Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller
best free dating site for over 50

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller

Bei der Lëtzebuerger Tennisfederatioun ass d‘Gléck spierbar. Wéi eis de

sinaloa dating site
best free dating site for over 50

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat

Nodeems vill Virschléi erakomm sinn konnt um 15. Februar 1965

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!
best free dating site for over 50

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!

No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!

Wéi um 28. Februar konnt festgestallt ginn ass d’Zuel vun den Aarbechtssichenden, déi zu Lëtzebuerg wunnen a sech bei der ADEM ageschriwwen hunn ëm 6,8% erofgaangen. D’Zuel beleeft sech op 15.508 Persounen, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, wat 1.134 Persoune manner sinn, wéi am Joer virdrun. Den Taux vum Chômage beleeft sech elo laut dem STATEC bei 5,2%.

Am Verglach dozou ass am Januar 2019 d’Zuel mat 351 Persounen an d’Luucht gaangen. Esou eng Erhéijung ass eigentlech ongewéinlech, wëll déi saisonal Variatiounen tëscht de Méint vum Januar a Februar eng Baisse virgesinn. Erkläre kann een et allerdéngs duerch d’Inscriptioune beim REVIS, nom Akraafttriede vum neie Gesetz.

Kuckt een elo all Persounen, déi net am Grand-Duché wunnen a bei der ADEM ageschriwwe sinn, esou leie mir bei 2.672 Persounen um 28. Februar 2019, wat am Verglach zum Joer virdrun eng Baisse vun 2,2% duerstellt. Wann d’Unzuel un net zu Lëtzebuerg wunnhaften Aarbechtssichende mat reduzéierter Aarbechtskapassitéit erofgeet, ass d’Zuel u Persounen ouni dëse Status am Gaang an d’Luucht ze goen.

Am Februar 2019 huet d’ADEM 2.521 nei Dossieren opgemaach, fir Residenten, déi no enger neier Plaz sichen, wat eng Erhéijung vu 26% am Verglach zum Joer virdrun duerstellt. Donieft sinn 614 nei Dossiere fir net-Residenten erstallt ginn, wat och eng Hausse duerstellt, allerdéngs ëm 115% am Verglach zum Februar 2018.

4.307 Persoune profitéiere vun de Mesurë fir eng Aarbecht, wat op ee Joer gekuckt 42 Leit (1,0%) manner sinn, wéi am Februar 2018. Am Laf vun dësem Februar hunn Employeuren 3.236 nei Plaze bei der ADEM uginn. Soumat waren am leschte Mount 115 Poste méi (3,7%) ze beleeën, wéi am Joer virdrun.

Déi genau Tabellen, Statistiken a weider Informatioune kritt dir am Dokument „Chiffres-clés“, wat dir um Site vun der ADEM an um Portal mat de Statistiken erofluede kënnt – oder dir klickt einfach HEI. Niewebäi kënnt dir op de genannte Säiten och interaktiv Tabellen an oppe Plaze fannen.

Ähnlech Sujeten Aarbecht, Aarbechtsplaz, ADEM, Baisse, Employeur, Statec, Statistik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel