Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu
International Neiegkeeten

Zu de gratis Schoulbicher vun app.mybooks.lu

Säit der Rentrée 2018/2019 sinn déi obligatoresch Schoulbicher fir d’Schüler

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord
International Neiegkeeten

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord

Nom Representantenhaus huet elo och den US-Senat de Genozid un

money
Esou bëlleg waren d‘Autoen nach ni
International Neiegkeeten

Esou bëlleg waren d‘Autoen nach ni

Well d‘Automobilindustrie nom Lockdown am Kontext vun der Covid19-Pandemie méi

Chemnitz: Gewalt géint Journalisten ass seelen esou ausgepräagt

Chemnitz: Gewalt géint Journalisten ass seelen esou ausgepräagt

Bei den Demonstratiounen zu Chemnitz, déi duerch de Mord un enger Persoun wëll ausgeléist gi sinn, huet sech d‘Gewalt net nëmme géint Auslänner, Refugiéeën an d‘Police geriicht. A Sachsen sinn se och geziilt géint Journaliste virgaangen, woubäi et och zu héijem Materialschued komm ass.

Am Kontext vun de rietsradikale Kundgebungen um Samschdeg zu Chemnitz, hunn Demonstrante widderholl a geziilt Journalisten ugegraff. De Landesverband vun der Journalistegewerkschaft huet seng betraffe Memberen opgeruff eng entspriechend Plainte ze deposéieren. Och säitens der Police ginn déi betraffe Journaliste gebueden sech mellen.

Zu Chemnitz ware vill Equippe vun däitschen ëffentlech-rechtleche Medie present, an de Chef vum ARD-Magazin „Monitor“, Georg Restle, huet Iwwergrëff op säi Kamerateam denoncéiert. Hien huet op Twitter gesot: „Nach ni hunn ech esouvill Haass op Medien erlieft wéi op dësem Weekend zu Chemnitz“. A wéi brutal d‘Stëmmung war, hu Reporter vum MDR dokumentéiert.

Unhänger vun der populistescher AfD, hätte mat aller Gewalt versicht d‘Journalisten ze behënneren. An engem Tweet schreiwen d‘Journalisten, datt d‘Police huet missen dertëscht goen an d‘Reporter schützen. En anert Team ass beim Filmen an enger Privatwunneng ugegraff a blesséiert ginn. Hei huet d‘Police d‘Plainte entgéintgeholl an eng Enquête zum Virfall ass ugeuerdent ginn.

D‘Online Portal „BuzzFeed“ deelt mat, datt hir Journalistin Pascale Müller vun Demonstranten direkt ugegraff ginn ass, an hir d‘Kamera aus der Hand geschloe gouf. Via Twitter erkläert déi jonk Reporterin: „Si hu mech gestouss, an en anere Journalist ass mat Féiss getrëppelt ginn“. Weider heescht et, datt si opgefuerdert gi wieren „sech ze verpissen!“ Eng ugespaante Situatioun…

Kee gouf verschount

Och den „Zeit-Online“ Journalist Henrik Merker erzielt wéi hie vun dräi Rietsextremisten ugegraff ginn ass. Via Twitter erkläert hien, datt et Schléi géint d‘Kamera ginn huet, a versicht gouf, hie mat de Kollegen an eng Säitestrooss ze drängen. Den Dresdener Twitter-Projet „Strassengezwitscher“ bericht vun Attacken. Et soll versicht gi sinn, e Journalist iwwert e Gelänner an d‘Déift ze stoussen.

An d‘Lëscht vun de Journalisten déi direkt ugegraff goufen ass laang. Verschount gouf keen. Esou muss ee vun Iwwergrëff op Journaliste vu den Funke-Mediengruppe, Stern-TV an esouguer Russia Today beriichten. Den däitsche Journalisteverband DJV veruerteelt d‘Attacken a gesäit hei en Ugrëff op d‘Meenung- a Pressefräiheet. D‘DJV rifft hir Memberen op eng Plainte ze deposéieren.

D‘Poliziste wiere meeschtens dertëscht gaangen, wann si gesinn hätten datt Journaliste bedrängt goufen. Laut dem Team vun „Strassengezwitscher“ hätte Polizisten si gebuede vun anzwousch anescht ze filmen „fir d‘Situatioun ze entschäerfen“. An de Redaktiounen ass d‘Sécherheetskonzept béis kritiséiert ginn.

De Chefredakter vun t-online, Florian Harms, freet sech wat nach alles passéiere muss, iert d‘Police esou Situatiounen an de Grëff kritt? An engem Kommentar schreift de Florian Harms: „Datt geziilt Ugrëff op Journaliste vun der Police net verhënnert kënne ginn, dat wier batter Realitéit (…) Et ass dramatesch. Et zerstéiert d‘Vertrauen an eise Rechtsstaat“.

Fir de Chefredakter vu „BuzzFeed“ Daniel Drepper huet d‘Police hir Aufgab net erfëllt: „Wa Journalisten net vun Demonstratioune beriichte kënnen, ouni dat si ëm hiert Liewe fäerte mussen, dann huet d‘Police versot“. Hie veruerteelt déi sëllechen a geziilten Attacke géint d‘Medien. Am allgemenge muss d‘Fro erlaabt sinn, op d‘Police nach de Rechtsstaat verdeedege kann?

mat Indymedia an AFP

Foto: Bei den Demonstratiounen zu Chemnitz huet et zolidd a geziilt Ugrëff géint Journaliste ginn. Chefredakteren an de den däitsche Journalisteverband maachen der Policedirektioun schwéier Virwërf. Si hätt kee Sécherheetskonzept, an hiert Versoe géif d‘Prinzipie vum Rechtsstaat a Fro stellen. © Andreas Seidel/dpa/AFP

Ähnlech Sujeten AfD, Chemnitz, Faschismus, Gewalt, Journalisten, Rietsextremismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel