Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?
Lëtzebuerg ass elo sécherlech net fir séng Bierger bekannt. An
Lëtzebuerg ass elo sécherlech net fir séng Bierger bekannt. An
Leschte Mëttwoch ass um Krautmaart, wann een dem Landwirtschaftsminister Fernand
Um Samschdeg sinn eng 8.000 Manifestanten duerch d‘Stroosse vu Chemnitz gezunn. Déi eng fir géint d‘Migratiounspolitik vum Angela Merkel ze protestéieren, déi aner fir der Kanzlerin hir Ënnerstëtzung auszeschwätzen. Chemnitz kënnt deemno zanter enger Woch net méi zur Rou an ass zu engem „rietsradikalen Epizenter an Däitschland“ verkomm.
Ausléiser war e Mord, dee vun engem irakeschen Asyl-Demandeur soll begaange gi sinn. Méi hunn d‘Burschenschaften an aner neofaschistesch Gruppéierungen och net gebraucht, fir Ufank der Woch eng Demonstratioun an eng „Mënschejuegd“ ze verwandelen. De Mobb war déi ganz Woch iwwer „Aktiv“ bliwwen, an d‘Police hat deels vill Krämpes d‘Glatzkäpp an der Gitt ze halen.

Déi „Rose Bierger“ vun der faschistescher Pro-Chemnitz Beweegung. Wann se och net vill kënnen, bläre geet ëmmer. Mat „Mir sinn d‘Vollek“ an „d‘Merkel muss fort“ hunn si op sech opmierksam gemaach. Si haten och kee Problem domatter, datt déi rietsradikal Juegd op Auslänner gemaach hunn. Si hunn awer e Problem wann ee se an de „rietsen“ Eck stellt. © Odd Andersen/AFP
Gëschter hat d‘Police dann nees „d‘Saach am Grëff“. Do wou déi lokal Mannschaft iwwerfuerdert war, ass si vun der Bundespolizei ënnerstëtzt ginn. An entgéint den Asätz uechtert d‘Woch, konnt e Samschdeg d‘Gewalt „kontrolléiert“ ginn. Et ass eis um Samschdegowend keng Ausenanersetzung gemellt ginn, och wann d‘Uspanung iwwert de ganzen Dag ze spiere war.
Fir grad esou eng „Ausenanersetzung“ tëscht béide Lager ze verhënneren, hat d‘Police de Parcours vun de Neonazien a Populisten ageschränkt. Et hunn sech nees genuch Glatzkäpp fonnt, déi och nach bliwwe sinn, nodeem si vun der Police opgefuerdert goufen, d‘Plaz ze raumen. De Cortège vun de Rietsradikalen huet sech schliisslech ouni gréissert Gedeessems opgeléist.
D‘Faschisten, d‘PEGIDA, an d‘Alternativ fir Däitschland (AfD) haten zu dësem Rassemblement opgeruff, an eng 4.500 radikaliséiert „Rose Bierger“, esou d‘Zuele vun der Police, waren dësem Appell nokomm. Et gouf nees vill gebläert, an do däerf de Sproch „Mir sinn d‘Vollek“ net feelen. „Merkel muss fort“ hunn se och gesot. Déi sëllechen Hitlergréiss konnten se eis och net erspueren.

En Demonstrant hält säi selwer gebastelt Plakat „Häerz statt Hetz“ héich. Vill Mënschen aus de Mëtt vun der Gesellschaft haten sech dem „Bronge Mobb“, deem sech och d‘AfD e Samschdeg ugeschloss huet, entgéint gestallt. © John McDougall/AFP
Parallel zum „bronge“ Mobb, eng 3.500 Géigendemonstranten. Déi waren dem Appell vu enger Rei lénke Vereenegungen a Parteien nokomm. Hire Slogan: „d‘Häerz léiwer wéi den Haass“. Op der riseger Affiche, déi ënnert der Büst vum Karl-Marx, géintiwwer dem Stadhaus, opgehaange ginn ass war ze liesen: „Chemnitz ass weder Gro nach Brong“.
„Mi wäerten eis eist Land an eis Demokratie net vu Rietsradikalen zerstéiere loossen, Net zu Chemnitz, net a Sachsen, néierewou an Däitschland. Eis Verfassung muss d‘Iwwerhand behalen. Mir mussen déi verdeedegen, elo!“, esou ee vun de Leader vun der ekologescher Partei „Die Grünen“, den Cem Özdemir, dënn tierkescher Ofstamung ass.
Fir d‘Regierung huet sech den Ausseminister Heiko Maas, der Géigendemonstratioun (aus der Distanz) ugeschloss. Op Twitter schreift hien: „Den 2. Weltkrich huet virun 79 ugefaangen. Däitschland huet immenst Leed iwwer Europa bruecht. Wann haut op e neits Mënschen duerch d‘Stroossen zéien an den Hitlergrouss maachen, zwéngt eis d‘Geschicht zum handelen“.

Den Dietmar Bartsch, Fraktiounspresident vun „die linke“ huet un der Géigendemonstratioun zu Chemnitz deelgeholl. Hien ass der Usiicht, datt éierlech Mënschen sech dem rietsradikale Mobb entgéint stelle mussen. © John McDougall/AFP
Virun enger Woch haten eng 800 Neonazien eng Mënschejuegd „organiséiert“. D‘Police, vun där behaapt gëtt si wier „blann um rietsen A“ huet séier wéineg ënnerholl. Si huet sech domatter vill Kritik agefaangen, an d‘Bundespolizei huet misse geruff ginn. No dëser „Juegd“ war zur Konfrontatioun tëscht 2.000 Glatzkäpp an 1.000 Lénksextreme komm, bei där et verletzter gouf.
mat AFP
Foto: Memberen a Supporter vun der populistesch-rietsradikaler AfD sinn duerch d‘Stroosse gezunn a hunn Portraite vu Mënsche gedroen, vun deenen si behaapten, datt se duerch Attacke vun Asylanten zu Dout komm sinn. © John McDougall/AFP