Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht
Neiegkeeten

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht

Och eng CSV zitt géint Enn vun der Legislaturperiod de

Um Kierchbierg sinn Tram an e Bus net laanschtenee komm
Neiegkeeten

Um Kierchbierg sinn Tram an e Bus net laanschtenee komm

De Mueren ass et um Kierchbierg am der Alphonse Weiker

Barcelona: Exzellente Saisonstart fir den Dylan Pereira
Neiegkeeten

Barcelona: Exzellente Saisonstart fir den Dylan Pereira

De leschte Weekend huet zu Barcelona, am Kader vun der

Chômage: Réckgang vun 8,7 % an engem Joer

Chômage: Réckgang vun 8,7 % an engem Joer

D’ADEM huet elo Zuelen zum Chômage an den Aarbechtssichende verëffentlecht, déi sech op ee Joer belafen. Dobäi kann een ee Réckgang vu bal 9% zum Januar 2018 observéieren.

D’Zuel vun den bei der ADEM ageschriwwenen Aarbechtssichende louch um 31. januar 2019 bei 15.157 Persounen. Op ee Joer gekuckt bedeit dëst 1.442 Persounen (8,7%) manner, wéi am Joer virdrun. Den Taux vum Chômage beleeft sech, laut STATEC, op 5,1%.

Dëse Réckgang bezitt sech virun allem op Aarbechtssichend, déi méi jonk, wéi 30 Joer sinn (-15,1%). D’Unzuel vu Laangzäit-Chômeuren ass dobäi ëm 6,1% erofgaangen, wougéint d’Zuel un Aarbechtssichende mam Status vum Handicapéierte-Salaire oder ageschränkter Aarbechtskapassitéit an engem Joer 6,2% gesenkt konnt ginn.

Bis zum 31. Januar 2019 hunn 4.238 Persoune vun den Aarbechtsmesurë profitéiere kennen. Dëst bedeit ee Réckgang vun 92 Persounen (2,1%). Just déi speziell Mesuren (+ 8,9%) an d’Formatiounen, déi d’ADEM proposéiert (+ 7,5%) hunn eng Progressioun erlieft, wougéint all aner Moossnamen eben ee Réckgang vun de Begënschtegen erliewen duerften.

Am Januar 2019 d’Employeuren 3,502 fräi Plaze bei der ADEM deklaréiert, wat 486 Posten (12,2%) manner sinn wéi am Januar 2018.

Detailléiert Zuelen an Tabelle mat diversen Donnéeë kann een um Site vun der ADEM eroflueden, sou wéi um Portal vun de Statistiken. Oder Dir klickt fir den Download ganz einfach HEI. Interaktiv Tabellen zur Aarbechtsoffer an den Aarbechtssichende bei der ADEM fannt Dir um Site www.adem.public.lu an am Portal vun Open Data.

adem

Een aarbechtssichenden Resident ass eng Persoun, déi bei der ADEM ageschriwwen ass, mat Wunnsëtz op Lëtzebuerger Buedem. No engem statistesche Relevé dierf dës Persoun keng Aarbecht hunn, oder iergendwellech aner Mesuren am Beräich vun der Aarbecht, ee Krankeschäin oder Congé Maternité hunn. Den Taux vum Chômage ass de Rapport tëscht der Unzuel vun Aarbechtssichenden an der aktiver Populatioun.

Ähnlech Sujeten ADEM, Chômage, Open Data, Réckgang, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel