Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CSV: 2019 e Joer vun de Changementer
Neiegkeeten

CSV: 2019 e Joer vun de Changementer

Et war nawell vill Lass am Kulturzenter „Am Sand“ zu

What the Fakt – Beim Jan Saudek ass den Numm Programm!
Neiegkeeten

What the Fakt – Beim Jan Saudek ass den Numm Programm!

Och fir eis war dëse Fotograf, den haut säi 84.

money
Airbus-Subventiounen erëffnen nei Handelskrich-Front mat den USA
Neiegkeeten

Airbus-Subventiounen erëffnen nei Handelskrich-Front mat den USA

Et si schwiereg Zäite fir den US-Handelsbeoptraagte Robert Lighthizer. Bei

OPGEPASST: Chicken Nuggets vun IGLO kënne Mëllech enthalen

OPGEPASST: Chicken Nuggets vun IGLO kënne Mëllech enthalen

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet deele mat, datt de Produit „Iglo 12 Chicken Nuggets 250 g“ eventuell den Allergen Mëllech enthale kéint, dësen awer net op der Etikett vermierkt ass. De Produit gouf an alle Geschäfter vum Auchan verkaaft.

Duerch ee Produktiounsfeeler kann an der Verpakung vun den Chicken Nuggets tëschenduerch och emol ee Kéisnuggets ze fanne sinn. Dobäi ass den Allergen Mëllech net bei den Inhaltsstoffer uginn. Et kann net ausgeschloss ginn, datt dëse Produit scho beim Konsument am Akafskuerf gelant ass.

Natierlech goufen dës Chicken Nuggets, respektiv d’Mëschung mat Kéisnuggets aus der Vente gezunn. Wien net allergesch op Mëllech ass, dee kann de Produit natierlech konsuméieren.

  • Numm: 12 Chicken Nuggets
  • Mark: IGLO
  • Unitéit: 250g
  • Halbarkeetsdatum: 12/2020
  • Barcode (EAN): 4250241202633 an 4250241205092
  • Nummer: L9271GW124 / 06:00 – 07:00 Auer

Nuggets

Just de Produit mat dëser Nummer an dësem Halbarkeetsdatum ass concernéiert. Bei weidere Froe kann ee sech un d’Liewensmëttelsécherheet wennen (info@securite-alimentaire.public.lu oder Tel.: 247 756 20).

Ähnlech Sujeten Allergen, Auchan, Chicken Nuggets, IGLO, Liewensmëttelsécherheet, Mëllech
Nächsten Artikel Virrechten Artikel