Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien
International Kultur Neiegkeeten

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien

Et hat et laang a breet ugekënnegt, elo huet de

Hochzäitsnuecht, Amazing Grace an Angst am Ciné-Club!
International Kultur Neiegkeeten

Hochzäitsnuecht, Amazing Grace an Angst am Ciné-Club!

Mat dräi Filmer aus de verschiddenste Genrë beweist de Ciné-Club

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“
International Kultur Neiegkeeten

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“

Déi vun der russescher Regierung „kontrolléiert“ Televisiounschaîne Russia Today (RT)

Chemnitz verbitt Antifa-Konschtausstellung

Chemnitz verbitt Antifa-Konschtausstellung

Déi fir haut (15. August) geplangten Erëffnung vun der vun der Ausstellung „Antifa – Mythos & Wourecht“ an de Konschtsammlunge Chemnitz (Sachsen) am Kader vum Festival „Géigewaarten“ fënnt net statt.

Als Grond fir dofir gëtt ee Wand-Text ugefouert, an deem déi fatal Gläichsetzung vun Antifa a gewaltbereeten Neonazien – d‘Huffeisen-Theorie – an däre Verbreedung duerch Parteie wéi déi chrëschtlech CDU (hei ganz besonnesch de Fligel vun der Wäerte-Unioun) der liberaler FDP, an natierlech der mëttlerweil unerkannt faschistescher AfD, kritiséiert gëtt.

Chemnitz

© Peng Kollektiv

Interessant dann och, datt sech d‘Muséesdirektioun an leschter Sekonn un d‘Aussteller adresséiert huet, fir ze fuerderen, datt d‘Nimm vun de Parteie misste „gestrach“ ginn. Si huet argumentéiert, datt een sech als Konschthaus dem Gebuet vun der politescher Neutralitéit ze ënnerwerfen hätt.

De Participant vun dëser Ausstellung, de „Peng Kollektiv“, bezeechent dës Decisioun als en Ugrëff op d‘Konschtfräiheet: „De politeschen Drock zu Chemnitz ass enorm. Mir kënnen nëmmen ahnen, wouhier dës Uweisung staamt, well bis heihinner hate mir eng gutt a konstruktiv Bezéiung mat der Muséesdirektioun a wësse vun hirem politeschen Engagement fir d‘Stad Chemnitz“.

Chemnitz

© Lars Bösch (Collage)

D‘Pressespriecherin Nika Blum, erkläert weider: „D‘Strukturen a Sachsen sinn awer offenbar esou extremistesch, datt eng harmlos Konschtausstellung muss ënnersot ginn, well en engem Eck dräi riets Parteien als Deel vun engem, Konschtwierk ernimmt ginn. Der Fuerderung vun der Direktioun kënne mir net nokommen. Mir sinn dem Artikel 5 vum Grondgesetz verflicht an doriwwer eraus ënnersti mir och enger kuratorescher Flicht. Mir kënnen et den ausgestallt Gruppen a Persoune géigeniwwer net veräntwerten, dësem politeschen Drock nozeginn. Wa CDU, FDP an AfD wierklech ee Problem domadder hunn, Deel vun engem Konschtwierk ze sinn, sollen si et selwer ofbaue kommen!“.

Fakt ass a bleift, datt sech dës Ausstellung kulturhistoresch mat de Mythen a Wourechten duerch zéng Exponaten antifaschistescher Aarbecht ausenanersetzt. „Et ass spannend, datt d‘Repressioun, déi déi gewaltfräi Antifa-Gruppen an Däitschland erliewen, offensichtlech och fir Konschtwierker gëlle sollen, déi am Musée stinn“, esou d‘Niki Blum ofschléissend.

Foto: © Peng Kollektiv

Ähnlech Sujeten Antifa, Ausstellung, Gegenwarten, Kultur, Kunstsammlungen Chemnitz, Peng Collective, Sachsen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel