Search

You may also like

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington
Stories

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass dës Woch op Washington

De Realitéite Rechnung droen (erkläert)
Stories

De Realitéite Rechnung droen (erkläert)

Mëtt Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten), eng Motioun

Schwéiert Äerdbiewen an der Tierkei fuerdert Mënscheliewen
Stories

Schwéiert Äerdbiewen an der Tierkei fuerdert Mënscheliewen

Bei engem heftegen Äerdbiewen an der Osttierkei si mindestens 18

Chrëschtdag an enger Stad mat Bensin am Blutt

Net nëmme Stied an Dierfer hu wonnerschéi Chrëschtmäert. Och d’Autostad zu Wolfsburg huet hei vill ze bidden! Fir autointeresséiert Leit ass dëst e Paradäis vun engem Chrëschtmaart, a Verbindung mat schnelle Gefierer. Tëschent den Autohaiser, mat verschiddenen Themeberäicher, fënnt een hei e klassesche Chrëschtmaart fir Grouss an Kleng.

Wat ass d’Autostadt zu Wolfsburg iwwerhaapt?

Ganz einfach ausgedréckt ass et den Haaptsëtz vum VW-Konzern déi ob hirem Terrain verschidde Gebaier, mat ënnerschiddlechen Theme fir Leit, déi eng Leidenschaft fir Autoen, opgebaut hunn. Generell bitt d’Autostad dem Visiteur d’Méiglechkeet, fir d’Mobilitéit erliefbar ze maachen. Vum 30. November bis de 6. Januar kann een un engem wanterlechen Erliefnis deelhuelen, wéi een et seele gesäit.

Et gëtt allerdéngs net nëmmen eppes ze kucken an unzepaken, mee och eppes fir ze schmaachen a verschiddene Restauranten, Baren, wéi en Hotel. Ëm Chrëschtdag sinn hei nach zousätzlech Gedrénks- an Iessstänn, wéi och eng Äispist, a weider spannend Attraktiounen.

Ee wanterlecht Erliefnis mat vill PS

Am Hannergrond ass dann alles ronderëm den Auto ze fannen. Ugefaange mat historesche Gefierer, déi d’Geschicht geschriwwen a beaflosst, souguer ganz Generatioune gepräägt hunn, bis hin zu Klassiker aus kënnege Filmer, wéi „Back to the Future“. Och Supersportler ginn et hei ze bestaunen. Ee Beispill ass Lamborghini: déi italienesch Luxusmark huet en Gebai, an dem den Soundcheck vun engem Gallardo-Motor, den un der Mauer pecht, gemaach gëtt.

Donieft gëtt et nach en Skoda, d’VW-Haus, wéi och een Audi-Haus, wou déi neiste Modeller an enger Top Ausstattung presentéiert, a vun den Leit bestaunt an erlieft kënne ginn. Dëst gëtt vun enger faszinéierender Luuchteshow bei Audi begleet.

Och immens interessant fir Grouss a Kleng ass d’Produktioun Step by Step, vun der Karosserie bis hin zum fäerdegen Auto, woubäi all Schrëtt erkläert an gewise gëtt. De Fokus läit allerdéngs net nëmmen op den Verbrennungsmotoren, mee och an der E-Mobilitéit. Hei ginn och Autoe, wéi den Golf GTE, an sengen Detailer beschriwwen.

Et ass vill méi, wéi just Autoe kucken

Am Bezuch ob den Ëmweltschutz gëtt et och eng grouss an interessant Ausstellung. Mat Explikatiounen zum Recycling, der ëmweltfrëndlech Produktioun, an villem méi, léiert een als Visiteur vill dobäi. Uschléissend kann ee säin ökologesche Foussofdrock berechne loossen a kucken, ob een elo éischter een Ëmweltverschmotzer oder een Ëmweltschützer ass.

Niewent dësen Attraktioune gëtt et ee Kino, mat der Historique an diverse Geschichte vu VW. Fir déijéineg, déi léiwer selwer aktiv sinn ginn Testfaarte mat den neiste Modeller ugebueden, fir déi en sech allerdéngs umelle muss. Heivir steet ee groussen Terrain mat asphaltéierte Weeër zu Verfügung.

Markenzeeche vun der Autostad sinn déi zwee Autotierm, gefëllt mat allméiglechen Autoe vum VW-Konzern, déi en aus engem Lift eraus bestaune kann. Mee net nëmmen déi genannten Attraktioune kann een hei erliewen, mee och ëmmer erëm nei Saachen aus der Welt vun den Autoen, der Bildung, Concerten an nach vill méi.

Hei lount et sech definitiv iwwer déi Feierdeeg oder mol en Weekend, en Ausfluch mat der Famill an ze plangen. Weider Infoen fann dir ënner www.autostadt.de.

Next post Previous post