Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Berechtegt Opreegung wéinst dem Tram?
Kultur Neiegkeeten

hook up with your relatives before you're transferred

De Start vun de Virbereedungsaarbechte fir den Tram an der

https://moien.lu/dating-in-norway-julien/
Kultur Neiegkeeten

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Enger Etüd no, déi am Optrag vun der grénger Fraktioun

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%
Kultur Neiegkeeten

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%

Domat läit se e gutt Stéck iwwert den 2%, déi

Chrëschtmaart zu Steesel: De Verwinnprogramm fir all Sënner

Chrëschtmaart zu Steesel: De Verwinnprogramm fir all Sënner

Kuerz no Niklosdag invitéiert d’Gemeng Steesel op säi Chrëschtmaart am Kulturhaus Laval-Tudor. Samschdes, de 7. Dezember a Sonndes, den 8. Dezember 2019 gëtt hei net nëmmen d’Aen mat diverse Produiten, d’Ouer mat Musek an de Mo mat Glühwäi verwinnt, mee och nach d’Häerz mat Wiermt gefëllt.

Um Chrëschtmaart zu Steesel wäerten 13 Associatiounen a Veräiner vu Chrëschtdekoen, Käerzen an anere schéine Cadeauen, bis hin zum Schockela, Téi a Béier sou munches ze bidden hunn. Fir de musikaleschen Deel suergen d’Singing Kids Steesel an d’Schüler vun der UGDA.

Och fir de klengen Honger, den Duuscht an de Genoss ass natierlech gesuergt: Glühwain, Panecher, gegrillte Saumon, Chrëschtgebäck, Pizza an Tarte Flambée, Schampes, Schocki… d’Lëscht kéint een elo nach laang viru féieren, oder et kënnt een einfach selwer kucken.

Organiséiert gëtt de Chrëschtmaart vun der Gemeng Steesel, zesumme mat der Kulturkommissioun. Samschdes, de 7. Dezember gitt Dir vu 17 bis 21 Auer empfaangen, den Dag drop geet de Maart schonn um 11 Auer un a leeft bis 18 Auer.

Ähnlech Sujeten Adventsmaart, Chrëschtmaart, Gedrénks, Glühwäin, Iessen, Kulturkommissioun, Singing Kids Steesel, Steesel, UGDA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel