Search

You may also like

Petitioun zum Verbuet vum Handel mat Haiflossen – Är Stëmm zielt!
Neiegkeeten

Petitioun zum Verbuet vum Handel mat Haiflossen – Är Stëmm zielt!

Stell Dir et einfach emol vir: Du läis gemitterlech um

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous
Neiegkeeten

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous

Och dëst Joer huet d’Diddelenger Gemeng bei der Fête de

Frankräich: En Dekret fir d‘Affer vun haislecher Gewalt
Neiegkeeten

Frankräich: En Dekret fir d‘Affer vun haislecher Gewalt

Fraen déi Affer vun haislecher Gewalt sinn, kënnen elo, dank

CHEM: Mobbing-Virwërf widderluecht

CHEM: Mobbing-Virwërf widderluecht

Laut der Enquête an dem Ofschlossbericht vum staatlech unerkannten Institut Colleen-Besch, dat eigentlech en „Coaching / Training Institute“ ass, kéint een déi vu engen 20 CHEM-Mataarbechter gemaachte Mobbing-Virwërf net confirméieren. Esou d‘Matdeelung vum CHEM-Verwaltungsrot leschten Donneschdeg. Et hätt awer Feelverhale ginn, vun deem d‘Direktioun näischt gewosst hätt.

D‘Institut, dat d‘Schwéierpunkten: Kommunikatioun, Management & Leadership, Performance & Work-Life Balance, a Sophrologie als „Formatioun-Entreprise“ behandelt, soll 28 Persoune befrot hunn. Bei dëse Gespréicher hunn d‘Enquêteure vum Institut Colleen-Besch festgestallt, datt et dann awer „latent a bekannt“ Konfliktsituatioune gëtt, déi bis ewell net „konstruktiv geléist“ konnte ginn.

Si konnten awer net d‘Hannergrënn novollzéien, déi Enn August vu CHEM-Mataarbechter beweegt hunn, beim President vum Verwaltungsrot eng Klo anzereechen. Dës ronn 20 Salariéeën hu sech vun hirer Cheffin kujenéiert gefillt, an dat iwwer Méint ewech. Nodeems da Bertelsmann/RTL eng Reportage iwwert dës Ëmstänn gemaach huet, ass Beweegung an der Verwaltungsrot komm.

Wann dat betraffend Personal dann awer net wollt „oppen“ an d‘Kamera schwätzen – well si hei mat weidere Problemer säitens der Direktioun gerechent hunn – esou schéngen déi gemaachte Virwërf net mat den Hoer erbäigezunn ze sinn. Jiddefalls huet de Verwaltungsrot vum Spidol Emile Mayrisch per Communiqué matgedeelt, datt een am gaange wier de Problem ze ënnersichen.

De Verwaltungsrot huet esouguer eng Kommissioun agesat fir de Mobbing-Virwërf nozegoen, an esou festzestellen a wéi enge Situatiounen dës Uschëllegungen de Fakten entspriechen. Elo, mam Bericht vum genannten Institut, ass gewosst, datt et kee Mobbing am CHEM gëtt. Dat verhënnert net, datt Verwaltungsrot an Direktioun elo en Aktiounsplang fir d‘Personal ausgeschafft hunn.

Et wéilt ee esou oder änleche Situatioune begéinen iert se entstinn. Sënn an Zweck wier et, iwwert dësen Aktiounsplang d‘Wuelergoe vun de Mataarbechter ze garantéieren. Interessant hei: wann neit Féierungspersonal agestallt gëtt, soll sech besonnesch de soziale Kompetenze vun de Kandidaten ugeholl ginn. Zäitno soll och eng Verhalen- an Ethikkommissioun op d‘Bee gestallt ginn.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics CHEM, Ethikkommissioun, Institut Colleen-Besch, Konflikter, Mobbing
Next post Previous post