Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam
International Stories

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam

Wann ee sech drop kann eenegen, datt Parkplazen am beschten

dislike
Washington wëll „Mini“ Atomwaffen entwéckelen
International Stories

Washington wëll „Mini“ Atomwaffen entwéckelen

Den amerikanesche Verdeedegungsministère wëll säin Nukleararsenal iwwerpréiwen an en neien

Venezuela: de Marsch op Caracas
International Stories

Venezuela: de Marsch op Caracas

Während am Venezuela „de Stroum ausgefall ass“, wat jee no

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner

Am Kampf géint d‘Ëmweltverschmotzung gëtt et näischt Besseres wéi Fabricken zouzemaachen. Hei am beschten och an der Siderurgie. Mee wat gutt ass fir d‘Ëmwelt bereet anere Kappzerbrieches. Et stellt sech also d‘Fro, wéi wierkt sech d‘Schléisse vu Fabricken op de Wuesstem vum asiatesche Ris aus?

Et bléist e kale Wand iwwert déi chinesesch industriell Produktioun. Déi war wuel am Oktober ausser Otem geroden, hat am November nach eppes méi lues gemaach an elo mam Wanter, ginn am chineseschen Nordosten déi Fabricken „ugehalen“ déi d‘Ëmwelt am meeschte belaaschten.

War de Naturschutz laang Zäit eng politesch Niewenerscheinung, esou huet de President Xi Jinping dorausser eng Prioritéit gemaach. A fir datt och alles säi „richtege“ Wee geet, iwwerwaacht dës „Prioritéit“ nieft dem Ëmweltministère, och déi berüchtegt Kommissioun fir Parteidisziplin. Dat stellt zumindest sécher, datt déi Industriell enger „Zesummenaarbecht“ ganz vill Opmierksamkeet schenken.

Manner ass Méi…

Als éischt Resultat ass eng erhéichte „Protokollflut“ ze bemierken. D‘Zuel vun de Geldstrofe wéinst Verstéiss sinn ëm 130% geklommen. Wou et als noutwenneg betruecht gëtt, gëtt d‘Produktioun ugehalen. Dat ass net gutt fir d‘Geschäft, a kënnt nach „on Top“ op déi drastesch Aschnëtt déi d‘Industrie huet missen erdroen. Hei ass et manner d‘Ëmwelt déi am Fokus stoung, dofir awer geziilt den Ofbau vun Iwwercapacitéiten an der Schwéierindustrie.

Mat engem Bléck op déi ëstlech Provënz Schandong, gëtt de politesche Richtungswiessel ersiichtlech. Hei sinn net manner wéi 550 chemesch Fabricken entweder ganz zou gemaach, oder zanter Juli „ugehale“ ginn.

Esou d‘Beispill vum Aluminiumhiersteller Hongqiao, dee seng Produktioun huet missen eroffueren. Am Summer huet Hongqiao seng Héichuewe missen ofschalten. Vun der Mesure waren 20.000 Aarbechter betraff. An 28 Stied vum Nordoste sinn d‘Produzente vun Aluminium gehalen, hir Offer am Wanter ëm 30% ze reduzéieren.

Fir eng besser Loftqualitéit

D‘Moossname betreffen an éischter Linn d‘Regioune Peking, Tianjin an Hebei. Hei hunn sech d‘Autoritéite fir Mäerz 2018 ambitiéis Objektiver gesat fir d‘Loftverschmotzung anzedämmen. Och d‘Nopeschprovënze vu Schandong, Hebai a Shanxi sinn d‘Zil vun Dosenden Inspektiounsequippen.

„Dat ganzt huet national Verflechtungen, wat um kombinéierte Wirtschaftsgewiicht vun dëser Zon läit. Hei gëtt net manner wéi e Véierel vum chinesesche BIP generéiert, an säin dominante Rôle an der Schwéierindustrie muss och beuecht ginn“, esou de Julian Evans-Pritschard vu „Capital Economics“, dee versicht den ekonomeschen Impakt ze erklären.

„Déi energesch Campagne vun dësem Wanter dierft de Wuesstem vun der industrieller Produktioun bremsen. Tëscht Oktober a Mäerz kann dat bis zu 1% ausmaachen“, esou d‘Aschätzung vum Analyst. Als Konsequenz, esou Capital Economics, ginn dem chinesesche BIP 0,5% am véierten Trimester 2017 an am éischten Trimester 2018 verluer.

De wirtschaftlechen Impakt

Wéi e Gläichgewiicht hierzestellen ass, tëscht enger Politik vum Ëmweltschutz a wirtschaftlechem Wuesstem, domatter wäert sech déi wirtschaftlech Joresversammlung vun der kommunistescher Partei (CCP) beschäftegen. Déi sëtzen ab haut a bis e Mëttwoch hanner zouen Dieren zesummen, an den Xi Jinping dierft hei ganz besonnesch en A drop hunn, wéi een déi Moossnamen ëmsetzt ouni sozialen Onfridden ze stëften.

Vill Experte gesinn d‘Situatioun éischter geloossen: „Ugesicht datt d‘Campagne geographesch konzentréiert ass, sollt den Impakt op déi ekonomesch Perspektiv iwwersiichtlech bleiwen“, esou d‘Betty Wang, Analystin bei ANZ. Si weist awer och op den inflationisteschen Effet hin. D‘Spannungen op d‘Offer vu Metall an Industriebedarf droen zu erhéichte Präisser bäi.

D‘Kapassitéitsbegrenzung vun der Siderurgie „dréit och derzou bäi, an enger gewësser Mesure, d‘Profitter vun den Industriellen ze steigeren“, betount d‘Betty Wang. Verschiddener, wéi d‘Mammenhaus vu Jinan Steel – dat ass Shandong Steel – orientéiere sech schonn op e méi héichwäertegt Sortiment an hirem Produktiounsapparat.

D‘Präisser hiewen of

Mat der Explosioun vun de Stolpräisser, huet de Gewënn am Metallsecteur e Sprong vun 118,5% tëscht Januar a September gemaach. Et ass dann awer den neien Technologië geschëlt, datt d‘Restriktiounen sech net negativ op d‘Gesamtwirtschaft auswierken. Dat gesäit een un der Zounam vum Export am November an um Wuesstem am Déngschtleeschtungssecteur. Do kënnt d‘Hallschent vum BIP hir, an do ass et och wou ugesat muss ginn, fir e stabille Wuesstem ze erhalen.

„Laangfristeg betruecht, kann d‘Reduktioun vun der Verschmotzung déi ëffentlech Gesondheetskäschten drécken an d‘Produktivitéit vun den Aarbechter steigeren. Och dat stäerkt de BIP“, esou de Brian Viard, vum Institut CKGSB an enger rezenter Etüd. „D‘Schléisse vu Fabricke kann also ee positiven Impakt hunn“.

Den Zhang Yong, Vizepresident vun der Nationaler Entwécklungs- a Reformkommissioun (NDRC), hat scho Mëtt-Oktober op de „schiedlechen Effet“ vun der Campagne higewisen, déi awer noutwenneg ass, wëll een nees e bloen Himmel gesinn. Et géif sech sécherlech negativ op d‘Performance vun de betraffenen Entreprisen auswierken, mee laangfristeg betruecht, kann den Opbau vun enger ekologescher Gesellschaft déi wirtschaftlech Entwécklung stimuléieren.

mam Julien Girault/AFP

Foto: (Archivbild Abrëll 2016) D‘Shougang Capital Iron & Steel Plant zu Peking ass wéinst ze héijen Ausstéiss vu Schuedstoffer zougemaach ginn. E Schicksal dat vill Entreprisen, besonnesch aus dem Stolsecteur, betrëfft an sech op de BIP auswierkt. © Greg Baker/AFP

Ähnlech Sujeten China, Ëmwelt, Siderurgie, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel