Search

You may also like

USA: Demokratesch Senatorin fuerdert dem Trump säi Kapp
Money Neiegkeeten

USA: Demokratesch Senatorin fuerdert dem Trump säi Kapp

Déi demokratesch Senatorin Elizabeth Warren ass iwwerzeegt, datt de „Mueller-Bericht“

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung
Money Neiegkeeten

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung

Um Mëttwoch haten d‘Politiker an d‘Poliziste just Gebieder a keng

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President
Money Neiegkeeten

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President

Um Samschdeg haten déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg (JSL) zu Esch-Uelzecht

money

Chômage Zuele weider réckleefeg

Et geet kontinuéierlech zeréck

Chômage Zuele weider réckleefeg

Op den 30. Juni ass op e neits eng Baisse vum Chômage festgehale ginn. Mat elo 15.235 ageschriwwen Demandeuren, sinn et der 720 manner wéi zejoert. E Réckgang deemno vu 4,5% an engem Joer.

Mat engem Chômage-Taux vun insgesamt 6%, also gläich bleiwend wéi am Mee, ass Lëtzebuerg och weiderhi gutt opgestallt. Géintiwwer 2016 verbessert sech d‘Lag dann och ëm 0,4%. Erfreelech ass hei awer besonnesch de Fait, datt et den soss éischter Benodeelegten zerguttst kënnt.

Konjunkturellen Opschwong spierbar

Esou ass den Undeel vun de Leit déi eng Schaff sichen, awer mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen hunn, op engem Joer ëm 5,7% zréckgaangen. Am meeschte profitéiert vum konjunkturellen Opschwong, hunn déi manner qualifizéiert Demandeuren. Hei ass eng Baisse vun 8,6% ze verzeechnen. Och bei den Demandeuren, déi méi wéi ee Joer ageschriwwe sinn, ass mat engem Réckgang vun 7,2%, eng bedeitend Verbesserung ze notéieren.

Säitens dem Patronat waren am Juni 2.883 oppe Plaze gemellt ginn. Och hei eng Hausse vu ganze 9% am Verglach zum Juni 2016. Zuelen also, déi nach emol déi aktuell gutt wirtschaftlech Situatioun vu Lëtzebuerg ënnersträichen.

Interessant dierft och d‘Informatioun vun der ADEM sinn, fir d‘Leit déi eng Schaff iwwert den Internet sichen. All d‘Offeren, déi der ADEM gemellt sinn, kann een iwwert den „open data“ agesinn. Heiranner si wichteg Renseignementer enthalen, wéi den Detail vum ugebuedene Kontrakt, dem Beruff an den Aktivitéitssecteur vun den Employeuren.

Alles an allem fanne mer esou nees op en Taux zréck, dee Lëtzebuerg bis Februar 2012 konnt halen. Eng Spëtzt vun iwwer 7% hat sech vun August 2013 bis November 2014 festgesat. Vun do un ass de Chômage kontinuéierlech zréckgaangen.

Related topics Aarbechtslosegkeet, Aarbechtsmarché, Lëtzebuerg
Next post Previous post