Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tom & Greg: Spezial Confinement-Episode vun der Webserie W.
Neiegkeeten

Tom & Greg: Spezial Confinement-Episode vun der Webserie W.

D’Kreativitéit an d’Motivatioun vu Six.-Letters hëlt keen Enn. No der

Fir verkierzte Waardezäiten beim IRM
Neiegkeeten

Fir verkierzte Waardezäiten beim IRM

De Gesondheetsministère huet dës Woch bekannt ginn, datt den Étienne

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht
Neiegkeeten

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht

Um Freideg Nomëtteg hunn d‘Auteure Michel a Jeanny Krieps-Dell dem

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Chantier Nature

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Chantier Nature

Beim ABC vun der Natur sprange mir haut op de Buschtaf C, wéi Chantier Nature. Mir nennen et elo Naturschantjen. Zesumme mat lokale Sektiounen organiséiert natur&ëmwelt scho säit Joren Evenementer, bei deene sech motivéiert an interesséiert Mënschen aktiv fir d’Natur an den Erhalt vun der Biodiversitéit asetze kënnen.

Dir wëllt eppes fir d’Natur maachen? Hecken a Beem planzen, Dréchewues méien, Fiichtgebidder erhalen, Weede beschneiden – gläichzäiteg awer och eng flott Erfarung an engem Naturschutzgebitt erliewen? Dann ass den Naturschantjen genee dat Richtegt fir Iech!

Onofhängeg vu Kraaft, Alter, Sprooch oder (Vir-)Wëssen ka jiddwereen deelhuelen. D’Material gëtt vun natur&ëmwelt zur Verfügung gestallt. All Rendezvousen a weider Informatiounen zum Naturschantjen an der Umeldung fannt Dir op www.naturemwelt.lu.

Zum Video-Projet

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.

Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Atelier, Chantier Nature, e staarkt Benevolat am Naturschutz, Ëmweltministère, Matmaachen, natur&ëmwelt, Naturschantjen, Sensibiliséierung, Video-Projet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel