Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel
International Neiegkeeten

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018
International Neiegkeeten

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018

En Donneschdeg huet d’Stad Lëtzebuerg erëm den desjäregen Anne Beffort

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!
International Neiegkeeten

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!

Um leschte Weekend vum Januar invitéiert natur&ëmwelt nees Vullen ze

De Christophe Hansen zum Green Deal, Zweete Weltkrich a méi

De Christophe Hansen zum Green Deal, Zweete Weltkrich a méi

Zu Stroossbuerg steet dës Woch eng Plenarwoch un, bei där och de Lëtzebuerger Europadeputéierte Christophe Hansen deelhëlt. Am viraus huet hie sech zum Green Deal, zum Gedenken un den Zweete Weltkrich an zum Fortschrëtt beim Artikel-7-Verfare geäussert.

De Green Deal als Wuesstemsmotor

Dës Woch stëmmt dat Europäescht Parlament iwwert seng Decisioun vum Green Deal of. Gëtt dësen Deal vun den Deputéierte grondsätzlech begréisst, esou setzen d’Fraktioune fir d’Realisatioun op verschidde Schwéierpunkten. „Fir d’EVP-Fraktioun steet d’Vereenbarkeet vu Klimamoossnamen an de gläichzäitege Wirtschaftswuesstem am Virdergrond. Mat Investitiounen a gréng Technologien, nohalteg Léisungen an nei Chancë fir Entreprisen, kann de Gréngen Deal zu enger neier Wuesstemsstrategie ginn, vun där besonnesch innovativ kleng a mëttel Entreprise profitéiere kéinten“, sou den Europadeputéierte Christophe Hansen zur Plenarwoch zu Stroossbuerg.

A sengem Schreiwes betount hien och d’Roll vun der europäescher Handelspolitik beim Erreeche vun de Klimaziler a fuerdert d’Ernennung vun engem EU-Klimabotschafter, deen d’Visioune vun der Klimaneutralitéit bis 2050 a Verhandlunge mat anere Wirtschaftspartner verdeedegt. Esou soll déi noutwenneg global Ënnerstëtzung fir den ambitiéise Klimaprogramm séchergestallt ginn.

Am Dezember huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hiert Konzept fir den europäesche Green Deal presentéiert. Mam Pakt verflicht sech d’EU-Kommissioun bis zum Joer 2050 klimaneutral ze sinn. Heivir si 50 praktesch Schrëtt virgesinn, duerch déi dat ambitiéist Zil erreecht soll ginn.

Häerzstéck wier d’Ariichtung vun engem Fong vun 100 Milliarden Euro fir ee „gerechten Iwwergang“. Esou soll garantéiert ginn, datt d’Verléierer vum Kampf géint de Klimawandel, wéi beispillsweis d’Mataarbechter an der Kuelenindustrie, opgefaange ginn an Entreprisen an nohalteg Produktiounstechnologien investéiere kënnen.

Gedenken un den Zweete Weltkrich

Am Juli 2019 huet den Europadeputéierte Christophe Hansen de sougenannte Mauthausen Appell vum Internationale Comité vum Nazi Konzentratiouns- a Vernichtungslager ënnerschriwwen. Heibäi gëtt zu de grondleeënde Wäerter vu Fridden, Dialog, Solidaritéit, Respekt fir Mënscherechter an d’Dignitéit vun alle Mënschen opgeruff. Et wennt ee sech géint Haassrieden an nationalistesch, rassistesch, friemefeindlech an antisemitesch Ideologien.

De Christophe Hansen erkläert weider: „An Zäiten, an deene populistesch an nationalistesch Kräfte u Stëmme gewannen an d’Situatioun am Noen Osten ze eskaléieren dreet, kéint dësen Appell a senger Ausso net vu gréisserer Bedeitung sinn.

Op Ufro vun der EVP-Fraktioun wäert et eng Aussprooch iwwert d’Verzerrung vun der europäescher Geschicht an d’Wichtegkeet vum Gedenken un den Zweete Weltkrich ginn. Och 75 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich soll den Debat an Zäite vum wuessenden Nationalismus, Populismus an der kritescher Situatioun am Noen Osten d’Opmierksamkeet op d’Geschicht vun der EU zéien. Et kéint ee schliisslech aus de Feeler vun der Vergaangenheet léieren.

Ungarn: Fortschrëtt am Artikel-7-Verfaren

„Eise Standpunkt a Saache Rechtsstaatlechkeet a Länner wéi Ungarn a Polen ass bekannt an huet sech keen Zentimeter verännert: Eis gemeinsam Wäerter sinn net verhandelbar. All Memberstaat, dee si mat Féiss trëtt, bedreet d’Existenz vun eiser Unioun“, sou den Europadeputéierten.

Als Member vun der CSV fënnt de Christophe Hansen et schockéierend, datt den ungaresche Premierministesch Orbán um 9. Januar d’Iddi fir eng nei chrëschtlech-demokratesch Initiativ an Ëmlaf bruecht huet. „Ech gesinn net an, wéi déi selwecht chrëschtdemokratesch Wäerter, déi d’Grënnung vun CSV an EVP inspiréiert hunn, och dozou féiere kënnen, datt ee Flüchtlinge mat Stacheldrot empfänkt a gläichzäiteg veruerteelte Gangster, wéi am Fall Gruevski, Asyl gewäert.“

Am weidere Verlaf wollt de Christophe Hansen op d’Wierder vum momentane President vun der EVP an deemolege President vum Europäesche Rot, dem Donald Tusk zitéieren a sech him uschléissend: „Wann Dir géint Rechtsstaatlechkeet an onofhängeg Justiz sidd, sidd Dir kee Chrëschtdemokrat. Wann dir déi fräi Press an d’NGO’en net leide kënnt, wa Si Friemefeindlechkeet, Homophobie, Nationalismus an Antisemitismus toleréieren, da sidd Dir kee Chrëschtdemokrat. Wann Dir de Staat an d’Natioun géint oder iwwert d’Fräiheet an d’Dignitéit vum Individuum stellt, sidd Dir kee Chrëschtdemokrat.“ (8. November 2018).

Ähnlech Sujeten Artikel 7, Christophe Hansen, EU-Parlament, Europadeputéiert, Green Deal, Plenarwoch, Stroossbuerg, Ungarn, Zweete Weltkrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel