Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung
International Neiegkeeten https://moien.lu/chelsea-dating-scott/

https://moien.lu/when-youre-dating-a-loser/

Den 21 September 2018 huet de Regierungsrot seng Zoustëmmung zum

D‘Büroe vun der ULC si Fuesméindeg zou!
International Neiegkeeten https://moien.lu/chelsea-dating-scott/

D‘Büroe vun der ULC si Fuesméindeg zou!

Dir huet e Mëssel mat engem Geschäft, Sträit mat enger

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten
International Neiegkeeten https://moien.lu/chelsea-dating-scott/

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten

Och den Zweete „Sommet“ am Wäissen Haus huet keng Léisung

Schwäi gehat: Chineseschen Neijoerschdag an der Handelskummer

Schwäi gehat: Chineseschen Neijoerschdag an der Handelskummer

China feiert d’Joer vum Schwäin. Och zu Lëtzebuerg ass dat chinesescht neit Joer mat enger flotter Receptioun an der Handelskummer um Kierchbierg zelebréiert ginn. Mat dobäi waren ënnert anerem de Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer, d’Familljeministesch Corinne Cahen, de Finanzminister Pierre Gramegna, sou wéi de chineseschen Ambassadeur Huang Changqing.

D’Neijoerschreceptioun huet säin Ufank mat der Begréissung vum Carlo Thelen gemaach. Dobäi ass dat chinesescht neit Joer eent vun de populäersten a gréissten Evenementer. Net nëmme wéinst der internationaler Diaspora, mee och duerch déi lokal Populatioun, an der chinesesch Bierger duerch d’Aarbecht an een anert Land ausgewandert sinn.

Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer © Martine de Lagardère/moien.lu

Och Lëtzebuerg ass een multikulturellt Land mat enger enker Bezéiung zu China. Doduerch ass et kee Wonner, datt vergaangene Mëttwoch schonn déi 13. Editioun vun dëser Neijoerschreceptioun gefeiert ginn ass.

Dëst Joer steet ganz am Zeeche vum Schwäin. An dësem Kader huet den Direkter vun der Handelskummer d’Bedaitung vun dësem Déier erkläert. Geet een der chinesescher Traditioun no, sou steet d’Schwäi virun allem als Zeeche vum Räichtum. Et sinn intelligent, mee realistesch Déieren, déi hiert Liewe genéissen an haart fir hir Zieler kämpfen. Leit, déi an dësem Joer gebuer sinn, gëllen als artistesch, intuitiv, intelligent an iwwerzeegen duerch hir gutt Manéieren. Mat vill Energie an Enthusiasmus kënnen si eng staark Positioun vertrieden.

Wéi een also gesäit sollt dat kommend chinesescht Joer vun tatkräftegen Aktiounen, Ambitiounen an Aarbecht gepräägt sinn, ideal Viraussetzunge bei de ville Projeten. Sou ass beispillsweis am Januar 2018 een Virvertrag (MoU) tëscht dem Lëtzebuerger Finanzministère an der China National Space Administration (CNSA) ënnerschriwwe ginn, deen déi wëssenschaftlech, technologesch, ekonomesch a politesch Kooperatioun tëscht den zwee Länner virgesäit.

Donieft huet de Finanzminister Étienne Schneider an den National Space Science Center (NSSC) eng Averständniserkläerung ënnerschriwwe fir een Fuerschungslaboratoire zur Exploratioun vum Weltall opzebauen. Dat ganzt Joer iwwer huet d’Handelskummer an de Finanzministère, sou wéi Luxinnovation d’Delegatioune vun der Shanghai Federation of Industry and Commerce, dem Distrikt Henan Zhengzhou News, dem Distrikt Shenzhen Futian an dem Distrikt Nanjing Liuhe empfaangen. Heibäi goufe verschidde wichteg Decisiounen tëscht Politiker an Entrepreneuren zur Logistik an propperer Energie getraff.

© Martine de Lagardère/moien.lu

Och 2019 stécht voller wichteger Evenementer

Am vergaangene Joer huet d’Universitéit vu Lëtzebuerg de Confucius Institut opgemaach. Am zentrum vun eiser Haaptstad soll geschwënn och den chinesesche Kulturzentrum opgemaach ginn, an dat no un der Gëlle Fra. Bis zum 28 Abrëll gëtt nach eng grouss Kollektioun vum Henan Museum am MNHM presentéiert, mat bis zu 3000 Joer ale Stécker, déi am vergaangene Joer vun der Cargolux op Lëtzebuerg transportéiert gi sinn.

Ofgeschloss huet de Carlo Thelen mam chinesesche Spréchwuert „Schwätze kacht kee Räis“, wouduerch d’Entwécklung vun innovativen Iddien an enger super Zesummenaarbecht zu enger super Zukunft féiere soll.

Pierre Gramegna, Finanzminister© Martine de Lagardère/moien.lu

D’Wuert ass uschléissend un de Finanzminister Pierre Gramegna gaangen, den sech optimistesch zu der wirtschaftlecher Lag weist. De Slow-Down an der EU ass momentan vun technescher Natur an och dësen Zyklus wäert zu Enn kommen. An Zukunft soll den oppene Marché vu China nach weider vergréissert ginn, woubäi de Grand-Duché de Moteur spille muss.

An dësem Kader huet de Minister och ervir gehuewen, datt Schengen dat bekanntsten Duerf a China ass. Donieft war Lëtzebuerg dat éischt Land, dat ee chinesesche Meeting ausserhalb vun Asien organiséieren duerft.

Een erfollegräicht Joer steet befir. FINTECH huet Lëtzebuerg als Hub ausgewielt fir seng technologesch Interaktiounen an d’Entwécklung vun innovativen Iddie fir d’Zukunft vun de Finanzservicer ze garantéieren. Sou gesäit een, datt d’Bezéiung tëscht China an Lëtzebuerg net nëmmen immens enk ass, mee och, datt een op den aneren ugewisen ass an seng Decisiounen zukunftsorientéiert trëfft.

Shirley Lam, chinesesch Handelsvertriederin vun der EU © Martine de Lagardère/moien.lu

Mat zuelräichen Aktioune kommen och eng Rei Erausfuerderungen op een duer, aus deenen déi zwee Länner – sou seet et d’Shirley Lam, chinesesch Handelsvertriederin bei der EU – nach vill méi staark eraus komm sinn. Dobäi huet si virun allem déi oppen a fräi Gesellschaft vun Hong Kong, sou wéi déi vill Innovatiounen ervir gehuewen.

Sou ass beispillsweis déi nei Hong Kong-Zhuhai-Macao Bréck presentéiert ginn, duerch déi d’Autoe ronn 80% un Zäit aspueren um Wee vun Zhuhai un den internationale Fluchhafe vun Hong Kong. No 9 Joer Aarbecht ass déi 42 Kilometer laang Bréck (15 Mol méi grouss wéi d’Golden Gate Bridge zu San Fransisco) elo endlech fäerdeg gestalt ginn a soll mat sengen 3 Spuere ronn 120 Joer halen.

Talenter si wëllkomm

Am leschte Joer konnt Hong Kong eng Hausse vun 6,4% un auslänneschen Entreprisen zielen, déi an der chinesescher Regioun Fouss gefaasst hunn. Trotzdeem hoffen si natierlech an Zukunft och op innovativ Käpp, déi dem Land zukünfteg ënnert d’Äerm gräife wäerten.

Och vir Lëtzebuergesch Finanzinstituter an aner Entreprisë gëtt Hong Kong ëmmer nees ausgewielt, fir och an Asien eng Location ze hunn. Sou ass och viru kuerzem de Finanzminister Gramegna an d’Stad geflunn, fir um Asian Financial Forum deelzehuelen an dat géigesäitegt Averständnis ënnerschriwwen (MoU) fir d’Unerkennung vu Geldfongen (Investment) tëscht Lëtzebuerg an Hong Kong. Dat erlabt ëffentlech Investitioune vun Hong Kong an de Grand-Duché an ëmgekéiert.

Corinne Cahen, Familljeministesch© Martine de Lagardère/moien.lu

No villen Opzielungen, vun den diversen Evenementer vum vergaangenen a kommende Joer ass d’Familljeministesch Corinne Cahen zu Wuert komm. Dobäi huet d’Ministesch grousse Wäert drop geluecht, datt déi chinesesch Bierger, déi bei eis schaffen och gelueft ginn. Ronn 3.500 Leit mat chinesesche Wuerzele schaffen nämlech am Grand-Duché. Dëst bréngt een enorme Sproocheräichtum a Kenntnisser zu de verschiddene Kulture mat sech, sou datt een zesummen erfollegräich wuesse kann.

Huang Changqing, Ambassadeur vu China © Martine de Lagardère/moien.lu

Dem hat den Ambassadeur vu China, den Huang Changqing net méi vill dozou ze fügen. Sou huet hien nach seng Freed iwwert dës Receptioun ausgedréckt. Och hie gëtt ze bedenken, datt ee Joer mat villen Erausfuerderungen op eis duerkënnt. Jiddweree wäert säi Bescht gi fir och mat beschtméigleche Resultat aus dësem Joer eraus ze goen.

D’Schüler aus dem Athenée © Martine de Lagardère/moien.lu

Uschléissend huet de chineseschen Ambassadeur nach eng gutt Gesondheet an perséinlech, sou wéi professionellen Erfollëg an Zefriddenheet gewënscht. Als Ofschloss war et un de Schüler vum Athenée, fir mat chinesesche Spréchwierder an zwee Dänz den Owend ofkléngen ze loossen. Bei Iessen a Gedrénks ass uschléissend gutt gefeiert ginn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Robert Goebbels, fréiere Regierungsmember an Europadeputéierten; Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer; Shirley Lam, chinesesch Handelsvertriederin vun der EU; Pierre Gramegna, Finanzminister; Corinne Cahen, Familljeministesch; Huang Changqing, chineseschen Ambassadeur; Laurent Mosar, CSV; Jeannot Krecké, ehemoolege Wirtschaftsminister © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carlo Thelen, Chineseschen Neijoerschdag, Corinne Cahen, FinTech, Handelskummer, Hong Kong, Hong Kong-Zhuhai-Macao Bréck, Joer vum Schwäin, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel