Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Texas: ACLU fuerdert Fräiloossung vu mannerjäregem Meedchen
Neiegkeeten

Texas: ACLU fuerdert Fräiloossung vu mannerjäregem Meedchen

D‘Affekote vun engem 10 Joer jonke Meedchen, dat keng „Pabeieren“

Blumme fir eng Ikon
Neiegkeeten

Blumme fir eng Ikon

Op den Dag genee virun 20 Joer, den 31. August

Mars: riskant Landemanöver fir NASA-Sond InSight
Neiegkeeten

Mars: riskant Landemanöver fir NASA-Sond InSight

Siwe Joer Aarbecht, siwe Méint Rees duerch de Weltraum, an

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer

Op „al“ oder „nei“ Avenue, wien net dohinner muss, sollt et loossen

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer

Wéi d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) leschte Mëttwoch iwwert déi weider Chantiere vum Tram geschwat huet, gouf direkt däitlech gemaach, datt een elo „an déi kritesch Phas“ kënnt, an et wäert zu Behënnerunge kommen. De Startschoss fir de Schantjen ass op den 13. Mee geluecht ginn.

Den Tram ass net méi opzehalen, an d‘Aarbechte ronderëm dësen éiergäizege Projet komme gutt virun, am Géigesaz zu de Kollektivvertragsverhandlungen. Elo gëtt den Tracé an der neier Avenue (Ave. de la Liberté) an Ugrëff geholl, an heifir mussen eng Rei Viraarbechte geleescht ginn, déi elo ab Muer, Méindeg de 4. Mäerz, ulafen. Esou kënnen ab dem 13. Mee keng Busser méi iwwert déi nei Avenue a Richtung Paräisser Plaz fueren, a mussen duerch d‘Al Avenue ëmgeleet ginn.

An dësem Kontext muss och d‘Vëlospist temporär ëmgeleet ginn. Dofir gëtt eng bidirektional Pist an der Aler Avenue ugeluecht. Well och d‘Busser iwwert d‘Al Avenue bei d‘Paräisser Plaz fueren, sollt ee sech bewosst sinn, datt et hei zu massive Behënnerunge komme kann, an ee gutt beroden ass, entweder mam ëffentleche Verkéier op d‘Plaz ze kommen, oder se einfach ze evitéieren.

Wat déi Nei Avenue betrëfft, gëtt drop higewisen, datt 11 Beem zu Fixspéin wäerte verschafft ginn, woubäi et selbstverständlech ass, datt dës Beem duerch neier ersat ginn, wann de Schantje fäerdeg ass. Ob dat all deenen déi sech dëse Beem verschriwwen hunn als Erklärung duergeet?

Changementer sinn ni einfach…

Eng vun der grousse Schwieregkeete bei dëser Bauphas: den Tram rullt nach net, an d‘Busser musse weider fir e gudde Service am ëffentlechen Transport suergen. Zwee Joer, wei gesot wou ee sech muss „arrangéieren“, och wann e sech dierf sécher sinn, datt se sech op der Stater Gemeng vill Gedanke gemaach hunn, datt ganzt iwwersiichtlech ze organiséieren.

Déi wichtegst Ännerungen: Eng nei Busspur gëtt ugeluecht, eng Ëmleedung fir d‘Busser a Richtung Zentrum, gëtt iwwert déi al Avenue an d‘Jean Origer Strooss agefouert. Tëscht der Garer-Plaz an der Fort Bourbon Strooss gëtt eng securiséiert bidirektional Vëlospist installéiert. D‘Plaze fir Liwweranten an eng Rei Beem (op der geuerter Säit) komme fort. Dës Aarbechte fänke Mëtt Mäerz un.

Fir déi verluere Livraisounsplazen ze kompenséieren, ginn neier ganz nobäi agezeechent. Fir den normale Verkéier geet et dann net méi vun der Garer-Plaz a Richtung Jean Origer Strooss. Fir d‘Awunner an d‘Fournisseure bleift den Accès zur aler Avenue iwwert d‘Kräizung Jean Origer/Bouneweger Strooss, a Richtung Gar an Neipperg-Strooss assuréiert. D‘Parkingen „Fort Wedell“, Rocade. Nobilis, Gar a Martyrs bleiwen och accessibel.

Foto: Wien ëmmer um leschte Stand vun der Informatioun wëll sinn, kann sech hei iwwert de Fortschrëtt erkënnegen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Al Avenue, Bus, Chantier, LuxTram, Nei Avenue, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel