Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Green Deal?! Gréng Fuerderungen un d’EU-Kommissioun
International Neiegkeeten

Green Deal?! Gréng Fuerderungen un d’EU-Kommissioun

Bis 2050 soll Europa mam sougenannte Green Deal zum éischte

surprise
Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt
International Neiegkeeten

Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt

Nodeems nach am Dezember de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo

surprise
Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung
International Neiegkeeten

Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen

En Donneschdeg iwwerhuelen eis däitsch Noperen d‘Presidence vun der EU, an iert esouwäit ass, wollten den Emmanuel Macron an d‘Angela Merkel der Unioun weisen, wéi enk béid Länner an der Kris zesummestinn. Si hu gëschter de Covid19-Skeptiker eng kloer Message iwwermëttelt.

De franséische President ass gëschter mat eppes Retard am Schlass zu Meseberg (Brandenburg) ukomm. Deen hat jo um Méindeg och eppes interne Klärungsbedarf, nodeem d‘Kommunalwahlen net wierklech no sengem Wonsch verlaf sinn. D‘Bundeskanzlerin huet hire Gaascht op der grousser Trap empfaangen an uschléissend gouf sech mediewierksam am Gaart zesummegesat.

Esou kuerz virun der Iwwernam vun der Presidence, war et dem Angela Merkel ganz wichteg op den Zesummenhalt vu béiden Natiounen hinzeweisen. Si huet dann och gemengt: „Wa sech Däitschland a Frankräich eens sinn, ass sech net Europa eens. Wann sech awer Däitschland a Frankräich net eens sinn, dann ass et schlecht ëm d‘Eenegkeet an der Unioun bestallt“.

Bei dësem Treffen ass et dann och virun allem drëms gaangen, bezunn op d‘EU-Presidence, der Unioun ee positiven Impuls ze ginn. An dat gesäit den Emmanuel Macron net anescht: „Mir sinn un engem Punkt ukomm, wou et ëm d‘Wourecht fir Europa geet. Mat den däitsch-franséische Pläng fir de Coronavirus-Hëllefsprogramm, kann dorausser ee Moment vum Erfolleg ginn“.

Den Hëllefsprogramm, ee gemeinsame Plang vu béide Regierungscheffen – hei ass riets vun de 500 Milliarden Euro, aus deenen d‘EU-Kommissioun da 750 Milliarde gemaach huet – ass jo fir den Ament nach eppes ëmstridden. Besonnesch d‘Länner aus dem europäeschen Norde schéngen net gewëllt sech fir de „Süden“ mat ze verschëlden, wat natierlech Problemer mat sech bréngt.

Et fänkt un ze presséieren

An awer hält de franséische President u sengem Engagement fest, a wëll dëse Fonds beim nächsten EU-Sommet (Mëtt Juli) beschléisse loossen. Dat wäert éischter net de Fall sinn, och net ënnert der Presidence vun Däitschland. Den Emmanuel Macron kann deem bis heihinner nëmme mat Argumenter begéinen, a bezeechent de Widderstand als Selbstgol fir dës Länner.

Dës Länner géifen alleguerte kloer vum Bannemaart profitéieren, firwat et net an hirem Interessi ka leien, aner Länner am Ree stoen ze loossen. Dësem Hëllefsprogramm zouzestëmme wier also net nëmmen an Akt vu Solidaritéit, mee wier och am Sënn vun den eegenen Interessen. Anescht wéi d‘Bundeskanzlerin, setzt sech elo den Emmanuel Macron och fir ee Klimaplang an.

Esou kann sech de franséische President eng europäesch CO²-Grenzsteier virstellen. Gemengt ass domadder eng Steier op Importer aus Drëttlänner mat nidderegen Ëmweltstandarden. D‘Angela Merkel, déi dës Iddi net begeeschtert huet, kéint sech, wann dës Steier den WTO-Richtlinnen entsprécht, uschléissen. An dat obwuel d‘Däitschland seng Klimaziler net erreeche wäert.

Fir den Emmanuel Macron, dee bei de franséische Kommunalwahlen eng massiv Progressioun vun der „Ecologie Europe – Les Verts“ huet missen zur Kenntnis huelen, mee trotzdeem Ambitiounen op en zweet Mandat huet, ass de Klimaschutz dann elo och zur moralescher Flicht ginn. An der Politik muss een -. zumindest wann een un de Muecht festhält – ëmmer eppes flexibel sinn.

mat indymedia/ber

Foto: D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel empfänkt de franséische President Emmanuel op der grousser Trap vum Schlass zu Meseberg. © Bundesregierung / Bergmann

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, Emmanuel Macron, EU-Klimaplang, Frankräich, Hëllefsprogramm, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel