Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Halen oder net? Den Tableau de Tri fir d’Archive soll elo hëllefen
International Neiegkeeten

Halen oder net? Den Tableau de Tri fir d’Archive soll elo hëllefen

Gëschter hunn d’Kulturministesch Sam Tanson an d’Direktesch vun de Lëtzebuerger

money
Krunnewaasser am Restaurant?
International Neiegkeeten

Krunnewaasser am Restaurant?

Et ass eng sécherlech gutt gemengte Petitioun, d‘Restaurateure per Gesetz

money
Welthandelsorganisatioun bestrooft EU wéinst Airbus-Subventiounen
International Neiegkeeten

Welthandelsorganisatioun bestrooft EU wéinst Airbus-Subventiounen

D‘Mediateure vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) hu gëschter zu Genève den

China gëtt op der UNO iwwert de Programm zur Internéierung vu Mosleme befrot

China gëtt op der UNO iwwert de Programm zur Internéierung vu Mosleme befrot

China gëtt en Dënschdeg vu den UN-Memberlänner iwwert säi Programm zur Internéierung vu moslemesche Bierger befrot. E Programm deen ëmmer méi uechtert d‘Welt kritiséiert gëtt.

Ronn eng Millioun Uiguren an Mënsche vun anere chineseschen Ethnie mat tierkescher Sprooch sinn, oder waren, esou am Xinjiang (Nordoste vu China) ewechgespaart ginn. Dat zumindest op der Basis vun Estimatiounen, déi e Grupp vun UN-Experten am August gemaach huet.

Am Kader vum „universelle periodeschen Examen“ (UPR) deem sech all 193 Membere vun de Vereenten Natiounen, ongeféier all véier Joer mussen ënnerzéien, presentéiert China der UNO zu Genève e Rapport zur Situatioun vun de Mënscherechter bei sech, an de Verännerungen, zanter dem leschte Rapport aus 2013.

Dat gefält Washington

Bei dëser Sëtzung, kënnen all d‘Länner Froe stellen. E puer vun dësen si schonn am Virfeld vun der Sëtzung verëffentlecht ginn, mat déi éischt komme vun den USA, déi sech froen: „ka China déi apparent Kriminaliséierung vu friddlecher reliéiser Praxis an d‘Justifikatioun vun der Detentioun an Ëmerzéiungslager vum Xinjiang erklären, esou wéi déi zoustänneg Autoritéiten ernimmen?“.

Washington well och vu Peking wëssen: „wéi héich ass d‘Zuel vun de Persounen déi géint hire Wëllen an den Haftanstalte vum Xinjiang iwwert déi lescht fënnef Joer festgehale goufen?“. A Groussbritannien wëll vun de Chinese wëssen, wéini se gedenken eng Recommandatioun vun engem UN-Comité ëmzesetzen, deen en Enn vun der aussergeriichtlecher Detentioun fuerdert?

Däitschland an d‘USA reklaméiere vu Peking en Accès fir UN-Vertrieder, fir am Xinjiang an am Tibet ze enquêtéieren. China hat laang d‘Existenz vun esou Infrastrukturen dementéiert, mee mat der Verëffentlechung vu Satellittebiller an der Presenz vun offiziellen Dokumenter vu lokalen Autoritéiten am Internet, déi hir Existenz ernimmen, huet sech Peking anescht mussen ausdrécken.

Esou huet de Regime am Bezuch op dës Internéierung- an/oder Ëmerzéiungslager informéiert, datt et sech heibäi ëm „edukativ Zentren“ handelt, an deenen déi chinesesch Sprooch, Sport an Folklor enseignéiert gëtt. Dës Zentre géifen dem Kampf géint de reliéisen Extremismus déngen.

Wéi e Prisong

En Enquête vun der AFP, déi sech op iwwer 1.500 ëffentlech Dokumenter bezitt, déi een online kann agesinn, hunn am Oktober erginn, datt et am Xinjiang säit 2014, wéinstens 181 Zentre gëtt. Déi hunn sech notamment mat Matraquen, Handschellen an Tréinegas ausstafféiert.

Aus engem Dokument, an deem de Chef vun der kommunistescher Partei (CPC) am Xinjiang, Chen Quanguo, zitéiert gëtt, heescht et: „d‘Zentre musse wéi Schoulen enseignéieren, geréiert gi wéi an der Arméi, a verdeedegt gi wéi e Prisong“.

Iwwert déi lescht Jore war et zu villen Uschléi an Attentater komm. Honnerte Mënschen hunn hiert Liewe verluer. D‘Dote goufen uiguresche Separatisten an Extremisten zougeuerdent. D‘Autoritéite soen, si wiere besuergt, datt et zu enger Entwécklung vum radikalen Islamismus komme kéint. Dat an enger Regioun wou d‘Hallschent vun de 24 Milliounen Awunner Mosleme sinn.

Militanten deenen d‘Flucht an den „Exil“ gelongen ass, beriichten, datt et sech bei dëse Strukturen ëm geschlosse politesch Ëmerzéiungslager handelt. Fréier internéiert Persounen hunn ausgesot, datt si verhaft an agespaart goufen, just well si ee laange Baart oder e Voile gedroen hunn. Anerer wiere verhaft ginn, well si iwwer Internet, bei moslemesche Fester, Gréiss iwwermëttelt hätten.

Peking sicht den Dialog

„Déi chinesesch Regierung muss Äntwerten op d‘Froe vun der internationaler Communautéit ginn“, esou d‘Maya Wang, vu Human Rights Watch (HRW). All d‘Länner kënnen hir „Schléi“ op de Xinjiang konzentréieren, och wann d‘Effektivitéit vum Engagement (oder och net) vun de Länner ofhänkt, op konkret Äntwerten an Erklärungen ze bestoen.

Säitens Amnesty International, ass et de Patrick Poon, dee sech géif wënschen „datt et zu engem onmëssverständleche Message u Peking kënnt, fir dem Regime ze verdäitlechen, dat d‘Campagne vun der systematescher Repressioun an der autonomer Regioun vum Xinjiang (…) muss ophalen“.

Déi chinesesch Delegatioun gëtt vun engem Adjoint vum Ausseminister, Le Yucheng“ ugefouert. Mat him sinn och Responsabel aus dem Xinjiang, Tibet, Hong Kong a Macao ugereest. „China ass komm fir e konstruktiven Dialog mat alle Parteien ze féieren, dat an engem oppenen a éierleche Geescht“, esou de Spriecher vum Ausseministère, Lu Kang.

Ofgesi vum Xinjiang, ginn och aner Aspekter vum „chinesesche Bilan“ am Kontext vun de Mënscherechter examinéiert. Säit de Xi Jinping 2012 zu President ernannt ginn ass, huet d‘Repressioun vun de „Géigestëmmen“ sech verhäert, an déi numeresch „Iwwerwaachung“ huet en Ausmooss ugeholl, datt vun der internationaler Communautéit net méi dierft toleréiert ginn.

Peking stellt fest: „China opposéiert sech enger Politiséierung vun de Mënscherechter, den duebele Standarden, an ënnerstëtzt d‘Gerechtegkeet an déi international Justiz. (…) D‘Lag vun de Mënscherechter ass a kengem Land perfekt. China muss sech nach ville Schwieregkeeten an Erausfuerderunge stellen, fir d‘Mënscherechter ze fërderen an ze respektéieren“.

mam Eva Xiao/AFP

Foto: Indesch Moslemen hunn de 14. September virun der chinesescher Ambassade zu Mumbai manifestéiert, fir géint d‘Inhaftéierung an d‘Detentioun vu moslemesche Minoritéiten an der Xinjiang-Regioun ze protestéieren. D‘Affer vun der chinesescher Repressioun sinn d‘Uiguren an déi turkmenesch Minoritéit, déi beschëllegt ginn, fir Attentater a reliéisen Extremismus verantwortlech ze sinn. © Punit Paranpje/AFP

Ähnlech Sujeten China, Genève, Internéierung, Mënscherechter, Vereenten Natiounen, Xinjiang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel