Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmme wat ee gesäit, existéiert och
International Neiegkeeten

dating vintage fedoras

Et gëtt vill vu Representatioun geschwat. A wéineg doriwwer, wéi

dating with chinese girl
International Neiegkeeten

Galerie: Visite vun der Protex zu Lëntgen a de Pompjeeë vu Miersch

Um Donneschdeg Ware mir mam Inneminister Dan Kersch op Visite

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun
International Neiegkeeten

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun

Extravagant an eenzegaarteg, dem Streetart-Kënschtler Banksy säi „Girl with Balloon“,

Chrëschtdag: De Poopst Francis a säi Kampf géint de Konsum

Chrëschtdag: De Poopst Francis a säi Kampf géint de Konsum

Als spirituelle Chef vun 1,3 Milliarde Katholiken, huet de Poopst Francis um Méindegowend seng Glawensgemeinschaft opgeruff, vum (renge) Konsum Ofstand ze huelen, sech dem spirituellen zou ze wennen, iwwert d‘Liewen nozedenken, d‘Deele mat deenen einfachsten.

„De Mënsch ass giereg a gefréisseg ginn. Hunn, Saachen zesummenzeféieren, dat schéngt fir vill Mënschen de Sënn vum Liewen ze bedeiten“, esou de Kierchemann a senger Moralpriedegt op Hellegowend, virun Dausende Jünger, déi sech wéi all Joer an der Basilika vum hellege Pier zu Roum zesummefonnt hunn.

„D‘Gefréissegkeet zitt sech duerch déi ganz Mënschheetsgeschicht, bis hin zu de Paradoxe vun haut. Esou gëtt et déi wou sech Panz voll schloen, während déi aner sech kee Stéck Brout deele kënnen“, esou dee Mann deen aus Argentinien an déi grouss Welt gezunn ass, fir déi Aarm ze vertrieden an ze verdeedegen. Hir rifft op „net an d‘Griewer vum mondäne Liewen an dem Konsum ze falen“.

„De klenge Kierper vum Kand vu Betlehem lancéiert e neie Liewensmodell: net opfriessen a sech uneegnen, mee deelen a ginn“ esou de Kierchemann a senger priedegt op Hellegowend, wou laut der chrëschtlecher Traditioun, d‘gebuert vu „Jesus vun Nazareth“ zu Betlehem gefeiert gëtt. An hie freet sech selwer: „Kann ech op esouvill Iwwerflësseges verzichte fir méi en einfacht Liewen ze féieren? Froe mir eis also: op Chrëschtdag, deelen ech mäi Brout mat deem dee keent huet?“

Esou dee Mann, wou kierzlech säin 82. Gebuertsdag gefeiert huet, sech mat Kannermëssbrauch an den eegene Reie muss ausenanersetzen, Homosexualitéit als eng Krankheet betruecht an de Fraen och weiderhin nëmmen eng „gefälleg“ Roll an der Kierch zougesteet. En Dënschdeg adresséiert de Poopst Francis säi sechste Chrëschtdagsmessage „Urbi et Orbi“ – op de Plaz vum hellege Pier – un déi ganz Welt.

Och zu Betlehem gouf gebiet

Zu Betlehem sinn och Metten ofgehale ginn. Dat ganzt an der Kierch vun der helleger Catherine, déi un d‘Gebuertskierch uschléisst. Hei soll, entspriechend der chrëschtlecher Traditioun, Jesus op d‘Welt komm sinn. A senger Priedegt huet den Äerzbëschof Pierbattista Pizzaballa, apostoleschen Administrateur vum laténgesche Patriarch vu Jerusalem, der palestinensescher Stad en Hommage gebueden a preziséiert, datt d‘Gebuert vu Jesus zu Betlehem e gëttleche Choix war.

„Betlehem, Nazareth, Kanaa, Kafarnaum, Jerusalem: dat sinn Nimm déi mir an eisen Häerzen droen, well dës Stied si vu Jesus geléift ginn“. A de Kierchemann ernimmt eng Verantwortung géintiwwer „der Stad an dem Buedem op deem mir liewen“. Hie betount: „Et geet net drëms se ze besëtzen oder ze besetzen, mee se ze veränneren, fir datt op dëser Plaz d‘Erfarung vun der Kommunioun an dem Fridde bléie kann“.

Un der Mass hu sech och de palestinensesche President Mahmoud Abbas, säi Premierminister an e Vertriede vum Kinnek vu Jordanien deelgeholl. Eppes méi fréi am Dag, ware palestinensesch Scouten, op der Plaz „Manger“ bei der Basilika mat Duddelsak a Trommelen defiléiert. Aus dem Ausland waren och vill Gleeweger ugereest, fir un de Feierlechkeeten deelzehuelen.

Et geet awer och hei ëm vill Geld

Dee ganzen Opwand, dee sech wuel op engem reliéisen Hannergrond stëtzt, gëtt allerdéngs aus de Léift fir säin Nächste veranstalt. D‘Gebuertskierch vu Betlehem, déi zum UNESCO-Weltierwe gehéiert, ass eng reliéis an touristesch Destinatioun. An och wann d‘Chrëschten net méi d‘Majoritéit representéieren, géintiwwer de Moslemen, esou geet fir déi sëlleche Geschäftsleit, Hotelieren a Restaurateuren drëms méiglechst vill Ëmsaz ze maachen. Ëmmerhin ass Héichsaison…

Dobäi sollt een awer net vergiessen, datt Betlehem an d‘Westjordanland (dat ugrenzt) vun Israel säit elo méi wéi 50 Joer besat sinn. 2017 waren d‘Chrëschtfeieren eppes „derangéiert“ ginn, wéi den Donald Trump, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt huet.

„Dëst Joer ass et nees vill méi roueg wéi d‘lescht Joer“, freet déi palestinensesch Chrëschtin, Abeer Nassr, vu Beit Sabour. Nodeems den Tourismus ënnert dem israelesch-palestinensesche Konflikt gelidden huet, ass et 2018 nees zolidd biergop gaangen. Zu Betlehem sinn d‘Hoteller nees prächteg voll, besonnesch elo iwwer Chrëschtdag, wéi et de President vun der Federatioun vun de palestinenseschen Hotelieren, Elias al-Arja, erkläert.

mat AFP

Foto: De Poopst Francis an der Basilika vum hellege Pier, no der Houmass zur Gebuert vum Jesus. A senger Priedegt huet de Kierchemann d‘Katholiken zum Konsumverzicht opgeruff. © Tiziana Fabi/AFP

Ähnlech Sujeten Betlehem, Chrëschtdag, Jesus, Konsum, Poopst Francis, Vatikan, Verzicht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel