Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Neiegkeeten

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box

Gëschter Owend ass de Kierchbierg vu schwaarz gekleete Gestalte besicht

Hëtztwell 2019: d‘Stad Lëtzebuerg informéiert!
Neiegkeeten

Hëtztwell 2019: d‘Stad Lëtzebuerg informéiert!

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt opgrond de besonnesch héijen

Den Däiwel beim „March for Life“
Neiegkeeten

Den Däiwel beim „March for Life“

Hien ass zynesch, Misogyn an erwisenermoossen och ee Rassist, beherrscht

Chantier Luxtram – d’Stad gëtt nei organiséiert!

Chantier Luxtram – d’Stad gëtt nei organiséiert!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier vum Luxtram d’Zirkulatioun a verschiddene Stroossen an Zukunft ugepasst gëtt. Ab Sonndes, de 4. August 2019 ginn esou d’Rue Notre-Dame, d’Rue Chimay an d’Rue Philippe II anescht organiséiert.

Folgend Ännerunge sinn dofir virgesinn:

Fir de motoriséierten Trafic:

  • An d’Rue Notre-Dame kënnt een an Zukunft iwwert d’Rue Chimay (virum Hôtel Cravat). Uschléissend huet een hei d’Méiglechkeet no riets a lénks ofzebéien. D’Rue Philippe II bitt just Accès op de Boulevard Roosevelt, mat der Méiglechkeet op d’Bréisselerplaz, sou wéi d’Place de la Constitution ze steieren.
  • De Sens Unique an der Rue Notre-Dame gëtt fir de Streckenofschnëtt tëscht der Rue Philippe II an der Rue Chimay ëmgedréit. Soumat leeft de Verkéiert vun der Rue Chimay a Richtung a bis bei d’Rue Philippe II.

Fir d’Cyclisten:

  • Ab dem Boulevard Roosevelt kënnt een iwwert d’Rue Philippe II an d’Rue Chimay an d’Rue Notre-Dame. Heibäi gëtt ee Vëloswee am Contre-Sens ageriicht tëscht den éischten zwou genannte Stroossen.

Chantier Luxtram

An dësem Kader erënnert d’VDL dorun, datt am Zentrum zuelräich Parkingen der Ëffentlechkeet zur Verfügung stinn, sou wéi beispillsweis de Royal-Hamilius (584 Plazen) a Monterey (340 Plazen), déi no un der Foussgängerzon leien.

Eng ugepasst Beschëlderung soll hei fir eng fléissend Zirkulatioun suergen. D’Stad Lëtzebuerg seet senge Bierger an de Stroossen-Notzer Merci fir hiert Verständnis, wann et zu eventuelle Behënnerunge kënnt.

Ähnlech Sujeten Chantier Luxtram, Lëtzebuerg, Rue Chimay, Rue Notre-Dame, Rue Philippe II, VDL, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel