Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Budgetsdebatt zu Réiser: déi Liberal soen „Nee“ an déi Gréng enthalen sech
International Money Neiegkeeten

Budgetsdebatt zu Réiser: déi Liberal soen „Nee“ an déi Gréng enthalen sech

No der Virstellung vum Budget den 18. Dezember, war et

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck
International Money Neiegkeeten

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck

Eng Schoul a Japan wëll nei Uniformen vun der Luxusmark

dislike
Trump Immigratiounsdekret geriichtlech bestätegt
International Money Neiegkeeten

Trump Immigratiounsdekret geriichtlech bestätegt

Den ieweschte Geriichtshaff an den USA huet um Méindeg dem

money

China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung

37 Staats- a Regierungscheffe diskutéieren zu Peking iwwert déi nei Seidestrooss

China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung

Zu Peking huet gëschter de sougenannte Seidestrooss-Sommet ugefaangen, wou während dräi Deeg iwwert dat neit Handelsnetzwierk tëscht Asien, Afrika an Europa wäert debattéiert ginn. Net all d‘Gäscht déi d‘Aluedung ugeholl, si vum Projet iwwerzeegt. Et féiert awer kee Wee laanscht dëse Projet, d‘Seidestrooss ass zum zentrale Punkt an der chinesescher Aussepolitik ginn.

De chineseschen Ausseminister Wang Yi, stellt dozou fest: „D‘Initiativ Seidestrooss ass en Erfolleg vun der chinesescher Aussepolitik. D‘Seidestrooss Projeten a Kooperatiounen hunn iwwert déi lescht 6 Joer hir Friichte gedroen. E puer Länner hunn hir éischt Iwwerséibréck oder Autobunn gebaut, anerer hunn en Hafe gebaut an eng industriell Infrastruktur opgeriicht“.

A Peking versteet et sech „richteg unzeleeën“ fir seng Ziler ëmzesetzen. Fräi nom Motto: „Wann‘s de eppes wëlls erreechen, da musst dech selwer drëms këmmeren“. An esou ergëtt et sech, datt China an de Länner a Regiounen, déi fir d‘Seidestrooss handelsstrategesch relevant sinn, mat vill Geld „hëlleft“. Investéiert gëtt an Eisebunnslinnen, Stroossen, Häfen an Industriezonen.

Italien a Lëtzebuerg sëtze scho mat am Boot

Während d‘Chinesen de „Partner“ Investitiounen a wirtschaftlechen Opschwong verspriechen, gëtt et Stëmmen déi sech erhiewen a virun enger Globaliséierung chinesescher Prägung warnen. Dës Kritiker hunn e valabelt Argument: bis ewell sinn et an éischter Linn chinesesch Entreprisen déi bei de Seidestrooss-Projeten agebonne ginn. Jee no Informatiounsquell, geet dat bis zu 90%…

E weidere Punkt dee kritesch Stëmmen ervirrifft, ass d‘Finanzpolitik déi Peking mat dësem Projet verknäppt huet. Huet e Land net déi noutwenneg Finanze fir sech um Projet ze bedeelegen, da gëtt et e Kredit aus China. Dat muss net direkt eppes heeschen, mee fir kleng Länner kann et Riskant sinn, well si sech mat der Schold net nëmme finanziell, mee och politesch ofhängeg maachen.

Interessant och de Fait datt ee sech (eigentlech wéi ëmmer) an Europa nees eens ass, wéi ee mat de Chinesen ëmzegoen huet. Däitschland, Frankräich a Groussbritannien behaapten sech drop, datt et keng Transparenz, fair Ausschreiwungen a verbindlech Reegele gëtt. Italien huet sech Enn Mäerz mat Häerz a Séil dem Projet ugeschloss. An och zu Lëtzebuerg ass d‘Seidestrooss schonn ukomm.

mat indymedia/lon/sfo

Foto: Keng Konferenz ouni Ënnerschrëftszeremonie. Esou dann och gëschter am „China National Convention Center“ zu Peking, am Kontext vun der „Belt & Road“ CEO-Konferenz, op där bis e Samschdeg de Welthandelsprojet „Seidestrooss“ diskutéiert gëtt. © Zhang Yuwei/Xinhua

Ähnlech Sujeten China, Seidestrooss, Welthandel, Weltuerdnung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel