Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat
Kultur Neiegkeeten

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat

Et war an engem briechend vollen Auditorium vun der Universitéit

2. – 5. Mee: Luxembourg Street Photography Festival
Kultur Neiegkeeten

2. – 5. Mee: Luxembourg Street Photography Festival

Vum 2. bis de 5. Mee 2019 fënnt zu Bouneweg

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën
Kultur Neiegkeeten

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën

An engem neie Bericht zur Ëmsetzung vun den zwou EU-Direktive

Charly – Ee Buch fir Kreativer mat Loscht no neiem Wëssen

Charly – Ee Buch fir Kreativer mat Loscht no neiem Wëssen

Kennt Dir de Charly schonn? Si hunn mengem Meedchen eng grouss Freed gemaach, hatt kuckt sech se dacks un a rätselt mat.

Et ginn zwee där Bicher:

  • De Charly a seng kleng Frënn
  • De Charly a seng grouss Frënn

Et gëtt ganz vill z’entdecken, de Bësch, Déiere – d’Natur eben. Op spilleresch Aart a Weis léieren d’Kanner vill nëtzlech Informatioune kennen, d’Bicher si léierräich. Wat maachen d’Déieren am Bësch? Ewéi ass de richtege lëtzebuergeschen Numm? Wéi ernären si sech?

Sichaktioune suerge fir Spillspaass, kleng Kanner kënnen ausserdeem e bëssen d’Zielen üben. Déi nächste Kéier am Bësch erkenne mir villäicht schonn déi eng oder aner Déierespuer.

Charly

© Charly Books / Facebook

Elo gëtt et eppes Neies vum Charly an och dovunner si mir begeeschtert! Souguer d’Enveloppe ass schéi presentabel. Et ass e Molset. An en ass mat vill Léift hiergestallt ginn.

D’Molbuch huet déi ënnerschiddlechst Lëtzebuerger Sehenswierdegkeeten am Buch, et ass scho bal ze schéi fir dran ze molen, mä Kreativitéit kennt keng Grenzen! Flott op dës Manéier ze léieren de Mudam, Dräi Eechelen  d’Gëlle Fra, de Mëllerdall, Dierfer, Déieren a sou munches méi!

Léierräich ass och, dass d’Molbuch zweesproocheg ass – op Lëtzebuergesch an op Englesch.  Et ass eis ëmmer eng Freed mam Charly en Tour duerch eist Land an d’Natur ze maachen. Och hei kann erëm matgerätselt ginn.

Ganz praktesch ass, dass eng Schachtel a 24 flott Faarwen dobäi sinn, se sinn net toxesch a molen ganz gutt. E Spëtzer wär villäicht nach eng Iddi gewiescht.

Bestelle kann en d’Saachen online oder iwwer Digicash. Kuckt Iech de Shop mol un – et sinn allerlee flott Saachen dran ze fannen, Plüschdéieren, Prabbelien, Rucksäck a ganz vill méi!

Déi léif Bëschdéieren hunn e Kaddo fir Iech – wann Dir de Rabattcode MoienCharly agitt, kritt Dir eng Remise vun 3 Euro. Déi Coden sinn bis Enn Juni gëlteg.

Merci Charly!

Opmaacherbild: © Charly Books / Facebook

Ähnlech Sujeten Attraktiounen, Buchpresentatioun, Charly Books, Kannerbuch, Lëtzebuerg, Molbuch, Molset, Natur, Rabattcode, Wëssen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel