Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen
International Neiegkeeten

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen

Hie war en engagéierten, jo e passionéierte Politiker, deen sech

Wou ee Wëllen ass, ass och ee Wee
International Neiegkeeten

Wou ee Wëllen ass, ass och ee Wee

D’Coronakris huet de Wunnengsnoutstand zu Lëtzebuerg net ausgeléist, se ass

#Wonschwuert: Schéckt Är Liblingswierder eran!
International Neiegkeeten

#Wonschwuert: Schéckt Är Liblingswierder eran!

Wéi eent ass Äert léifste Wuert op Lëtzebuergesch? Twittert oder

China kritt de Coronavirus net an de Grëff

Mat mëttlerweil iwwer 900 Doudegen an wäit iwwer 40.000 Infektiounsfäll kann ee besuergt sinn

China kritt de Coronavirus net an de Grëff

Den neiaartege Coronavirus 2019-nCov huet Dimensiounen erreecht déi den Experte vun der WHO (Weltgesondheetsorganisatioun) d‘Suergefalen op d‘Stir dreift. Mat iwwer 900 Doudesfäll a ronn 3.000 nei Fäll eleng fir de Sonndeg – wat d‘Zuel vun den Infektiounen op iwwer 40.000 klammen deet – ass de Virus erhieflech méi aggressiv wéi de SARS-Virus 2002/2003.

Laut de chineseschen Autoritéiten si gëschter 97 Mënschen (dovunner 91 an der Hubei-Provënz) un de Folge vun der Virusinfektioun verstuerwen. Domadder sinn um chinesesche Festland elo 908 Mënschen dem 2019-nCov erleeën. Zwou Persoune sinn zu Hong Kong an op de Philippinnen un dëser Longekrankheet gestuerwen. D‘Zuel vun den Infizéierte läit aktuell bei 40.171.

Vu Genève aus sinn Experte vun der WHO elo ënnerwee a Richtung China, wou si hëllefe sollen d‘Epidemie ze erfuerschen. Peking huet 6.200 medezinesch Fachkräften op Wuhan geschéckt, fir der Situatioun ze begéinen. Zudeem goufe vun der Zentralbank 39 Milliarden Euro als Direkthëllef bewëllegt. Entreprisen déi zur Preventioun a Begrenzung bäidroen, solle finanziell ënnerstëtzt ginn.

CoronavirusSäit e Freideg ass den Ausseministère dann och domadder beschäftegt e Lëtzebuerger, deen zu Wuhan ass, zréckzehuelen. De Mann deen aus verständleche Grënn net wëll a China bleiwen, sollt gëschter mat enger britescher Fluchgesellschaft bis op London ausgeflu ginn. Ob dat wéinst dem Stuerm gelongen ass, konnt eis zur Stonn kee soen. De Mann géif awer keng Symptomer weisen.

Wann hien da bis zu London ukomm ass, soll hie mat engem Militärfliger vun der italienescher Arméi op Lëtzebuerg iwwerstallt ginn. Hei gëtt de Mann da vun de Direktioun vun der Santé a Quarantaine gesat, wou hien op eng méiglech Infektioun getest gëtt. Et wier dat den éischten Infektiounsfall zu Lëtzebuerg. Grond zur Panik besteet awer och weiderhin net.

mat indymedia/tpe/gva

Foto: Den neiaartege Coronavirus 2019-nCov hëlt en Ausmooss un, dee sécherlech beonrouegend ass, mee nach regional éischter begrenzt ass. Panik ass net ugesot, mee et sollt een déi allgemeng gëlteg Hygiènesregelen nach eppes méi eescht huele wéi soss. © Xinhua

Ähnlech Sujeten 2019-nCoV, China, Coronavirus, Epidemie, Pandemie, WHO, Wuhan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel