Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!
Money Neiegkeeten

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!

Zum Gesetzesprojet zur “Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch” ginn et

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff
Money Neiegkeeten

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff

Eise Premierminister läit net am Sträit mam Haff, mee kann

CSV: De Wëllen, nees Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen, ass ongebrach
Money Neiegkeeten

CSV: De Wëllen, nees Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen, ass ongebrach

De Fraktiounschef an zukünftege Spëtzekandidat vun der CSV, Claude Wiseler,

money

De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget

De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget

Et ass ni einfach fir eng Regierung e Budget op den Dësch ze leeën dee jiddereen zefridde kéint stellen. Et ass dann och schonn Traditioun, datt besonnesch de politesche Géigner senger Flicht nokënnt an op alles hiweist wat net geet. Normal ass et dann och, datt sech d‘Acteuren aus der Wirtschaft mat engem „Avis“ zu Wuert mellen.

Esou och den Carlo Thelen, Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zu Lëtzebuerg. A sengem Blog geet hien dann och op ee puer Punkte vum Budget an, mat deenen hien, esou schéngt et, seng Schwieregkeeten huet. Erënnere mer dann op dëser Plaz kuerz drun, datt de Mann deen de Budget virgeluecht huet, also de Pierre Gramegna, Generaldirekter vun der Handelskummer (2003-2013) war.

De Carlo Thelen ass dann zwar mat de Prioritéiten am Budget: Liewensqualitéit, Kompetitivitéit a Kontinuitéit, averstanen huet dann awer Plazeweis mam Projet ze kämpfen. Fir d‘Handelskummer wier d‘Liewensqualitéit fundamental wichteg, an et wier si gewiescht déi den Debat zu engem qualitative Wuesstem lancéiert hätt. Dat ass esou net ganz richteg, mee de Carlo Thelen huet dann awer Recht ze bemierken, datt ee méi ekonomesch mat de Ressource muss ëmgoen.

Spuersam sinn an awer d‘Produktivitéit steigeren, datt wënscht sech all Patron, an deenen hir Interessen ze verdeedegen ass dann och dem Carlo Thelen seng éischt Aufgab. Den Ekonomist ass e Frënd vun den Zuelen a stellt fest, datt wann de wirtschaftleche Wuesstem bei 2,7% läit, d‘Aarbecht awer eng Hausse vun 3,3% verzeechent, d‘Produktivitéit ëm 0,6% géif ofhuelen.

Dat stëmmt dann esou net ganz, mee bei der Handelskummer geet et ëm de Profit deen d‘Patronat kann erwirtschaften, an dee kann ni grouss genuch sinn. Datt dann och nach d‘Salairen ëm 1,7% solle klammen (ouni Inflatioun) mécht kloer, datt d‘Entreprise musse fiskalesch entlaascht fir international kompetitiv ze bleiwen. De Chef-Ekonomist hätt dann och gäre steierlech Erliichterunge fir d‘Patronat, esou wéi se de Menagë mat der Steierreform zougestane goufen.

E konsolidéierte Budget dee fir Kappzerbrieches suergt

Engem Budget dee schwéier defizitär ass, wat jo och scho vun der CSV an dem ADR op ville Säiten erläutert ginn ass, kann dann och de Carlo Thelen net vill Positives ofgewannen. Datt d‘Staatsschold ënnert den 30% vum BIP bléift iwwerzeegt de Chef-Ekonomist net, an hie bezitt seng Suerg op d‘Fragilitéit vun der Sozialversécherung a méi prezis d‘Pensiounen.

A Wierklechkeet gëtt et him hei awer virun allem ëm d‘Sécherheet vum „Rating“. Also wéi friemlännesch (dat sinn haaptsächlech amerikanesch Agencen) d‘Wirtschaftsleeschtung vu Lëtzebuerg beuerteelen. Eisen „tripple A“ also quasi déi beschten Note déi e Land kann hunn, wat sech dann awer virun allem seng Kredibilitéit bezitt, ass wéi et de Carlo Thelen an sengem Blog beschreift: „eng Fro vum Iwwerliewe fir d‘Finanzplaz“.

Hei weist dann de Carlo Thelen awer och selwer drop hin, datt virun der Kris (2000 – 2007) eist Land e budgetären Iwwerschoss verzeechent huet, déi bei 2,5% vum BIP geleeën huet. Aktuell géif en Iwwerschoss vun 1,7% vum BIP fir 2021 erwaart ginn. Do wäre vill EU-Länner frou, mee wann een tëscht den Zeile vum Chef-Ekonomist liest, esou kéint een unhuelen, datt dat net duer geet fir den Entreprise zousätzlech Steierkaddoen ze maachen.

Esou dann och d‘Bemierkung: „… de Budget schéngt de Rendement vun den zukünftege Steiere vun de Menagen oder deenen déi d‘Societéiten treffen, ze iwwerschätzen“. Dat ass dann awer e Statement deen dem Minister Gramegna esou net dierft gefall hunn. Mee och do gëtt de Vetrieder vun der Handelskummer senger Roll gerecht, déi do ass den Entreprisen de maximale Profit ze erméiglechen.

D‘Administratioune sinn ze deier

Kee bezilt gäre Steieren, a schonn emol ganz bestëmmt net déi wou et kënnen. Sozial Verantwortung ass eppes wouriwwer ee schwätzt an mëttels Spenden no bausse weist. Et ass awer dat Geld wat de Fonctionnement vun der Administratioun an dem Staat am grousse ganze sécherstellt.

An och déi Depense klamme vu Joer zu Joer. Vun 2019 bis 2021 soll d‘Progressioun bei 3,8% leien, esou d‘Informatioun aus dem Finanzministère. Wann se elo, esou wéi et de Carlo Thelen fäert, ëm 5% klammen, wat wuel nach ënnert der historescher Moyenne vun 6% ass, da wieren zwee Drëttel vum previsionnelen Iwwerschoss op ee Schlag fort. Datt dat dann och en Impakt op den einfache Bierger hätt, ass fir de Chef-Ekonomist net esou schlëmm wéi dat wat et fir d‘Entreprise géif bedeiten.

De Carlo Thelen fuerdert da quasi vun der Regierung, d‘Ausgabe fir d‘Administratiounen ze drosselen, fir datt dat wat gespuert ka ginn, op der aner Säit de Wirtschaftsacteuren op iergend eng Aart a Weis kann zegutt kommen. Steiere sinn scho per Definitioun eppes wat de Firmen opstéisst, grad ewéi Paie bezuelen. Sinn d‘Steieren ze héich hemmt dat de Wuesstem. Beim Wonsch de Wuesstem qualitativ ze verbessere mussen déi niddreg gehale ginn, fir se niddreg ze hale muss bei den Administratioune gespuert ginn.

Ähnlech Sujeten Carlo Thelen, Handelskummer, Pierre Gramegna, Staatsbudget
Nächsten Artikel Virrechten Artikel