Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019
Money Neiegkeeten

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019

Wéi déi Jore virdrun och, wëllen de Cercle Culturel Espagnol

dislike
Editorial: Zuelespillereien
Money Neiegkeeten

Editorial: Zuelespillereien

All puer Méint ass et dat selwecht: RTL, Wort an

money
Coronavirus: Bis ewell kee wirtschaftlechen Impakt op Lëtzebuerg
Money Neiegkeeten

Coronavirus: Bis ewell kee wirtschaftlechen Impakt op Lëtzebuerg

Säit de Coronavirus sech an der Welt ausbreet, an esou

money

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus China op Besuch. Nieft enger Delegatioun mat Persounen haaptsächlech aus dem Aviatiounssecteur, war de Vize-Gouverneur vun der Henan-Provënz, Shu Qing eng vun de wichtegste Personalitéiten.

Deen ass dann och vun de Ministere Pierre Gramegna (Finanzminister) a Claude Meisch (Minister fir Bildung, Kanner a Jugend) empfaange ginn. Och mat de Vetrieder vum Nohaltegkeet- an Infrastrukturministère huet de Fize-Gouverneur geschwat.

Loftfracht, ee wichtege Wirtschaftssecteur

Am Laf vun de leschte Joren, sinn Lëtzebuerg an d‘Provënz Henan eng enk wirtschaftlech Verbindung agaangen. Dat erkläert natierlech d‘Präsenz vun de Representante vun der „Henan Province Airport Group Co.Ltd“ (HAG) an der „Henan Civil Aviation Devlopment and Investment Company Ltd“ (HNCA).

Hei muss een dann elo och wëssen, datt HNCA zanter 2014 mat 35% um Kapital vun der Cargolux bedeelegt ass. Béid Entreprisen hunn d‘Strategie vum „dual-hub“ entwéckelt. Et geet dorëms den europäesche Verdeeler um Fluchhafe Lëtzebuerg an de chinesesche Verdeeler zu Zhengzhou ze vereenen. Mam Fracht-Trafic, vum deem auszegoen ass, datt en nach ee grousse Wuesstemspotential huet, ginn dann och d‘Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a China méi enk verknäppt.

Wirtschaftlech Pärel: Cargolux

Erfreelech, wann och net direkt verwonnerlech, datt am Kader vun dëser Visitte verschidden Accorden tëscht der Cargolux a senge Partner HNCA an HAG ënnerschriwwe goufen. Accorden, déi am besonneschen op den Ausbau an d‘Entwécklung vun de logistesche Verdeelerzentren, zu Lëtzebuerg an Zhengzhou hindeiten.

Detailer goufen net bekannt, mee et dierften och d‘Infrastrukturen a béide Länner vun den Accorde betraff sinn. Datt d‘Cargolux mat engem neien Haaptquartéier, dat elo gebaut gëtt, seng administrativ Virdeeler ausbaut, misst der Delegatioun gutt gefall hunn.

Bei de Visitte, sinn awer och weider Secteuren an de Fokus vun de Gespréicher geroden. Eng Zesummenaarbecht mat der Provënz Henan, sollt och an de Beräicher vum Tourismus an der Finanz Uklang fannen. Secteure wou de roude Léiw mat enger zolitter Entwécklungsstrategie konnt – a nach kann – eng gutt Renommée opbauen.

mam SIP

Foto: De Shu Qing, Fize-Gouverneur vun der Henan-Provënz (l) an de Pierre Gramegna, Finanzminister (© MFIN)

Ähnlech Sujeten Cargolux, China, Claude Meisch, Lëtzebuerg, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel