Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Reklassement: Endlech eng Léisung a Siicht!
Neiegkeeten

Reklassement: Endlech eng Léisung a Siicht!

E Mëttwoch 27. Februar, huet den Aarbechtsminister, Dan Kersch (LSAP)

surprise
Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht
Neiegkeeten

Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht

Eng 270 verantwortlech Kader vun der Protection Civile, de Pompjeeën

Den ACL informéiert
Neiegkeeten

Den ACL informéiert

Wéi den Automobil Club Lëtzebuerg (ACL) et matgedeelt huet, kann

Du mengs, däin Internet wier ze lues? Mat dëser App kanns du et selwer kontrolléieren!

Den Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) presentéiert en eegens op de Lëtzebuerger Marché ugepasst Tool

Du mengs, däin Internet wier ze lues? Mat dëser App kanns du et selwer kontrolléieren!

Et gëtt näischt Schlëmmeres, wéi e Video op Youtube oder e Film op Netflix, deen einfach net luede wëll. Oder net an där Qualitéit gewise gëtt, an där e kéint lafen. De Grond dofir kann ënnert anerem un der eegener Internetleitung leien. Déi bréngt eventuell net déi Geschwindegkeet, déi ee vum Kontrakt hier garantéiert kritt. Mee wei soll een et kontrolléieren?

Dofir ginn et am Internet verschidde Siten, déi genau dat ubidden. Déi nei Offer vum Luxembourgeois de Régulation (ILR) ass awer spezifesch op de Lëtzebuerger Marché ugepasst a gëtt engem genau Donnéeën. Ob um Laptop, PC oder mam Smartphone, et kann ee schnell a gratis seng Geschwindegkeet testen. Dobäi gëtt net nëmmen Download- an Uploadgeschwindegkeet getest, mee och d’Ping, also d’Reaktiounszäit vun de Servern. Déi ass beispillsweis immens wichteg bei kompetitiven Onlinespiller.

Dem Konsument kritt hei d’Méiglechkeet, sech selwer ze informéieren

Wat dësen Tool awer wierklech vun der Konkurrenz ofhieft ass, datt een d’Resultater vun den Tests, déi aner Leit gemaach hunn, och op enger Kaart ka gesinn. Do kann een no Ubidder an der Aart vum Test filteren. Wien sech nëmme fir Festnetzgeschwindegkeeten interesséiert kann sech esou schnell orientéieren.

E Faarfcode weist engem dobäi, wéi déi eegen Internetexperience ze beuerteelen ass. Dat ass keen Indikator dofir, wei gutt di eege Leitung fonctionnéiert – dat muss ee selwer mat sengem Kontrakt vergläichen – mee éischter en Hiwäis doropper, op een zum Beispill HD-Videoë ka streamen.

Domat ass net nammen de Client gutt informéiert, ma e kann och kucken, op d’Netzneutralitéit erhale gëtt. Bei der Netzneutralitéit muss et dem Internetprovider egal sinn, wou d’Donnéeën hierkommen a wat fir een Inhalt se hunn. All Datepak muss d’selwecht behandelt ginn. Um Portal kann een da gesinn, op eppes um Inhalt geännert ginn ass, oder esouguer verschidde Servicer guer net ginn.

Wien feststellt, datt en net déi Leeschtung kritt, déi versprach ass oder aner Problemer bestinn, kann mat den Donnéeën vun der App bei säin Ubidder goen. Am Sträitfall vermëttelt och d’ILR. Allerdéngs sollt een den Test e puer mol, ënnert verschiddene Bedingungen duerchfeieren, well verschidde Faktoren eng Roll spille kennen. Do trefft et sech da gutt, datt een sech d’Resultater ofspäichere kann.

Beim Handy ginn et aner Konditiounen

Speziell ass den Test, wat d’Handyen ugeet. Do muss een uginn, op een sech dobaussen oder an engem Gebai befënnt. Dëst kann nämlech e groussen Afloss op den Empfang hunn. Wat nach anescht ass wei beim Festnetz: Mindestgeschwindegkeete ginn hei vum Provider net garantéiert, well vill äusserlech Faktore present kënne sinn, déi den Empfang séiere kéinten.

Well de Prinzip vum Open Data gefollegt gëtt, sinn d’Daten an d’Statistiken och komplett ofruffbar. Mee keng Suerg, perséinlech Donnéeën ginn net weider ginn, well se anonymiséiert ginn. Domat soll eng nei Transparenz vun der Offer an der Kommunikatioun erreecht ginn. A wie weess, villäicht ass dëst och en Usporn fir d’Ubidder, de Service ze verbesseren oder et fënnt een eng besser Offer iwwert dësen Tool.

Den Outil ass gratis op de groussen App-Store (Android, iPhone) gratis ze kréien. Um PC kann en am Browser hei opgeruff ginn.

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, ILR, Internet, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel