Search

You may also like

Wa Klimaanlagen de Klimawandel virundreiwen
Neiegkeeten

Wa Klimaanlagen de Klimawandel virundreiwen

Bei grousser Hëtzt huet zimlech all Mënsch de Besoin sech

D‘Police sicht no Zeien
Neiegkeeten

D‘Police sicht no Zeien

An der Nuecht op ee Sonndeg, esou de Policebericht, ass

Nach bis den 29. Mee: Verdeele vu Schutzmasken u Grenzgänger
Neiegkeeten

Nach bis den 29. Mee: Verdeele vu Schutzmasken u Grenzgänger

Zënter dem 11. Mee 2020 si méi wéi 90.000 Këschte

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé

Ab dem 1. November 2018 ass den Christian Oberlé den neie President vun der Gesondheetskeess (CNS). Domat ass hien den Nofolger vum Paul Schmit, den säin Mandat den 30. September ofgëtt.

An der Iwwergangszäit vum 1. bis den 31. Oktober wäert den José Balanzate, éischte Beroder vun der Direktioun vum CNS, amtéierende President sinn.

De Christian Oberlé huet säin Studium zu Léck absolvéiert an durno op der Universitéit vu Lausanne mam Master of Business Administration (MBA) vervollstännegt. No bal zwee Joerzéngter am Kliniksberäich bitt hien déift Wëssen am gesondheetleche Beräich. Momentan ass hien Generaldirekter am Spidol Robert. Schuman an Direkter vun der dozougehéiereger Fondatioun.

A senger professioneller Karrier huet de Christian Oberlé vill bedeitend Projeten am Spidolsberäich begleet an iwwerwaacht wéi beispillsweis d’Fusioun vun der Klinik Kierchbierg, der Zitha Klinik an der Klinik Sainte-Marie.

De Minister Romain Schneider seet dem Paul Schmitt Merci fir seng Higab a senger Zäit als President vun der CNS. Donieft zielt hien och säin Engagement am Beräich sozial Sécherheet zu Lëtzebuerg op.

Related topics Christian Oberlé, CNS, Gesondheetskeess, Paul Schmit
Next post Previous post