Stroossen, Ëmleedung, Spärungen, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Tapis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel