Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Jean Asselborn këmmert sech
Neiegkeeten

De Jean Asselborn këmmert sech

E Samschdeg 5. September war de Minister fir Asyl an

E kuerzliewegen awer kënschtleresch héichwäertege Gaart
Neiegkeeten

E kuerzliewegen awer kënschtleresch héichwäertege Gaart

E Freideg hunn déi Escher Honoratiore bei beschtem Summerwieder de

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!
Neiegkeeten

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!

De Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft Dan Kersch

Chantier an der Hollerecher Strooss a Rue Wenceslas 1er

Chantier an der Hollerecher Strooss a Rue Wenceslas 1er

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Bierger an all Persoun, déi am Stroosseverkéier ënnerwee ass doriwwer, datt ab e Freideg, den 11. Oktober 2019 ee Chantier an der Hollerecher Strooss, sou wéi der Rue Wenceslas 1er wäert sinn. Duerch d’Leeë vum Infrastruktur-Reseau (also alles wat een ënnert de Buedem tässelt, datt et uewen net hënnert) sinn dofir verschidden Upassungen, Spärungen an Ëmleedungen am Verkéier virgesinn.

D’Aarbechten an der Hollerecher Strooss, sou wéi der Rue Wenceslas 1er fänke Freides, den 11. Oktober 2019 um 20:00 Auer un a wäerte Méindes, de 14. Oktober 2019 ëm 5:00 Auer fäerdeg sinn.

Hollerecher Strooss

Upassungen an der Zirkulatioun

  • An der Hollerecher Strooss wäert zum genannten Zäitraum Sens Unique vun der Rue Jean-Baptiste Merkels a Richtung Rue Wenceslas 1er sinn
  • Den Trafic gëtt duerch d’Stroossbuerger Strooss ëmgeleet

Ëffentlechen Transport

  • D’Linnen 1/125, 4, 27 an CN1 a Richtung Gare ginn ab der Escher Strooss iwwert d’Rue de la Déportation an d’Rue d’Alsace a Richtung Place de la Gare ëmgeleet. D’Haltestellen Assurances Sociales quai 2, Jean-Pierre Merkels a Fonderie a Richtung Gare falen ewech. Als Ersatz ginn d’Arrêten Assurances Sociales quai 2 an Hollerich-Gare opgestallt.
  • D’Linne vum RGTR 170, 177 an 315 fueren um Arrêt Luxembourg-Gare Quai 104 (tëscht der Rue d’Épernay an der Rue du Commerce) fort an ersetzen d’Haltestell Fonderie.

D’Servicer vun der Stad Lëtzebuerg wäerten sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung këmmeren. Sollt et zu eventuelle Stéierungen am Verkéier kommen, sou biet d’Stad Lëtzebuerg ëm Verständnis.

Ähnlech Sujeten Chantier, Ëffentlechen Transport, Hollerecher Strooss, Infrastruktur, Rue Wenceslas 1er, Trafic
Nächsten Artikel Virrechten Artikel