Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Ee Gebuertsdag, fir dee geknuppt gëtt!

Wien et nach net matkritt huet: Haut ass Nationalfeierdag! Mat

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo
Kultur Neiegkeeten

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo

Exklusiv fir d’éischt kéier ze Lëtzebuerg gëtt et eng Ausstellung

Boris de Baumeeschter
Kultur Neiegkeeten

Boris de Baumeeschter

De Premierminister Boris Johnson huet an enger Ried ugekënnegt, datt

Lëtzebuerg zelebréiert den 18. Januar dat chinesescht neit Joer

Lëtzebuerg zelebréiert den 18. Januar dat chinesescht neit Joer

Den Institut „Konfuzius“ vun der Universitéit zu Lëtzebuerg organiséiert de Samschdeg 18. Januar an der Stad vun 13.30 bis 16.30 Auer d‘Feierlechkeete vum chineseschen Neijoer. Fir den Empfang vun der „Rat aus Stol“ ass dat grousst Besteck erausgeholl ginn.

Eng helle wull u Stänn an Aktivitéite bidde Wëssenswäertes zur chinesescher Kultur a Sprooch un, an och Dänz si virgesinn. Et stinn ënnert anerem den Danz vum Draach a vum Léiw um Programm, déi eng wichteg kulturell Bedeitung fir d‘Chinesen hunn. Op der Plëss kann ee sech en Abléck an déi chinesesch Handwierkskonscht gënnen.

Kalligraphie beispillsweis, mee och Taï-Chi, an d‘Konscht Pabeier ze falen (Origami) kann een hei zu den Highlights zielen. De gastronomesche Programm ass och net vun der Heck gepléckt, firwat ee roueg dierf d‘Mëttegiessen eppes méi liicht gestalten. Dann ass och sécher nach genuch Plaz fir all déi Leckereien déi een op dësem Dag erwaarden.

Et ass iwwregens – esou gouf et eis emol matgedeelt – alles gratis a jiddereen dee Loscht huet dierf matmaachen. Interessant och, datt nees d‘AFDDLC vu Paräis déi traditionell Parad organiséiert an och déi genannten Dänz opféiere wäert. Méiglech gemaach gouf dat alles duerch d‘Kooperatioun vum Stater Geschäftsverband. En Dag deen ee sech mierke sollt.

Vergiesse mir dann och net drop hinzeweisen, datt schonn de 15. Januar, den Institut Konfuzius, déi renomméiert „Fudan University Song and Dance Troup“ empfänkt, fir säi Fest zum chineseschen Neijoer, datt am Casino 2000 zu Munneref stattfënnt, ze begoen. Dësen Event gëtt an Kooperatioun mat „China-Luxembourg Chamber of Commerce“ organiséiert.

Foto: Scott Watson / Pixabay

Ähnlech Sujeten China-Luxembourg Chamber of Commerce, Chinsescht neit Joer, Institut Konfuzius, Joer vun der Rat, Plëss, Stater Geschäftsverband, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel