Search

You may also like

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft
Neiegkeeten

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft

Leschte Mëttwoch hunn d‘Ëmwelt-, Energie- a Klimaminister vum Benelux: Carole

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet
Neiegkeeten

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet

Ee groussen Uelegteppech bedreet d‘Küst vun der paradisescher Vakanzendestinatioun Mauritius.

Brexit: Briteschen Humor!
Neiegkeeten

Brexit: Briteschen Humor!

Et ass dem Donald Trump säi Favorit an hien huet

Chantier op der Opfaart vum Echangeur Stroossen

Chantier op der Opfaart vum Echangeur Stroossen

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt duerch ee Chantier op der Opfaart vum Echangeur Stroossen (S4) a Richtung A6 d’Strooss wäert gespaart sinn.

Am Kader den Aarbechte gëtt dësen Deel vun Dënschdes, dem 15. Oktober géint 21:00 Auer bis Mëttwochs, de 16. Oktober géint 6:00 Auer zou gemaach. Dofir si folgend Spärungen an Ëmleedunge virgesinn:

  • D’Opfaart vum Echangeur Stroossen (S4), wann ee vun der N6 kënnt an a Richtung Echangeur Briddel (S3) op der A6 fiert, sou wéi a Richtung Echangeur Helfenterbréck (S5) op der A6 ass gespaart
  • D’Sortie vum Echangeur Stroossen (S4), wann ee vum Echangeur Helfenterbréck (S5) kënnt ass zou
  • Den Trafic op der N6 a Richtung Lëtzebuerg gëtt iwwert den CR181 an den Echangeur Briddel (S3) ëmgeleet
  • Den Trafic op der N6 a Richtung Bartreng gëtt ëmgeleet iwwert d’N6, d’Rue des Aubépines, d’N5, den Echangeur Helfenterbréck an d’A6
  • Den Trafic, dee vum Echangeur Helfenterbréck (S5) kënnt gëtt iwwert d’A6 an den Echangeur Briddel (S3) ëmgeleet

Echangeur Stroossen

Weider Informatioune ginn et ënnert www.cita.lu.

Related topics Briddel, Chantier, Echangeur Stroossen, Ëmleedung, Spärung, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post