Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!
International Neiegkeeten

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet bei der

US-President mat neier Provokatioun
International Neiegkeeten

US-President mat neier Provokatioun

Mat der Fuerderung vum Donald Trump, déi europäesch Länner hätte

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen
International Neiegkeeten

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen

Säit dem 27. November an nach bis den 22. Dezember,

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden

En Donneschdeg huet et an den USA nees e politescht Äerdbiewe ginn, nodeems den Jim Mattis, US-Verdeedegungsminister, seng Demissioun vun der Trump-Regierung annoncéiert huet. Et ass dat dem Jim Mattis seng Äntwert op d‘Entscheedung vum US-President, d‘US-Truppen aus Syrien ofzezéien. Vun dëser Decisioun goufen déi amerikanesch Alliéiert ouni Virwarnung getraff.

D‘Demissioun vum Jim Mattis, engem op der internationaler Zeen unerkannten a respektéierte Mann, dee fir Stabilitéit an enger duerchgerëselter Administratioun gesuergt huet, sollt dem Locataire aus dem Wäissen Haus ze denke ginn. An engem Bréif un den Donald Trump, huet den 68 järegen ex-Generol vun de Marines drop higewisen, datt ee seng Alliéiert mat Respekt behandelt.

Eng Reaktioun déi däitlech drop hiweist, datt sech den Zaldot a de Star vun der Tëleerealitéit net méi verstinn. Iwwerhaapt hat de Jim Mattis wéineg Versteesdemech fir e President, deen sech an de leschte Méint ee Staatschef nom aneren „virgeholl“ huet. „Ech denke mech zréckzezéien ass dat richtegt“ heescht et weider am Bréif un den Donald Trump. De muss sech elo der Kritik stellen.

Wat am Bréif war net verständlech?

Dem Jim Mattis säi Schratt, huet bei de politesche Vertrieder vu béide Lager gläichermoosse fir Enttäuschung a Kappzerbrieches gesuergt. „Et ass en trauregen Dag fir eist Land“, esou d‘Nancy Pelosi, Cheffin vun den Demokraten an der Representantekummer. Als Echo, huet den Chuck Schumer, Chef vun der demokratescher Minoritéit am Senat, d‘Demissioun bedauert.

An engem eppes méi „spatze“ Communiqué, huet de Republikaner, Marco Rubio, nodeem hien d‘Missive gelies hat, nëmmen nach kënne feststellen, datt „d‘USA sech an enger Rei vu grousse politesche Feeler engagéieren“, déi op Dauer d‘Allianze schiedegen oder esouguer a Fro stellen. Den Trump hat sengersäits am Tweet just wësse gelooss, dat de Jim Mattis am Februar ophält.

Interessant och de Fait, datt den US-Verdeedegungsminister, a sengem Bréif net direkt op den Dossier „Syrien“ agaangen. Hien huet just erwähnt, datt déi international Koalitioun géint den „Islamesche Staat“ (IS) eigentlech de Sënn an den Zweck vun Allianze bestätegt. De Jim Mattis weess awer, a wéi enger Form seng Demissioun wäert interpretéiert ginn, net eleng wéinst Syrien.

Och aus dem Afghanistan gëtt sech zréckgezunn

De Biergerkrich a Syrien, d‘Situatioun am Irak mee och an Afghanistan leeft et nach net ronn. Fir Stabilitéit soll eng Allianz suergen. Mee ausser aus Syrien, wëll den Donald Trump och seng Truppen aus Afghanistan zréckhuelen. Afghanistan ass de bis ewell längste Konflikt an deen d‘USA agebonne sinn. De Wall Street Journal an d‘New York Times hunn Detailer bekannt gemaach.

Amerika hätt net d‘Vocatioun de Gendaarm vum mëttleren Osten ze sinn, huet de Milliardär seng Entscheedung, ronn 2.000 U-Zaldoten am Norde vu Syrien ofzezéien, verdeedegt. Eng Decisioun, déi géint den Avis vun enger Rei Membere vun der Administratioun esou geholl ginn ass. Elo ass et awer eng Entscheedung déi ongeahnt Konsequenzen, grad fir d‘Koalitioun wäert hunn.

Wann sech eng Rei Froe stellen: iwwert d‘Zukunft vun de Loftschléi géint den IS, der Politik vu Washington géintiwwer dem Iran, oder eng Entscheedung déi Russland de Wee fräi mécht, esou kann sech den Donald Trump wéinstens drop behaapten, säi Wahlverspriechen anzehalen. „Et ass un der Zäit datt sech anerer schloen“, hat den US-President op Twitter gemengt.

Vill Geld verplempert an näischt erreecht

Den Donald Trump ass der Meenung, datt d‘USA näischt anescht erreecht hunn, wéi de Verloscht vu wäertvollem Liewen, a Milliarden Dollar. Hien invitéiert Russland, Iran, Syrien an nach eng ganz Partie anerer, d‘Relève z‘Iwwerhuelen an sech ëm den IS ze këmmen. Deen Islamesche Staat, vun deem den US-President behaapt huet, datt e geschloe wier. Experte gesinn dat anescht.

Fir de russesche President Vladimir Putin, deen a Syrien de Regime vum Bachar al-Assad a vollem Ëmfang ënnerstëtzt, war et wichteg eng „richteg Decisioun“ ze begréissen: „Den Donald huet Recht mir hunn dem IS es zolidd op d‘Bake ginn“. Richteg ass awer nëmmen, datt de sougenannte Kalifat schwéier ugeschloen ass, a kaum nach Territoire kontrolléiert, mee eliminéiert ass deen nach net.

Dës „Organisatioun“ déi hiren Héichpunkt 2014/15 hat, ass wuel nach just e Schied vu sech selwer, mee se bleift geféierlech, net well si sech ee puer „Plaze“ séchere konnt, mee virun allem, well hir Kapassitéit uechtert d‘Welt Uschléi ze organiséieren (oder wéinstens fir sech ze beusprochen) ass weiderhin ongebrach. Däitschland, Frankräich a Groussbritannien sinn sech dees bewosst.

En ëmmer méi isoléierten US-President

Déi dräi europäesch Alliéiert vum Donald Trump sinn reegelméisseg d‘Zil vun Uschléi déi da vum IS revendiquéiert ginn, a kënnen déi vun der US-Administratioun getraffen Entscheedung esou net novollzéien. Fir déi franséisch Presidence, beweist dës (idiotesch) Entscheedung, datt den Donald Trump sech ëmmer weider vun der internationaler Communautéit a senge Partner trennt.

An den däitschen Ausseminister, Heiko Maas, sot datt een hei wësse muss, datt „den Islamesche Staat wuel zréckgedrängt ginn ass, mee sech un der Bedreeung näischt geännert huet (…) dem US-President seng Entscheedung schued dem Kampf géint den Dschihadismus“ D‘Tierkei an den Iran hunn direkt matenaner Kontakt opgeholl, well och si zolidd Interessen an der Regioun hunn.

Den tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan, an den iranesche President, Hassan Rohani, sollen sech iwwert „den Impakt vun der amerikanescher Decisioun“ concertéiert hunn. Deen éischte wëll sech nieft dem IS och direkt vun de Kurden entleedegen, den Iran gesäit a Syrien och eng gréisser wirtschaftlech Opportunitéit, zemools wou een eng gutt Bezéiung mat Moskau ënnerhält.

mam Jérôme Cartillier an dem Francesco Fontemaggi

Foto: Beim 35. Commemoratiounsdag vum Ugrëff op d‘Beirut Baracks (1983), waren den Donald Trump an de Jim Mattis nach frëndschaftlech verbonnen. Dat ass gëschter mat der Demissioun vum US-Verdeedegungsminister op en Enn gaangen. © Chip Somodevilla/AFP

Ähnlech Sujeten Demissioun, Donald Trump, Jim Mattis, Syrien, US-Verdeedegungsminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel