Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland
Neiegkeeten

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland

Nach iert de Coronavirus dem russesche Gesondheetssystem de Stecker gezunn

Scoutskiermes um Cents
Neiegkeeten

Scoutskiermes um Cents

Et war nees esou wäit: Déi Centser Guiden a Scouten

Den 33.International American Car Festival zu Stadbriedemes!
Neiegkeeten

Den 33.International American Car Festival zu Stadbriedemes!

Veréierer vun de beléiften US-Maschinnen a Besëtzer vun engem historeschen

Chantier um Echangeur Stroossen (26. a 27. Mee)

Chantier um Echangeur Stroossen (26. a 27. Mee)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt et um Echangeur Stroossen um 26. a 27. Mee ee Chantier wäert ginn. Am Kader vum Reamenagement vun dësem Stroossenofschnëtt kënnt et soumat zu Spärungen an Ëmleedungen.

D’Spärungen

Vum 26. Mee 2020 géint 20:00 Auer bis Mëttwochs, de 27. Mee 2020 géint 5:00 Auer si folgend Stroosse gespaart:

  • D’Autobunn A6 tëscht dem Echangeur Briddel (S3) an dem Echangeur Helfenterbréck (S5), wann ee vun der belsch-Lëtzebuerger Grenz (Arel) kënnt an a Richtung Zéissenger Kräiz ënnerwee ass;
  • D’Bretelle vun der Opfaart vum Echangeur Briddel wann ee vum CR181 kënnt an a Richtung Zéissenger Kräiz op der A6 ënnerwee ass;
  • D’Bretelle vun der Opfaart an der Sortie vum Echangeur Stroossen.

D’Ëmleedungen

  • Den Trafic, dee vun der Belsch-Lëtzebuerger Grenz kënnt an a Richtung Zéissenger Kräiz (A6) fiert, gëtt ab dem Echangeur Briddel (S3) iwwert den CR181, d’N6 an d’N34 bis bei den Echangeur Helfenterbréck ëmgeleet, wou et nees zeréck op d’Autobunn A6 geet;
  • Den Trafic, dee vun der N6 (Stroossen) kënnt an a Richtung Belsch-Lëtzebuerger Grenz ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den CR181 bis bei den Echangeur Briddel, vu wou aus een zeréck op d’Autobunn A6 kënnt;
  • Den Trafic, dee vun der N6 (Stroossen) kënnt an a Richtung Zéissenger Kräiz ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert d0N34 bis op den Echangeur Helfenterbréck, wou et dann zeréck op d’Autobunn A6 geet.

 

Echangeur Stroossen

Ähnlech Sujeten A6, Arel, Chantier, Deviatioun, Echangeur Stroossen, Ëmleedung, Reamenagement, Spärung, Stroossebauverwaltung, Zéissenger Kräiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel