Search

You may also like

Déi nächst Etapp op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad
International Neiegkeeten

Déi nächst Etapp op der A3 tëscht Beetebuerg an der Stad

Am Kader vum Bau vun der neier Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg

Waffenembargo géint den Iran opgehuewen
International Neiegkeeten

Waffenembargo géint den Iran opgehuewen

D‘Amerikaner, dat ass bekannt, hunn et net mat den Ajatollahen,

EU-Kommissioun vum Parlament bestätegt
International Neiegkeeten

EU-Kommissioun vum Parlament bestätegt

Mat engem Mount Verspéidung huet d‘EU-Parlament déi nei EU-Kommissioun vum

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd

E sëlleche Leit sinn e Méindeg zu Chemnitz (Ost-Däitschland), bei engem Rassemblement vun dausende PEGIDA-Sympathisanten – woubäi et eigentlech Faschiste sinn – duerch pyrotechnesch Géigestänn a Projektiller blesséiert ginn. Dat een Dag no enger „kollektiver Juegd op Auslänner“, déi vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel, op dat schäerfst veruerteelt ginn ass.

D‘Police vun dëser fréierer „DDR-Stad“ huet keng Präzisiounen zu der Natur vun der Verletzunge, an der Zuel vu Blesséierten, ginn. Den onséilege Cortège, deem sech iwwer 2.000 Neonazien, Faschisten a soss rietsradikal Toperten ugeschloss haten, war op eng 1.000 Géigendemonstrante geroden, déi laut der DPA, dem lénksextreme Lager zouzerechne sinn.

Säitens der Police heescht et, datt „iwwer 100 Persounen hiert Gesiicht maskéiert hunn“. Eenzel Persounen hätten den „Hitler-Grouss“ gewisen, anerer Pavésteng aus der Strooss gerappt. D‘Police, déi der „rietsextremer Tendenz“ net wierklech ofgeneigt ass, verséchert op Twitter, datt de groussen Deel vun de Faschisten déi um Cortège deelgeholl hunn, „friddlech“ marschéiert sinn.

Chemnitz

E PEGIDA-Supporter (PEGIDA = Patriotesch Europäer géint d‘Islamiséierung vum Okzident) ass mat sengem Plakat der Usiicht, datt „d‘Merkel muss fort“. © Arno Burgi/dpa/AFP

An dëser Stad vu Sachsen, dem Bundesland wou déi rietsextrem a Neonazien „gutt opgestallt“ sinn, hunn sech d‘Demonstrante virun enger immenser Büst vum Karl Marx erëmfonnt. Zur Erënnerung: Chemnitz war ënner dem kommunistesche Regimm a „Karl-Marx Stadt“ ëmgedeeft ginn. D‘Police huet mat Waasserkanounen déi „lénksextrem“ vum Cortège ewech gehalen.

„Europa verdeedegen“

„D‘Merkel muss fort“ hunn d‘Glatzkäpp a „besuergte Bierger“ gebläert, déi mat däitsche Fändelen an därer vun der rietsextremer AfD ausstafféiert waren. Ouni Banner a Plakater geet et och bei Faschisten net, d‘Messagen hei: „Flut vun Asyl-Demandeure stoppen!“ an „Europa verdeedegen“.

Organiséiert gouf dës „Demo“ vun der PEGIDA-Beweegung, engem Sammelsurium vu komesche Gestalten, sougenannte Wut-Bierger, an eben „Hardcore“ Faschisten. Zweck vun der Veranstaltung: vun der Regierung fuerderen, datt si d‘Sécherheet vun de Bierger garantéiert. Ausléiser hei: de Mord un engem 35 järegen Däitschen, duerch vermeintlech Auslänner, e Syrer an en Iraker

Um Sonndeg haten sech eng 800 Leit zesummefonnt, dorënner eng 50 déi et drop ofgesinn haten sech mat der Police „ze klappen“. An de sozialen Netzwierker wier ganz däitlech zur Gewalt géint d‘Autoritéit opgeruff ginn, deklaréiert d‘Sonja Penzel, Policecheffin vu Chemnitz. D‘Sympathisante vun de Rietsextremen, hätte mat Fläschen a Pavésteng op Police „geschoss“, heescht et weider.

De Regierungsspriecher Steffen Seibert: „Esou Evenementer hunn net hir Plaz an eisem Rechtsstaat (…) Et ass wichteg fir d‘Regierung, fir all Demokrat, an, esou meng Siicht, fir déi meescht Leit am Land, datt esou Opmärsch a kollektiv Mënschejuegdten déi sech géint Auslänner wennen, oder de Versuch Haass an de Stroossen ze verbreeden, net hir Plaz an eisem Land hunn“.

„Doudschlag a Vereenegung“

Laut dem Parquet, sollen déi zwee Verdächteg am Alter vun 22 an 23 Joer, d‘Affer widderholl mam Messer gestach hunn. De Sträit soll no enger verbaler Ausenanersetzung eskaléiert sinn. Laut Zeien an Videoen – déi duerch déi sozial Medie verbreet goufen – hunn „d‘Manifestanten“ déi sech um Sonndeg versammelt haten, juegd op Auslänner gemaach an déi aggresséiert.

Chemnitz

Fir d‘Wut-Bierger setzt de Feind net eleng am Kanzleramt, mee och an de Redaktioune vun de Medien. Béis Zonge behaapten, datt PEGIDA-Supporter bei der BILD-Zeitung (Springer-Verlag) eng Ausnam géife maachen… © Arno Burgi/dpa/AFP

Wéi d‘Police informéiert, sollen dräi Plainten agereecht gi sinn, déi véier Persounen implizéieren. E jonkt Meedche vu 15 Joer a säin afghanesche Frënd vun 18 Joer wieren awer nëmme liicht verletzt ginn. Kuerz drop soll en 18 järege Syrer geschloe, an e Bulgar vun 30 Joer béis menacéiert gi sinn. D‘Police analyséiert zur Zäit nach Videoen, déi d‘Doten dokumentéiert hunn.

Dës Tëschefäll hunn d‘Spannungen déi mat der Migratiounsfro anhier ginn nees ugehëtzt. Woubäi säit dräi d‘Joer an nom Ophuele vun iwwert enger Millioun Refugiéeën, d‘Stëmmung am ganze Land en zolitten Déifpunkt erreecht huet. A Sachsen, wou den Auslännerundeel un der Bevëlkerung bei grad emol 4,4% geleeën ass, huet déi tierkesch Communautéit ee „Progrom“ denoncéiert.

Vun der PEGIDA, déi a Sachse „opgewuess“ ass, gëtt behaapt – allerdéngs ouni datt et de klengste Beweis dofir gëtt – datt d‘Affer beim Versich seng Fra ze Beschützen ëm d‘Liewe komm wier. Dat ganzt geschitt an engem fir d‘Kanzlerin ongënschtege politesche Kontext. Si gëtt bestänneg vun hire Géigner, an esouguer vum US-President beschëllegt, d‘Kriminalitéit agefouert ze hunn.

mam Odd Andersen an dem Yannick Pasquin/AFP

Foto: Wut-Bierger oder awer Faschisten? Déi sëlleche leit déi sech der PEGIDA-Beweegung ugeschloss hunn, protestéieren zanter dräi Joer géint d‘Politik vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel, a fir d‘Ausweisung vun den Auslänner a Refugiéeën. Um Sonndeg hunn dës Persounen, déi ëmmer vu sech behaapten „besuergte Bierger“ ze sinn, eng Mënschejuegd organiséiert. © Odd Andersen/AFP

Related topics AfD, Angela Merkel, Chemnitz, Faschismus, PEGIDA
Next post Previous post