Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Oktober 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Oktober 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Chaos an Onkloerheet herrsche bei der Fleegeversécherung, esou d’Oppositioun
Neiegkeeten

Chaos an Onkloerheet herrsche bei der Fleegeversécherung, esou d’Oppositioun

D’Reform vun der Fleegeversécherung beschäftegt d’Politik weider. Nodeem d’adr an

Dinner-Konferenz am Zeeche vun de Rousen
Neiegkeeten

Dinner-Konferenz am Zeeche vun de Rousen

Den 11. Februar 2019 kann een ganz an d’Thematik vun

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot hat sech d‘Chrëschtdeeg an der Stad ganz anescht virgestallt. Vu Chrëschtmäert iwwert d‘Äispist hin zu Animatiounen, un alles war geduecht ginn, mee dësen onséilege Covid19 well eis Mënschen einfach net zur Rou komme loossen. Esou huet d‘Stad Lëtzebuerg, wéi och all déi aner Gemengen am Land, missen alles ofsoen.

Vill méi brauch et eigentlech och net fir engem d‘Flemm anzedreiwen, woubäi d‘Regierung iwwert dat modifizéiert Covid19-Gesetz, dat um Mëttwoch an der Chamber gestëmmt ginn ass, et awer nach ronn bruecht huet, de „Gutt-Laun“-Pegel an den negative Beräich ze befërderen. Gutt villes huet wuel misse sinn, et wier awer net vu Muttwëll gewiescht eppes koherent heibäi virzegoen.

Et dierf een och ënnersträichen, datt déi Vertrieder vum Stater Schäffen- a Gemengerot wou an der Chamber zur Koalitiounsmajoritéit zielen, d‘Mesure vun der Regierung matgedroen hunn. An deem Sënn bleift nach just Spillraum eppes géint déi däischter Stëmmung am Kapp ze ënnerhuelen, an do kann ee mat Beliichtung scho villes erreechen. D‘Stad huet do jo och ganz gutt Erfarunge gemaach.

Vun haut un an dat bis den 10. Januar 2021 bitt d‘Stad Lëtzebuerg eis am gewësse Sënn eng Aart „Luminotherapie“ un. Wäit iwwer 700.000 Liichtercher (100% LED) wäerten net am Usaz déi gutt Stëmmung, wou ee bei Glühwäin a waarme Käschten entwéckelt opweie kënnen. Dat ass elo just eng Feststellung… well eigentlech läit dach just bei all eenzele wéi hien d‘Schéinheet entdeckt.

Foto: Op der Plëss steet ee risegt Häerz, wann dat net zum Selfie aluet, jo da wësse mir et och net. © Martine der Lagardère / moien.lu

Related topics Chrëschtbeliichtung, Chrëschtdag, Covid19, Luminotherapie, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post