Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schlecht Stëmmung bei der Post
dating on the rebound signs

Schlecht Stëmmung bei der Post

Bréifdréier an Schalterpersonal geroden ënner Drock, Clientë kréie ferm an

online security hookup badge
dating on the rebound signs

sugar daddy dating rules

Am Verglach zum November 2017 huet sech am Dezember wéineg

Saudi-Arabien Deal: „wichtegste Waffenhandel an der amerikanescher Geschicht“
dating on the rebound signs

Saudi-Arabien Deal: „wichtegste Waffenhandel an der amerikanescher Geschicht“

Et war ee kinneklechen Empfang deen dem Donald Trump op

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!

Um haitegen Dag organiséiert den CHEM ee Sensibiliséierungs- an Informatiounsstand zum Thema Schlof. Eng angenehm Nuecht ass nämlech net nëmme wichteg fir déi physesch a psychesch Erhuelung, mee och generell fir eis Gesondheet an een idealen Dagesoflaf. Ëmmer méi Leit leiden allerdéngs un diverse Schlofproblemer, woufir Léisungen a Behandlungen offréiert kënne ginn.

Vill vun eis kennen de Problem, datt een net an- oder duerchschlofe kann, an uschléissend de ganzen Dag mat senger Middegkeet gehäit ass. Europawäit sollen 1/3 vun der Bevëlkerung Problemer am Beräich vum Schlof hunn. Dobäi ass dës Erhuelung wärend der Nuecht liewenswichteg – wakereg an entschlof sinn stellen zwee fundamental physiologesch Aspekter vum Liewen duer. An de 7,5 Stonnen, déi de Mënsch u Schlof braucht – an dat ass nogewisen – ginn d’Funktioune vum Kierper recuperéiert a rekalibréiert. Besonnesch wärend dëser Zäit schafft d’Gehir immens intensiv.

Duerch seng essentiell Roll an eisem Liewen, existéieren am Ëmkéierschloss och eng Rëtsch Impakter, déi ee schlechte Schlof mat sech bréngt. Dozou gehéiert:

  • Schléifregkeet wärend dem Dag, wouduerch eis Opmierksamkeet verréngert gëtt
  • D’Kierpertemperatur schwankt hin an hir
  • D’Energiestocken vun de Muskel- an Nervenzelle kënnen net nees hiergestallt ginn
  • D’Hormoner gi gestéiert, virun allem de Wuesstemshormon an de Melatonin
  • Regulatiounsfunktioune si gestéiert, wéi beispillsweis den Zockerspiggel
  • Gëftstoffer ginn net ganz ausgescheet
  • Den Immunsystem verléiert seng Ofwierfäegkeet
  • D’Laun ass am Keller a Stress gëtt verspuert
  • Eist Gediechtnes a Léiermechanismen sinn gestéiert

Wien sech entscheet nach bis 16:00 Auer haut de Mëtteg an de Centre Hospitalier Emile Mayrisch op Esch-Uelzecht ze fueren, deen trëfft op immens sympathescht a kompetent Personal, wat engem immens breetgefächert Wësse vermëttelt an, am Fall wou een et benéidegt, Behandlungsmethode presentéiert.

De Schloflabo zu Nidderkuer

Fir de Schlof ze analyséieren ass de Schloflaboratoire am Spidol zu Nidderkuer net ewech ze denken. Virun dëser Ënnersichung muss een allerdéngs guer net fäerten, schliisslech kann een zwou Nuechten hei schlofen an op Besserung hoffen. An enger éischter Nuecht gëtt beobacht an analyséiert, wat de Problem ass. Bei dësem Deel gëtt zum engen d’Ootmung gekuckt (wéi sech de Broschtkuerf beweegt a geotemt gëtt), sou wéi och d’Gehirfunktiounen, de Verlaf vum Schlof a wéi sech d’Muskelen am Schlof beweegen. An engem zweete Schrëtt gëtt eng therapeutesch Nuecht gebueden, bei der beispillsweis d’Ootmung, fir ee méi erhuelsame Schlof, gesteiert gëtt.

Schlofproblemer ginn beispillsweis duerch déi sougenannt Apnoe ausgeléist, wouduerch d’Ootmung gestéiert ass an een ëmmer erëm erwächt. De Sauerstoffpegel fält am Kierper dauerhaft of, wouduerch een erhuelsame Schlof gefährt ass. An dësem Fall gëtt eng Schlofmask agesat, déi d’Respiratioun ënnerstëtzt an d’Aussetzer verhënnert. Natierlech kënnt do d’Fro op, ob eng Mask am Gesicht de Schlof net vläicht grad esou stéiert, wéi d’Ootemaussetzer selwer. D’Äntwert ass hei, laut de Medeziner, ganz kloer nee! Natierlech braucht een eng gewëssen Agewinnungsphas, mee de Kierper hëlt den Apparat esou gutt a schnell un, fir genuch Sauerstoff ze kréien.

Aschlofen, duerchschlofen, ausschlofen

Zumools am digitalen Zäitalter, wou den Handy, den Tablet an de Fernseher net méi ewech ze denke sinn, wiisst d’Unzuel u Persounen, déi u gestéiertem Schlof leiden. Vir unzekommen muss de Kierper nämlech Melatonin ausschëdden, wat duerch Luucht, déi oft vu Bildschirmer kënnt, gestéiert ass. Datt jonk Erwuessener bis zu engem Alter vun ongeféier 25 Joer Problemer mam Schlof hunn, ass een natierlecht Phenomen. Nieft dem Handy, den duerch seng Blolucht de Kierper stéiert midd ze ginn an eis duerch d’Vibratioun bei agoende Messagen erwächt, gehéieren och Stress an der Schoul oder op der Aarbecht, Zukunftsängscht an Nervositéit zu den Ausléiser vum net-aschlofe-kënnen.

Och fir dëse Fall ass d’Personal vum Spidol equipéiert an bitt eng immens informativ Broschür mat Rotschléi un. Fir besser an- an duerchzeschlofe soll een nämlech:

  • Den Dagesrhythmus a Schlofbesoin respektéieren
  • Och um Weekend d’Zäite wou een schlofe geet an opsteet anhalen
  • Virun allem Moies un déi frësch Loft goe fir déi biologesch Auer ze reguléieren
  • Physesch Aktivitéiten ausüben, awer virun 20 Auer!
  • D’Konsommatioun vu beispillsweis Kaffi, Cola an Energiedrinks andämmen an no 16:00 Auer näischt méi an der Richtung zou sech huelen
  • Ze deftegt Iesse vermeiden an op liicht Kascht zeréckgräifen
  • Virum Schlofen eng roueg Aktivitéit praktizéieren (liesen, Relaxatioun…)
  • Am Bett just schlofen!
  • D’Kummer GANZ ofdonkelen, Rou an eng Temperatur ëm 18°C aféieren
  • Ongeféier 1 bis 2 Stonne virum schlofen all Ecran ausmaachen
  • Sech an d’Bett leeë soubal déi éischt Middegkeetssymptomer opkommen

Ëmmer erëm ass virun allem de Verzicht op d’Luucht vun den Ecranen virum an-d’Bett-goen ervir gehuewe ginn. Et ass wierklech vu grousser Bedeitung, datt et am Zëmmer, wou ee schléift, komplett däischter ass. Eng kleng Luucht geet nämlech duer, datt de Melatonin-Wäert am Kierper – obwuel een d’Aen zouhuet – net den néidegen Niveau erreescht.

Schlofproblemer sinn näischt Seelenes, an näischt woufir ee sech schumme sollt. Fir een idealen Dagesoflaf an eng gutt Stëmmung, souwéi d’Kierperfunktiounen ze garantéieren ass eng erhuelsam Nuecht essentiell fir all Liewewiesen. Mat zuelräichen Informatiounen a Behandlungsmethode fannt och Dir sécherlech nees de Wee an d’Dramland!

Ähnlech Sujeten Apnoe, CHEM, erhuelsame Schlof, Esch-Uelzech, Insomnie, Nidderkuer, Schloflaboratoire, Schlofproblemer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel