Search

You may also like

What the Fakt – Stëll ass d’Nuecht!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Stëll ass d’Nuecht!

Mir all kennen wuel d’Lidder, déi un Helleg Owend gesonge

Setzt Frankräich d‘Sonnebänken op den Index?
International Neiegkeeten

Setzt Frankräich d‘Sonnebänken op den Index?

D‘Zäit vun de „Sonne-Studioen“ a Frankräich kéint gezielt sinn. Am

dislike
US-Sitcom Roseanne no rassisteschem Tweet och an Australien vun der Antenn geholl
International Neiegkeeten

US-Sitcom Roseanne no rassisteschem Tweet och an Australien vun der Antenn geholl

Déi australesch Televisiounschaîne „Network Ten“ huet et um Mëttwoch den

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt

US-President bestätegt Neutraliséierung vum Kassim al-Rimi, militäresche Leader vun der Terrororganisatioun

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt

D‘Amerikaner, déi sech am Jemen net offiziell „selwer“ um Konflikt bedeelegen, well déi Missioun vu Saudiarabien iwwerholl gëtt, hunn eegenen Informatiounen no, mat enger Dron de Chef vun der jemenitescher al-Quaida Sektioun ëmbruecht. Den Uerder fir dësen Asaz wier direkt vum Donald Trump komm, esou d‘Matdeelung aus dem Wäissen Haus.

Wéi et heescht, war de Kassim al-Rimi säit 2015 de Leader vun der Sektioun „ al-Quaida op der arabescher Hallefinsel“ (AQAP). Hien hat d‘Féierung iwwerholl, nodeems säi Virgänger och duerch eng Dron „neutraliséiert“ gi war. Zu den Ëmstänn a wéini elo d‘Amerikaner den Terrorist dout gemaach hunn, mécht d‘US-Regierung keng weider Aussoen.

al-QuaidaGewosst ass awer, datt d‘USA eng Belounung vu bis zu 10 Milliounen US-Dollar op de Kapp vum Kassim al-Rimi ausgesat haten. Si hunn dem Islamist virgeworf zuelräich Uschléi op Amerikaner an/oder amerikanesch Installatiounen organiséiert ze hunn. Esou och d‘Attack op d‘US-Ambassade am Jemen (2008). Beweiser goufen dozou keng virgeluecht.

Laut dem Wäissen Haus, huet den Terrorist am Afghanistan fir den Osama bin-Laden geschafft an uschléissend am Jemen Zivilisten ëmbruecht. Hie gëtt zudeem fir Attacken op d‘Interesse vun den USA an hiren Zaldote verantwortlech gemaach. Duerch säin Dout wiere Gefore fir déi „national Sécherheet“ vun den USA eliminéiert ginn. Esou d‘Behaaptung…

Méi Liewen si méiglech

Interessant och, datt laut der New York Times, de Kassim al-Rimi schonn Enn Januar eng éischt Kéier bei engem Loftugrëff „neutraliséiert“ ginn ass. Den Donald Trump hat sengerzäit och via Twitter esou eppes ugedeit, d‘Confirmatioun ass dunn awer ausbliwwen. Elo dann awer soll et endlech Gewëssheet ginn, an dat erfëllt och e politeschen Zweck.

Den Donald Trump, deem en zweet Mandat als gréissten, beschten an diplomatesch nach ni do gewieschten US-President als sécher schéngt, brauch natierlech och esou Erfolleger. Mat dëser Ermordung ënnersträicht de 45. US-President seng Entschlossenheet de Kampf géint den Terror weiderzeféieren an, dat ass de Plang, och ze gewannen.

al-QuaidaPropaganda ass awer keng Sakgaass an och de Kassim al-Rimi huet, nodeems et am Dezember zu Pensacola op der Air-Base zu engem „Uschlag“ duerch ee saudesche Fluchschüler komm war, an enger Videomessage d‘Verantwortung fir dës Dot iwwerholl. Ob hien tatsächlech domadder kann a Verbindung bruecht ginn, war an ass esou net ze beweisen.

Am Oktober hunn „US-Spezialisten“ de Leader vum IS am syreschen Nordwesten ëmbruecht an uschléissend och den iranesche Generol Quassem Soleimani zu Bagdad mëttels enger Dron „explodéiert“ wat zu geféierleche Spannunge gefouert huet an déi irakesch Regierung genéidegt huet d‘Amerikaner opzefuerderen, d‘Land elo ze verloossen.

D‘USA, déi un all Konflikt zumindest als „Fournisseur“ bedeelegt sinn, setzen zanter Joren Dronen am Jemen an, an dat net eleng géint vermeintlech Terroristen. Virun allem notzen déi amerikanesch Geheimdéngschter d‘Drone ganz extensiv, och wann dës Asätz offiziell net existéieren – bis et sech politesch positiv notze léisst – an net zwéngend op Uerder vum Chef…

mat indymedia/was

Illustratioun: Pixabay

Related topics al-Quaida, Donald Trump, Dronen, Jemen, Kassim al-Rimi, US-President, US-Wahlkampf 2020
Next post Previous post