Search

You may also like

Op der Sich no engem Impfstoff
Neiegkeeten

Op der Sich no engem Impfstoff

Dat ee sech der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

Si hunn erëm de „schéine Männche“ gemaach
Neiegkeeten

Si hunn erëm de „schéine Männche“ gemaach

D‘Ministeren hunn sech an hirer Reunioun mat der Aarbechtsmaartsituatioun am

USA: Bericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller verëffentlecht
Neiegkeeten

USA: Bericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller verëffentlecht

Et huet seng Zäit gebraucht mee elo ass den do:

Chantier op der A1 vum 28. – 30. Juni 2019

Vum 28. Juni 20.30 Auer bis den 30. Juni 22.00 Auer

Chantier op der A1 vum 28. – 30. Juni 2019

Wéi d’Stroossebauverwaltung matdeelt, wäert vun haut, den 28. Juni 20.30 Auer bis e Sonndeg, den 30. Juni 22.00 Auer e Chantier tëscht dem Echangeur Hamm an dem Echangeur Kierchbierg op der A1 sinn.

Fir d’Aarbechte gi folgend Stroosse gespaart:

  • D’Autobunn A1 tëscht dem Echangeur Hamm a Kierchbierg Richtung Tréier
  • D’Opfaart vum Echangeur Hamm, wann ee vun der N2A kënnt an a Richtung A1 (Tréier) fiert
  • D’Opfaart vum Echangeur Kierchbierg, wann ee vun der N51 kënnt an a Richtung A7 (Fridhaff) fiert

Den Trafic, dee vum Gaasperecher Kräiz kënnt an a Richtung Tréierer A1 ass, gëtt op der Héicht vum Echangeur Hamm (S7) iwwert N2A, N1A an N1 bis op den Echangeur Sennengerbierg (S9) a Richtung A1 ëmgeleet.

Den Trafic, dee vum Echangeur Kierchbierg kënnt an a Richtung A7 (Fridhaff) ass, gëtt iwwert den Echangeur Sennengerbierg (S9) zeréck op d’Jonctioun Gréngewald a Richtung A7 ëmgeleet.

Chantier

 

Related topics Autobunn, Chantier, Ëmleedung, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post