Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dammefussball: Beetebuerg ka seng Positioun ausbauen
Neiegkeeten

Dammefussball: Beetebuerg ka seng Positioun ausbauen

D‘Entente Wuermer-Mënsbech/CS Gréiwemaacher huet sech um 5. Spilldag vum Championnat

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen
Neiegkeeten

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen

Bei der grenziwwerschreidender Kooperatioun QuattroPole si ganzer 54 Kandidature fir

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg
Neiegkeeten

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg

Um 11. Mäerz 2019 ass den delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung,

Mir wëssen ëmmer nach net genuch iwwert Parkinson – Elo gëtt och am CHEM zu Esch gefuerscht!

Mir wëssen ëmmer nach net genuch iwwert Parkinson – Elo gëtt och am CHEM zu Esch gefuerscht!

Zu Lëtzebuerg geet ee vu ronn 1.000 Mënschen aus, déi ënnert Parkinson leiden. Weltwäit geet ee vu 7 bis 10 Millioune Patienten aus. Eng Zuel déi, esou d‘Experten, an Zukunft nach soll vill méi héich leien.

D‘Experte stellen als Ursaach déi erweidert Liewensdauer an de Virgrond. D‘Krankheet selwer ass allerdéngs komplex, an et gëtt vill méi Aflëss, déi d‘Krankheet kënnen ervirruffen, wéi nëmmen de Fait, datt d‘Liewenserwaardung gewuess soll sinn. Esou sollen och d‘Pestiziden als Ausléiser vir d‘Krankheet verantwortlech sinn.

Am Escher Spidol (CHEM) wëll ee sech méi mat der Krankheet ausenanersetzen, a virun allem d‘Pathologie besser Verstoen. Fir dat bessert Verständnis, huet sech den CHEM op e Partenariat mam „National Center of Excellence in Parkinson‘s Disease“ (NCER-PD) agelooss.

Wa gewosst ass, datt an de meeschte Fäll Parkinson ab 65 Joer ausbrécht, esou muss och gewosst sinn, datt et medezinesch net méiglech ass, d‘Pathologie „Morbus Parkinson“ ze behiewen.

D‘Krankheet gouf 1817 vum briteschen Dokter James Parkinson eng éischte Kéier an der Monographie „An Essay on the Shaking Palsy“ detailléiert beschriwwen, ass awer säit der Antik duerch d‘Schrëfte vum Aulus Cornelius Celsus bekannt.

Sech an d‘Haut vun engem Parkinson-Patient versetzen

E Mëttwoch 11. Abrëll war Welt-Parkinsondag an de CHEM hat d‘Leit agelueden, sech iwwert d‘Krankheet ze informéieren. Et konnt ee vun 9:00 bis 16:00 Auer gewuer ginn, wéi eng Behandlungsmethoden et gëtt, a wat fir Fortschrëtter d‘Wëssenschaft gemaach huet.

Ganz interessant a bei de Leit gutt ukomm, de Fait datt ee sech mat den Experte vum NCER-PD, wéi och dem Neurolog Dr. Alex Bisdorff, iwwert d‘Pathologie konnt ënnerhalen. Zudeem konnt een eng ganz Rëtsch Tester absolvéieren, wat vum Public appreciéiert ginn ass.

CHEM

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wiem dat net genuch war, dee konnt de „Parkinson-Kostüm“ undoen, an esou fir e laangen Ablack sech an d‘Haut vun engem Parkinson-Patient versetzen. Eng Erfahrung déi villen d‘Aen opgemaach an se sensibiliséiert huet. Wat ee kennt, kann ee besser verstoen, a Versteesdemech ass wichteg.

De Welt-Parkinsondag am CHEM huet dann och en Objektiv: d‘Ënnerstëtzung vun der aktueller Fuerschung. 2015 ass eng Etüd lancéiert ginn, déi soll dozou bäidroen, datt een d‘Pathologie besser versteet. Onheelbar, ass et de Fuerscher wichteg, e méiglechst fréien Diagnostik maachen ze kënnen an weider Behandlungsmethoden ze entwéckelen.

An dësem Kontext ass dann och de Rekrutement vu Parkinson-Patiente, iwwert de klassesche wéi och den atypesche Wee wichteg. Wichteg och, de Rekrutement vu „gesonde“ Kandidaten. Dat zu Lëtzebuerg an och an der Groussregioun. Gesicht ginn 1.600 Leit, vun deenen d‘Hallschent vun der Pathologie betraff sinn.

Um Mëttwoch konnt ee sech direkt op engem Stand am CHEM aschreiwen, mee wien net do war, awer um Thema interesséiert ass, kann sech um Telefon 4411-4848 oder op www.parkinson.lu informéieren.

Titelbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CHEM, NCER-PD, Parkinson, Pathologie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel