Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada
International Neiegkeeten

hookup security certificate

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum

dating guys 10 years younger
International Neiegkeeten

Editorial: Mam gudde Beispill virgoen

Et ass scho verwonnerlech, wéi vill Leit – och hei

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert
International Neiegkeeten

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert

Vum 23. November bis de 24. Dezember wäert een op

Chile: Mir si solidaresch!

Chile: Mir si solidaresch!

Een Opstand am Chile ass bis dato den Héichpunkt vun engem neie politeschen Zyklus, dee momentan Latäinamerika duerchleeft. Op internationalem Niveau fanne massiv politesch Ausenanersetzunge statt, déi vu Frankräich, Hongkong, Libanon, Algerie bis zum Irak verlafen. D’Mënsche ginn zu honnertdausenden op d’Strooss a protestéieren.

D’Grënn si villfälteg: joerzéngtelaang systematesch bedriwwene Subventiounsofbau, Privatiséierungen, Austeritéit, Korruptioun, hunn de soziale Sputt an den eenzele Gesellschaften iwwerwonnbar gemaach. Déi opgestaut Roserei ass enorm. Zur Explosioun féieren dann oft, wéi um Beispill Chile ze gesinn, eenzel geholl, wéineg gravéierend sozial Aschnëtter, déi d’Faass zum iwwerlafe bréngen.

Déi global Kris vun 2008 huet dozou gefouert, datt bestoe sozial Ongläichheeten an dat Onerdréiglecht gesteigert goufen. Explodéierend Präisser fir Gesondheetsversuergung, Loyer, Stroum, Transport a Bildung hu vill Mënschen an eng existenziell Nout bruecht an un de baussechte Bord vun der Gesellschaft gedrängt. Dobäi kënnt, datt d’Chilene säit dem Enn vun der Pinochet-Diktatur virun 30 Joer grouss Erwaardungen an d’Demokratie haten. Mee fir déi meescht Chilenen huet sech wéineg bis guer näischt geännert. D’Besëtzverhältnisser hu sech am stramm neoliberal ausgeriichte Wirtschaftssystem nach weider zu Ongonschte vun den Aarme verréckelt. Do geet schonn d’Präiserhéijung vum Metrosticket duer, fir eng Kettereaktioun auszeléisen.

D’Aart a Weis, wéi d’Regierung an de Militär géint déi Protestéierend virgeet erënnert staark un déi donkel Zäite vun der Pinochet-Diktatur – déi selwecht Methoden a Veruerdnungen, Verfassungsnoutstand an Ausgangsspären.

Dem President Pineras säi Versuch, d’Beweegung ze kriminaliséieren an duerch den Austausch vun e puer Minister, d’Masse vun de Stroossen ze kréien, huet net fonctionnéiert. Weder Repressioun, nach onverhältnesméisseg Gewalt säitens dem Militär an der Police konnten d’Massebeweegung bis ewell stoppen.

Um vergaangenen 30. Oktober hu ronn eenhonnert gewerkschaftlech a sozial Organisatiounen ënnert dem Zesummeschloss „Unidad social“ zu engem Protest-Generalstreik vun engem Dag opgeruff. Dës Beweegung léisst sech net stoppen.

D’Mënschen an de Stroosse vu Chile wëllen ee Wiessel vum System an net nei Gesiichter mat dem ale politesche Programm. Den Neoliberalismus ass net d’Léisung, mee d’Ursaach fir déi sozial Krisen. De Wirtschaftsmodell muss iwwerwonne ginn. An zwar schnell.

D’Protestbeweegung am Chile fuerdert nieft dem Récktrëtt vum President, den a rezenten Ëmfroe grad emol 14% Zoustëmmung erhalen huet, den Asaz vun enger „verfassungsgebender Versammlung“. Déi momentan gëlteg Verfassung kennt nach aus Zäite vun der Pinochet-Diktatur. D’Staatsverméigen gouf privatiséiert an déi staatlech Leeschtungen op een absolute Minimum reduzéiert. Bis haut sinn Waasser, Stroum sou wéi de Bildungs-, Gesondheets- a Rentesystem komplett privatiséiert.

Sou wéi nom Militärputsch vum 11. September 1973, wou Lëtzebuerg seng konkret Solidaritéit mat de verfollegte Chileninnen a Chilenen ënnert Beweis gestallt huet, andeems hinnen Asyl gebuede gouf, sinn och dës Kéier d’Häerzer op der Säit vum kämpfende Vollek géint seng Ënnerdrécker.

Matgedeelt vun déi Lénk – Iwwersat aus dem Däitsche vum Shari Pleimelding/moien.lu

Opmaacherbild: © Colegio de Profesores de Chile/Twitter

Ähnlech Sujeten Ausgangsspären, Chile, déi lénk, Pinochet-Diktatur, Police, President Pineras, Protestbeweegung, Solidaritéit, Unidad social, Verfassungsnoutstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel